Search

You may also like

Katalounien: Eng Paus fir d‘Onofhängegkeet
International Neiegkeeten

Katalounien: Eng Paus fir d‘Onofhängegkeet

„D‘Onofhängegkeet? Suspendéiert!“: dat waren d‘Wieder déi um Dënschdegowend e bëssen

money
Juristesch Néierlag fir d‘EZB
International Neiegkeeten

Juristesch Néierlag fir d‘EZB

Zu Karlsruhe huet dat däitscht Bundesverfassungsgeriicht gëschter en Urteel geschwat,

De Serge Tonnar als Iwwersetzer – Liesung mat Gespréich a Musek.
International Neiegkeeten

De Serge Tonnar als Iwwersetzer – Liesung mat Gespréich a Musek.

Am Joer 2019 huet de Serge Tonnar gläich 3 Wierker

Gesondheetsministère: Noutwenneg Impfung géint Riedelen!

Gesondheetsministère: Noutwenneg Impfung géint Riedelen!

D’Direktioun vun der Santé appelléiert un d’Populatioun fir d’Impfung géint déi staark ustiechend Infektiounskrankheet vun de Riedelen, falls noutwenneg, ze aktualiséieren. No der Informatioun vu franséischen Autoritéite soll d’Epidemie zu Val Thorens an der Savoie ausgebrach sinn.

De Riedelvirus ass immens ustiechend. Charakteristike vun der Krankheet sinn eng Entzündung vun der Nueseschläimhaut, Bindehautentzündung, Houscht a Féiwer. Bei verschiddene Persoune kënne schwéier Komplikatiounen optrieden, déi souguer Spéitfollegen kënnen hunn. Am schlëmmste Fall end d’Krankheet mam Dout. Virun allem bei Kanner, déi manner wéi ee Joer al sinn a jonken Erwuessenen iwwert 20 Joer trëtt de Virus mat eeschte Komplikatiounen op. Am vergaangene Joer konnten 82.000 Fäll an Europa bestätegt ginn, dovu sinn 36 Persoune gestuerwen. D0Impfung ass déi effizientst Method fir sech géint d’Krankheet ze schützen.

Zu Val Thorens konnte ganzer 50 Fäll vun de Riedele festgestallt ginn, woubäi virun allem jonk Erwuessener, déi bei der Wantersportstatioun schaffen, betraff sinn. Och d’Autoritéiten aus Schottland, Dänemark an der Belsch hunn Krankheetsfäll confirméiert.

D’Skigebitt vu Val Thorens ass gutt besicht an zielt immens vill auslännesch Visiteuren, dovun och zuelräich Lëtzebuergesch Bierger. Esou ass ze vermudden, datt de Riedelvirus an de kommende Wochen och an aner Länner ausbrieche wäert, doduerch, datt en vun den Touriste matgeholl gëtt.

An dëser besonnescher Situatioun réit de Gesondheetsministère dozou, d’Impfungen aktuell ze halen. De Conseil vun den Infektiounskrankheete schléit hei beispillsweis fir Kanner ënnert 12 Méint 2 Dose vun der Impfung vir, kombinéiert mam Wierkstoff géint Mumps a Riselen (ROR). Fir Erwuessener, déi no 1980 gebuer sinn an dës 2 Impfdosen net kritt hunn, gëtt eng nei Impfung vu ROR recommandéiert. Fir all Persoun, déi mam Fall vu Riedelen a Kontakt war, ka just eng Impfung an den éischten 72 Stonnen nom éischte Kontakt d’Ausbrieche vun der Krankheet verhënneren.

Sollt een mam Virus infizéiert sinn ass et obligatoresch sech ze mellen. Weider Informatiounen zu de Riedele kritt een ënnert der Telefonsnummer 247 85 65 0 ( Division de l’inspection sanitaire de la Direction de la santé). Bei Froen zur Impfung sollt een de Site sante.public.lu besichen.

Related topics Gesondheetsministère, Impfung, Infektiounskrankheet, Riedelen, ustiechend, Val Thorens, Virus
Next post Previous post