Search

You may also like

Spuenien: Nach ëmmer Stress wéinst Polit-Rapper
Neiegkeeten

Spuenien: Nach ëmmer Stress wéinst Polit-Rapper

Wëll de Rapper Pablo Rivadulla Duro alias Pablo Hasel vun

De Gesetzesprojet 7465 fir e bessere Konsumenteschutz gouf gestëmmt
Neiegkeeten

De Gesetzesprojet 7465 fir e bessere Konsumenteschutz gouf gestëmmt

En Donneschdeg, de 14. Oktober huet d‘Regierung de Gesetzesentworf 7456

Semi-Digitale Landeskongress vun de Piraten
Neiegkeeten

Semi-Digitale Landeskongress vun de Piraten

Nach ass déi sanitär Kris net iwwerwonnen, firwat och d‘Pirate

Gëschter war Weltmännerdag!

Gëschter war Weltmännerdag!

Mee firwat gëtt et deen? Gouf deen agefouert, well dat weiblecht Geschlecht och zwee eegen Deeg huet – Mammendag a Weltfraendag? Ma nee! Dësem Dag ass säit dem Joer 2000 en Aktiounsdag, deen allkéiers den 3. November ass. Dëse soll d’Bewosstsinn vun de Männer am gesondheetleche Beräich erweideren. D’Liewenserwaardung vun engem Mann läit nämlech am Duerchschnëtt siwe Joer ënnert der Fra.

Den éischte Weltmännerdag gouf vun Androloge vun der Universitéit Wien an d‘Liewe geruff. Zesumme mat der Stad Wien, der Gorbatschow-Stëftung, Medical Connection an United Nations Office at Vienna (UNOV) gouf en dunn déi éischte Kéier gefeiert. Haut steet virun allem d’Gesondheetsvirsuerg an déi realistesch Aschätzung vun der eegener gesondheetlecher Verfassung a Risiken am Virdergrond.

Am Joer 2009 goufe folgend Ziler als Basis fir den Internationale Männerdag festgeluecht:

  • Fërdere vu männleche Virbiller; domat sinn net nëmme Filmstaren a Sportler gemengt, mee och normal Aarbechter, déi en anstännegt, éierlecht Liewe féieren;
  • de positive Beitrag vun de Männer an de Beräicher Gesellschaft, Gemeng, Famill, Kannerbetreiung an Ëmwelt feieren;
  • de Fokus op d’Männergesondheet a Wuelbefannen a physeschen a spiritueller Hisiicht setzen;
  • géint Diskriminéierung vu Männer an de Beräicher Sozialleeschtung, sozial Astellung, Erwaardungen a Recht kämpfen;
  • d’Verbessere vum Geschlechterverhältnis an d’Fërdere vun der Gläichberechtegung,
  • d’Schafe vun enger sécherer, besserer Welt an där Männer sécher sinn an hiert ganzt Potenzial erreeche kënnen.

Den Internationale Weltmännerdag ass mat der Aktioun Movember gekoppelt, enger Wueltätegkeetsveranstaltung, bei där sech d’Männer am November de Schnurres wuesse loossen, fir Spenden zugonschten der Fuerschung a Virbeugung vu Prostatakriibs (an anere gesondheetleche Problemer) ze sammelen. Säit dem Start 2003 hunn sech weltwäit ongeféier 5 Millioune Memberen op der Internetsäit movember.com registréiert. Zesumme goufen esou 485 Millioune Spende gesammelt ginn.

Also Männer – passt op Iech op a bleift gesond!

Illustratioun: © Aley Iby / unsplash

Related topics Sozialleeschtung, Sportler Wuelbefannen, Staren, Virbiller, Weltmännerdag
Next post Previous post