Search

You may also like

Lock-Down: D’Ëmwelt otemt op (Billerserie)
Neiegkeeten

Lock-Down: D’Ëmwelt otemt op (Billerserie)

Scho Mëtt Mäerz hat d’European Space Agency (ESA) matgedeelt, datt

CARE zur Syrien-Konferenz: Humanitär Hëllef onageschränkt erméiglechen!
Neiegkeeten

CARE zur Syrien-Konferenz: Humanitär Hëllef onageschränkt erméiglechen!

No iwwer néng Joer Krich befënnt sech d’Bevëlkerung a Syrien

Gréng sanéieren a renovéieren: D’Primme ginn eropgeschrauft
Neiegkeeten

Gréng sanéieren a renovéieren: D’Primme ginn eropgeschrauft

Haut de Mëtteg hunn d’Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima

Ee Gesetz géint de Voyeurismus

Ee Gesetz géint de Voyeurismus

Ee Gesetz géint de Voyeurismus

Mam Gesetzprojet 7407, deen den Deputéierte Gilles Roth (CSV) en Dënschdeg an der Chamber virgestallt huet, soll enger „Onaart“ en Enn bereet ginn. Et geet ëm de Voyeurismus, méi prezis ëm de Sougenannten „Upskirting“ – gemengt ass domadder de „Bléck ënnert de Rack“ – woubäi dat mat den neien Technologien (Smartphone o.ä.) geschitt an (ze) oft onbemierkt bleift.

Bis ewell gouf et keng Legislatioun zu dësem Thema, an och d‘Germane wéi d‘Britten hunn sech eréischt 2020 dozou ee Gesetz vergënnt. Elo ass de Voyeurismus al Solches näischt Neies, an datt kee sech wierklech grouss Gedanke gemaach huet, dierft dem Fait geschëlt sinn, datt déi meeschte Legislateure Männer sinn. Déi halen et fir „normal“ Fraen ënnert de Rack oder an de Decolleté ze kucken. Mat den neien Technologien, huet sech de Problem verschäerft an awer gouf „gewaart“.

Säit en Dënschdeg huet d‘Waarden – zumindest fir d‘Affer vun dësem ongehéierleche Mëssstand – en Enn. An (obwuel et ee Gesetzprojet vun der Oppositioun aus) gouf d‘Gesetz Eestëmmeg ugeholl. Interessant de Standpunkt vun der Justizministesch (déi gréng), déi et vir selbstverständlech hält, datt „un engem Text dee schonn um Dësch geleeën huet“ weiderschafft. Datt eis franséisch a belsch Noperen dat hunn, a wéi gesot och Däitschland a Groussbritannien nogezunn hunn, just en Detail?

Wëll et dann awer net ziilféierend ass iwwer verpasste Chancen ze schwätzen, sollt ee begréissen, datt Lëtzebuerg nach eng ganz Rëscht un aggravéierenden Ëmstänn an dësen Artikel vum penale Recht agebonnen hunn. Entgéint gewëssen Aussoen awer erhéicht et net d‘Sécherheet vun de potentiellen Affer, dofir awer kënnen se elo konsequent dergéint virgoen. Bis zu zwee Joer Prisong an/oder eng Geldstrof vu bis zu 30.000 Euro, sinn hei fir déi „onmanéierlech“ virgsinn.

Annex

Illustratioun: © Jonathan Pettrich / unsplash

Related topics CSV, Gesetzprojet 7407, Gilles Roth, Upskirting, Voyeurismus
Next post Previous post