Search

You may also like

Eng noutwenneg Inkoherenz (Kommentar)
Uncategorized

Eng noutwenneg Inkoherenz (Kommentar)

Zanter enger Rei Wochen zéien d‘Infektiounszuelen uechter Europa nees zolidd

money
ArcelorMittal dierf de Standuert Diddeleng u Liberty House oftrieden
Uncategorized

ArcelorMittal dierf de Standuert Diddeleng u Liberty House oftrieden

Nodeems zu Bréissel d‘EU-Kommissioun seng „Enquête“ zum Verkaf vun enger

Gesondheetskeess: Méi no beim Bierger?

Gesondheetskeess: Méi no beim Bierger?

D‘Verwaltung zu Lëtzebuerg huet net de beschte Ruff. An awer ass ee beméit et dem Bierger méi einfach, méi bequem ze maachen. Esou huet „myguichet.lu“ dann um Méindeg nei online-Déngschtleeschtunge vun der Gesondheetskeess virgestallt.

Et war och zwéngend noutwenneg endlech Remedur ze schafen an endlech den administrative Volet digital besser ze gestalten. Zur Erënnerung: 2016 sinn op der Gesondheetskeess ronn 2,7 Milliounen Demandë fir e Remboursement agaangen. Alles mat der Post.

Wëll dat net méi zäitgeméiss ass, ëmmerhin si mer am 21 Joerhonnert ukomm, huet de Minister fir Sozialversécherung déi nei online-Servicer vun der Gesondheetskeess virgestallt. Et soll méi einfach ginn, et soll net méi esou laang daueren.

An alles dat sollen déi nei Funktionalitéite kënnen. De Romain Schneider schéngt dann och iwwerzeegt, datt déi „Assuréiert“ mat der Vereinfachung an engem méi liichten Zougang zu der Administratioun, esouwuel méi zefridde sollte sinn, wéi och nees méi Vertrauen an d‘Institutioun kritt.

Online statt gedëlleg

Wéi de Minister et virgestallt huet, kann den Assuréierten elo méi Demarchen online maachen. Operatiounen déi an der Zäit nach vill Gedold vum Bierger verlaangt hunn, sollen elo méi schnell erleedegt ginn.

Eng vun de wichtegste fir d‘Leit, wier d‘offroe vun de Remboursementer, ouni mussen op de Bréif vun der Gesondheetskeess ze waarden. Gäre kucken d‘Leit anscheinend och no hire perséinlechen Donnéeën, wëllen deels den Detail zu engem Remboursement, Donnéeën änneren an nach villes méi.

Dat ganzt via myguichet.lu an do fret sech net nëmmen de Minister. Nee och den Direkter vum CTIE (Staatlechen Zenter fir Informatiounstechnologien) Gilles Feith ass mat sech ganz zefridden. Elo kann den Assuréierten (also ee vun de ronn 800.000) seng administrativ Demarchë ronderëm d‘Auer an iwwerall op der Welt erleedegen.

Schnell a sécher

Dat ganzt soll dann och fir den Assuréierte schnell a sécher sinn. „Dokumenter kritt een nëmmen a sengem gesécherte Beräich“ behaapt de Gilles Feith, deen och nach ee weideren Avantage ernimmt. D‘Späichere vun den iwwermëttelten Dokumenter wier einfach, de Client brauch d‘Pabeierversioun vu senger Keess net méi, well d‘Dokument zu jidderzäit an iwwerall gelies an ausgedréckt ka ginn.

Elo verhält et sech natierlech esou, datt et engersäits nach ganz vill Leit gëtt, déi mat der neier Technologie iwwerfuerdert sinn, an déi wou der Saach net trauen. Deene sief gesot, datt alles och nach iwwert den „ale“ Wee ofgewéckelt ka ginn.

Fir déi wou kee Bezuch zu Internet a Computer hunn, huet den Direkter vum CTIE keng direkt Léisung. Deenen, déi fäerte via Internet beduckst ze ginn, verséchert de Gilles Feith, datt mëttels engem Produkt vu LuxTrust oder enger elektronescher „Carte d‘Identité“, eng héich Sécherheet bei der Verbindung séchergestallt wier.

Gewuer gi, wie meng Date checkt

Flott un der Geschicht, wann se dann esou stëmmt, ass datt jidderee gesäit wie wat kuckt odre gekuckt huet. D‘Gesondheetskeess erkennt ganz kloer dee wou sech aloggt. Eng Authentifikatioun déi noutwenneg ass fir sech den Detail vum Remboursement op myguichet.lu unzekucken.

Dofir muss den Assuréierten den neie Service „eDelivery“ an sengem Kont aktivéieren. Duerno sollt een eng Notifikatioun via e-Mail erhalen, déi engem matdeelt, datt dat oder déi gefuerdert Dokumenter am gesécherte Beräich vu myguichet.lu hannerluecht sinn. Déi sinn dann och ëmmer am PDF-Format erstallt.

En Service deen als Transparent, also „éierlech“ well verstane ginn. Esou soll och den Assuréierte kënne gesi wéi eng Administratioun zu wéi engem Zäitpunkt seng Donnéeën agesinn huet. Eng Informatioun déi awer nëmmen esouvill wäert ass, wéi d‘Vertrauen de Leit an de System. Wéi och ëmmer, alles mécht mat: d‘CMFEC, d‘CMFEP ass schonn derbäi an och EMCFL soll sech uschléissen.

Related topics CTIE, Gesondheetskeess, Gilles Feith, myguichetm, Romain Schneider
Next post Previous post