Search

You may also like

Kee Matsproocherecht bei der Verfassung
Neiegkeeten

Kee Matsproocherecht bei der Verfassung

Eigentlech, esou war et jiddefalls nach zu Konsens-Zäiten, wollten déi

Nice… den Dag duerno
Neiegkeeten

Nice… den Dag duerno

Gëschter huet moies kuerz no 9 Auer en 21 järegen

Kontroll vum Offalltransport: 50 Verstéiss opgedeckt
Neiegkeeten

Kontroll vum Offalltransport: 50 Verstéiss opgedeckt

Bei de verstäerkte Kontrollen um vergaangenen 20. a 26. November

Den Henri Kox an d’Sam Tanson hunn de Gesetzesprojet “Fichiers” virgestallt

Den Henri Kox an d’Sam Tanson hunn de Gesetzesprojet “Fichiers” virgestallt

Den Henri Kox, Minister fir bannenzeg Sécherheet an d’Sam Tanson, Justizministesch hunn den 13. Januar 2021 de Gesetzesprojet iwwert d’Police-Dossiere presentéiert. Mat dobäi war de Marc Schiltz, Vertrieder vum Parquet an den Philippe Schranz, Generaldirekter vun der Police.

Dëse Projet gouf an enker Ofsprooch mat engem Iwwerwaachungsausschoss ausgeschafft a war Sujet vun e puer Consultatioune vum Ausschoss fir bannenzeg Sécherheet a Verdeedegung an der Justizkommissioun vun der Chamber. Zil ass et e méi e spezifesche Kader fir d’Veraarbechtung vu perséinlechen Daten a Policedateien ze bidden.

Gläichzäiteg soll d’Gläichgewiicht tëscht den Rechter vun Afferen an de Rechter vun deejéinegen fonnt ginn, déi als Verdächtege vun enger Strofdot gëllen . Zu dësem Zweck hunn sech d’Auteure vum Text net nëmmen op d’Ziler vum zentralen Dossier konzentréiert: Och goufe Reegelen an Kritären opgestallt fir d’Rechter vum Accès vu Poliziste op d’Policedossieren ze regléieren, souwéi op d’Opbewahrungsfriste fir de Bierger ze erméiglechen. Et soll liicht verständlech sinn no wéi enge Kritären a fir wéi eng Dauer hier Date gespäichert ginn.

Dofir ginn am Beräich vun der Kriminalpolice, bis op wéineg Ausnamen, d’Opbewahrungsfriste vun den Daten a Policedossieren, sou wéi déi am «Justice Chaîne Pénale» ugepasst.

D’Archivéierung vu Justizdossieren soll, no virdefinéierte Reegelen, d’Iwwerdroung op den passiven Deel vun der zentraler Policedatei duerch automatiséiert Réckmeldung ausléisen an dem Procureur an dëser Affär bestëmmten Optiounen accordéieren.

Soubal d’Gesetz a Kraaft trëtt, wäerten d’Autoritéiten eng méi staark Roll am Beräich vun de Policedossieren hunn. Anescht gesot: Si wäerte verschidden Entscheedungsbefugnisser hunn.

Schlussendlech gouf och eng strofrechtlech Sanktioun agefouert. Se ass fir dee Fall geduecht, wou Persoune mat Accès d’Date mëssbrauchen oder wann onautoriséiert Drëtter sech op persounebezunn Dateien Zougang wëlle verschafen.

Related topics Bannenzeg Sécherheet, Datebanken, Dateschutz, Fichiers, Gesetzesprojet, Henri Kox, Justizministesch, Marc Schiltz, Mëssbrauch, Philippe Schranz, Police, Sam Tanson
Next post Previous post