Search

You may also like

Dem Péckvillche säi Pop-up Store
Neiegkeeten

Dem Péckvillche säi Pop-up Store

Wann de Coronavirus villes zu Onwee bréngt, an esou munch

Brasilien: Éischt Massaker an de Favelaen?
Neiegkeeten

Brasilien: Éischt Massaker an de Favelaen?

De Jair Bolsonaro, Diktaturnostalgiker an erkläerte Faschist, hat während senger

Elo leet sech d‘Wëssenschaft mat der Politik un
Neiegkeeten

Elo leet sech d‘Wëssenschaft mat der Politik un

Well (aus Grënn) den drëtten Deel vum Weltklimabericht eréischt am

Et kléngt nëmmen no Widderstand

Sëtzung vun der Gesondheetskommissioun deit op eng ugespaante Plenière hin

Et kléngt nëmmen no Widderstand

Mam Gesetzprojet 7738 an den doranner enthalenen „Verschäerfunge“ wéi vum Regierungsduo Bettel/Lenert um Méindeg annoncéiert, huet sech gëschter d‘Gesondheetskommissioun vun der Chamber beschäftegt, an et muss eng interessant Sëtzung gewiescht sinn. Zumindest hu sech déi bedeelegt Volleksvertrieder an iwwer dräi Stonne vill ze ziele gehat.

Elo muss awer emol aleedend kloergestallt ginn, datt dat allermeescht, wat sech esou am Gesetz vum 17. Juli 2020 wäert änneren, och méi generell vun der Oppositioun gestäipt gëtt. Et ass jo net, well ee Gesetz onverständlech, inkoherent a voll Widderspréch stécht, datt et net awer seng gutt Säite géif enthalen. Den Dissens spillt sech esou och Haaptsächlech bei der Ausgangsspär of.

Gesondheetskommissioun

Fir de charismatesch-liberalen DP-Fraktiounschef Gilles Baum, ass dat éischt Argument de Bléck op d‘Noperen an aner EU-Länner. Do hätt sech jo gewisen, datt Ausgangsspären ziilféierend sinn. Leider ass och dat beschtefalls just eng Ausso déi am Raum steet, well selbstverständlech kann de Gilles Baum, weder Zuelen, nach novollzéibar a wëssenschaftlech fundéiert Beweiser virleeën.

Mee dat ass jo eigentlech och net seng Missioun. Déi besteet doranner d‘Koalitiounspolitik an der Chamber, a folgerichteg och an der Gesondheetskommissioun duerchzesetzen an d‘Wuertmeldunge vun der Oppositioun méiglechst zügeg mee bestëmmt ze diskreditéieren. Et ass also Fakt, datt seng Ausso: „et huet an aner Länner Wierkung gewisen“, sech op Trump-Tweet Niveau beweegt.

Et brauch fundéiert Argumenter

Dat dierft d‘CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen änlech gesinn, wann och rhetoresch a liicht ofgeschwächter Form. An der CSV ass ee jo generell éischter „fir Mesuren“ an et ass wuel net ze beweisen, datt wa si d‘Regierung géife stellen, et tatsächlech besser oder anescht géif goen. Fir den Ament awer, géif d‘CSV gäre vun der Gesondheetsministesch wëssen, wou d‘Argumenter sinn.

Esou huet den CSV Deputéierte Claude Wiseler avancéiert, datt eng Spärstonn gerechtfäerdegt war, wéi den Horesca-Secteur nach operationell war. Fir den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser wëll nach gutt halen, datt de Staat Mesure fir den ëffentleche Raum ergräift, wat jo bei der Ausgangsspär zoutreffend wier, een et allerdéngs och net iwwerdreiwe sollt. 21 Auer ass mat der ADR net dran.

Gesondheetskommissioun

De Sven Clement (Piratepartei) ass och net iwwerzeegt, ob eng op 21 virgezunne Spärstonn elo dee vun der Ministesch erhofften Effet huet, oder sech hannert dëse Verschäerfung net nach aner Grënn verstoppen. Jiddefalls ouni fundéiert Argumenter, ass dës Mesure esou nëmmen eng Beschneidung vun de Grondrechter. Dat gesäit de Marc Baum (déi lénk) och esou. Mee ass dann alles schlecht?

Et gëtt ee puer Knippercher

Nee alles am Gesetz ass net schlecht, dat meescht just onverständlech an inkoherent. Bei der CSV begréisst een esou, datt deen iwwert eng Motioun gefuerderten Alkoholkonsumverbuet am ëffentleche Raum vun der Regierung opgegraff an am Gesetz ëmgesat gouf. Datt d‘Regierung dat méiglecherweis ugeholl huet, fir ee breede Konsens, also Zoustëmmung ze fannen, sief dohigestallt.

Gesondheetskommissioun

An och hei trëfft de Sven Clement den Nol nees matten op de Kapp a bemierkt just, datt dës Mesure net nëmmen aller Argumentatioun entbieren, mee wa se da sollten eppes bewierken, vill ze spéit geholl goufen. Problemer hunn d‘Vertrieder vun der Oppositioun och mam „Passage“ an deem Staatsbeamten an/oder Salariéeë Mënsche sollen denunzéieren, wou sech net un d‘Mesuren halen.

A well et ënner esou Ëmstänn kee Konsens ka ginn, an d‘Majoritéit drop beduecht ass, d‘Regierung bei der ëffentlecher Sëtzung net an d‘Messer lafen ze loossen, soll et dann elo de Moien nach emol eng Gespréichsronn an der Gesondheetskommissioun ginn. Ofgestëmmt gëtt awer egal wéi en Donneschdeg an et besteet net de geréngsten Zweiwel dorunner datt d‘Koalitioun d‘Gesetz unhëlt.

Illustratioun: © Jonathan Cooper / unsplash

Related topics Ausgangsspär, Covid19-Gesetz, Gesetzprojet 7738, Gesondheetskommissioun, Restriktiounen
Next post Previous post