Search

You may also like

What the Fakt – Den Europadag 2019 a wisou mir elo fräi hunn!
Neiegkeeten

What the Fakt – Den Europadag 2019 a wisou mir elo fräi hunn!

De Grand-Duché krut een neie Feierdag bäi, an zwar um

Groussherzoglech Famill trauert ëm d‘Kathedral Notre-Dame
Neiegkeeten

Groussherzoglech Famill trauert ëm d‘Kathedral Notre-Dame

An engem Telegramm un de franséische President Emmanuel Macron, hunn

Oflauschtere vu Sproochassistenten ass der Police erlaabt
Neiegkeeten

Oflauschtere vu Sproochassistenten ass der Police erlaabt

Viru knapp engem Mount, huet den Deputéierte Sven Clement (Piratepartei)

„Gesond iessen, Méi bewegen“ – well d’Lëtzebuerger iwwergewiichteg an ze liddereg sinn?

„Gesond iessen, Méi bewegen“ – well d’Lëtzebuerger iwwergewiichteg an ze liddereg sinn?

Läscht Woch hunn d’Ministere Lydia Mutsch, Romain Schneider, Claude Meisch a Corinne Cahen den neien nationale Plang vu „Gesond iessen, Méi bewegen“ (GIMB) vun 2018 bis 2025 virgestallt.

Ziel ass et, eng gesond Ernierung, sou wéi reegelméissege Sport ze fërderen. Domat soll géint d’Fettleiwegkeet an de Beweegungsmangel an eiser Populatioun ugekämpft ginn.

D’Situatioun zu Lëtzebuerg: Häerz-Kreeslaf Erkrankungen, Iwwergewiicht a Fettleiwegkeet

Zu Lëtzebuerg, wéi och a ganz Europa, sinn Häerz-Kreeslaf Erkrankungen a Kriibs op éischter Platz vun den Doudesursaachen. Iwwergewiicht a Fettleiwegkeet, déi duerch eng ongesond Ernierung a Beweegungsmangel ausgeléist ginn, gehéieren zu den Haaptrisikofacteure vun de genannte Krankheeten a kënnen zum Groussdeel vermidde ginn.

Eist Land steet mat 15,6 % iwwergewiichtegen Erwuessenen op 17er Platz vun den europäesche Länner, an domat sti mir nach iwwert eisen Nopeschlänner. Bei de Kanner am Alter tëschent 6 an 12 Joer steet den Taux vum Iwwergewiicht bei 8,4 % an Fettleiwegkeet bei 5,4 % (aus dem Register vun de Schouldoktere, 2016/2017). Méi zur Situatioun zu Lëtzebuerg fannt dir HEI.

Méi Uebst a Geméis géifen hëllefen, e bësse Sport awer och

Am Grand-Duché bléift d’Consommatioun vun Uebst a Geméis bei der ganzer Populatioun zimlech niddreg. Just 15,2 % vun den Erwuessenen iessen all Dag op mannst 5 Portiounen Uebst an/oder Geméis. Méi wéi een Drëttel ësst guer näischt dovun. D’Kanner sinn do scho méi virbildlech mat 50 % (HBSC, 2013/2014).

A Saache Sport gesäit et net vill anescht aus. Mol net d’Halschent vun eis kënnt all Woch op 150 Minutte kierperlech Beweegung. Gutt 37 % ginn un iwwerhaapt kee Sport ze maachen. Eng Stonn kierperlech Aktivitéit ass fir 35 % vun de Kanner kee Problem.

Den nationale Plang vun 2018-2025

Fir géint de Problem vun der Fettleiwegkeet a Beweegungsmangel virzegoen huet den interministerielle Comité GIMB een néie Plang an Weeër geleet. D’Moossname vum Plang sollen ALL eis Bierger zu engem méi gesonde Liewensstil a Beweegung motivéieren.

De Plang ass op 6 Achsen opgebaut a verfollegt eng Rei Zieler déi dir HEI noliese kënnt.

All wichteg Infoe kënnen och um Internetsite nogelies gouvernement.lu ginn.

Related topics Claude Meisch, Corinne Cahen, Fettleiwegkeet, GIMB, Iwwergewiicht, Lydia Mutsch, Romain Schneider, Sport
Next post Previous post