Search

You may also like

Esou soll déi nei US-Regierung ausgesinn
Neiegkeeten

Esou soll déi nei US-Regierung ausgesinn

D‘Walen an den USA si Geschicht an a 14 Deeg

Veiner Nëssmoort 2019 – Mat Léift zur Noss!
Neiegkeeten

Veiner Nëssmoort 2019 – Mat Léift zur Noss!

Um 13. Oktober 2019 ass et nees esou wäit: den

Den Orban setzt ONGen ënner Drock. Den Ausseminister Jean Asselborn nennt en dofir en Diktator!
Neiegkeeten

Den Orban setzt ONGen ënner Drock. Den Ausseminister Jean Asselborn nennt en dofir en Diktator!

Radikal riets an en erkläerte Feind vun der Pressefräiheet, geet

GIMB: Gesond iessen, méi bewegen

GIMB: Gesond iessen, méi bewegen

Et ass dann elo scho fir déi zéngte Kéier wou de Gesondheetsministère seng Aktioun „GIMB“ (Gesond iessen, méi bewegen) am Kader vun der Schoulrentrée op de Wee bréngt. Woubäi dëst Joer den Akzent op eng reegelméisseg physesch Aktivitéit geluecht gëtt.

E ganz besonnesche Wäert gëtt hei op déi Jéngst geluecht. Si sollen zum beispill ze Fouss, mam Vëlo oder mat der Trottinett an d’Schoul goen. Dat natierlech bei voller Sécherheet. Also ass entspriechend Geld an de Grapp geholl ginn, eng Investitioun souzesoen an d’Gesondheet an d’Sécherheet gläichermoossen.

Eng Schell fir de Vëloswee

All d’Schüler aus dem Cycle 2.1 kréie vun der Gesondheetsministesch en Turnsack am gielen Neon, deen och Kazenaen huet, esou datt een d’Butzen dann och besser gesäit. De „mega“ Gadget awer, esou d’Matdeelung aus dem Gesondheetsministère, ass dëst Joer d’Schell fir op de Vëlo (et kann een déi awer bestëmmt och un der Trottinett festmaachen). E Kollektiounsobjet, well et handelt sech heibäi ëm déi ganz seele GIMB-Ausgab.

Bewegung ass awer net alles, an esou kritt dann och all Krappert eng Broschür déi hien (a seng Elteren) doriwwer informéiert wéi wäertvoll de Kaffi moies ass a wat een ënnert engem equilibréierte „Snack“ verstoe soll.

An dësem Sënn huet d’Lydia Mutsch dann och en Appell un d’Eltere geriicht: „Wann d’Ëmstänn et erlaben, gitt eng éischte Kéier mat de Kanner de Wee fir an d’Schoul. Fannt mam Kand eraus wéi e Wee dee séchersten ass, bréngt ëm bäi virsiichteg ze sinn a git gutt uecht datt een d’Kand gesäit, an deem der him hell Kleeder undot“.

Gutt iessen ass wichteg

Mat dëser Campagne, déi eis jéngst zu méi Bewegung animéiere soll, gëtt awer och op d’Noutwennegkeet vun enger gudder, gesonder Ernärung higewisen. Tatsächlech kann eng ausgeglachen Ernärung a reegelméisseg Bewegung vill Krankheete verhënneren. Fettleiwegkeet an Zockerkrank gi muss net sinn, och d’Osteoporos a Kreeslafkrankheete bis hin zu Kriibs, kann ee mat der richteger Ernärung ophalen.

Gesond Gewunnechten, déi ee sech fréi am Liewen uneegent, hält een e Liewe laang bäi

„Et ass eis wichteg déi Jonk un enger gesonder a ausgeglachen Ernärung vum jéngsten Alter un ze Interesséieren. D’Investitioun zu Gonschte vun der Gesondheet vum jéngsten Alter un, hu geséchert Auswierkungen op d’Gesondheet, an dat esouwuel kuerz- wéi laangfristeg“, betount d’Ministesch.

An et ass richteg, datt d’Kanner virwëtzeg an oppe sinn fir Neies ze probéieren. Gesond Gewunnechten, déi ee sech fréi am Liewen uneegent, hält een e Liewe laang bäi. Zudeem bréngen d’Kanner hir Erfarunge mat Heem a spillen eng gewëssen edukativ Roll géintiwwer den Elteren.

Partenariat

Verdeelt ginn d’GIMP-Säck vu verschidden Acteuren aus dem Gesondheetswiesen: de „Medico-Scolaire“, d’Ligue médico sociale an d’Gemenge wëllen sech esou als Referent fir d’Gesondheet bekannt maachen.

Och de Lien mat den Enseignante soll esou gestäerkt ginn a méiglech Kollaboratiounen op de Wee bréngen. Hei spillt och de Programm „Fruits4school“ – dee vun der EU finanzéiert a vum Landwirtschaftsministère koordinéiert gëtt – eng grouss Roll. Iwwer 90.000 Schüler profitéieren esou vun enger reegelméisseger gratis Uebstverdeelung.

De Projet GIMB ass 2006 tëscht dem Gesondheets-, Bildungs-, Familljen- a Sportsministére offizialiséiert ginn. Fir méi Informatiounen zum nationale Programm „Gesond iessen, méi bewegen“ kann een op d’Säit www.sante.lu goen oder och direkt via Mail Kontakt ophuelen: gimb@sante.public.lu.

mam SIP

Related topics Bewegung, Gesondheet, Gesondheetsministère, Lydia Mutsch
Next post Previous post