Search

You may also like

Konscht déi Mënschen zesummebréngt
International Neiegkeeten

Konscht déi Mënschen zesummebréngt

Wann d‘Liewen aus villen Iwwerraschunge besteet, esou huet et därer

De System vun de Petitioune moderniséieren
International Neiegkeeten

De System vun de Petitioune moderniséieren

Et ass en demokratescht Instrument dat sech grousse Beléiftheet erfreet:

Kee soziale Getto op der Schanz!
International Neiegkeeten

Kee soziale Getto op der Schanz!

Lëtzebuerg stécht esou déif an enger Logementskris, datt esouguer wann

Gesondheetspass, Impfflicht an aner Fräiheeten

Am Frankräich war um Samschdeg nees eng weider lass, well net all Fransous op Regierungslinn ass…

Gesondheetspass, Impfflicht an aner Fräiheeten

Wéi vill Leit sech gëschter nees am Frankräich den Demonstratioune géint d‘Aféierung vun engem Gesondheetspass an déi (sektoriell) Impfflicht ugeschloss hunn, hänkt eppes dovunner of, wéi enge Chifferen e gewëllt ass zouzestëmmen. Den Inneministère mellt eng 237.000 Leit op de Stroossen, déi verschidden „Organisateure“ verduebelen hirersäits dës Zuelen. Et huet och nees gerabbelt…


Vill Mënschen an der Savoie (hei zu Chambery) hu sech dem Protest géint d‘beschneide vun de Grondrechter ugeschloss © Viviane Rault

Et ass de véierte Weekend a Folleg, wou am Frankräich demonstréiert gëtt, awer den éischte wou sech d‘Vollek gehéier verschaffe konnt. Esouguer d‘Regierung huet missen notéieren, datt nodeems en Donneschdeg de Verfassungsrot sech fir d‘Impfflicht am Gesondheetssecteur an den kritiséierte Gesondheetspass ausgeschwat huet, de Mouvement richteg Zoulaf erhalen huet. Ginn se drop an?

Mat der neier Legislatioun, brauch ab muer Méindeg den 9. August, dëse Gesondheetspass fir den Horesca-Secteur, den Transportsecteur (Fliger, Laangstrecke-Busser an -Zich). Bis heihinner war et just verflichtend fir de Besuch vu kulturelle Veranstaltungen, Kinoen a Fräizäitparken. Doranner erkennen d‘Organisateure vun de Manifestatiounen eng Aschränkung vun de perséinleche Rechter.

Mat der Aféierung vun der Impfflicht fir de Gesondheetssecteur, esou gesinn et vill Demonstranten, ginn d‘Jalone fir eng allgemeng Impfflicht geluecht. Dës trëtt de 15. September a Kraaft, an ab da kënnen ongeimpft Mataarbechter „suspendéiert“ ginn, a kréien dann och kee Gehalt. Entloossunge ware wuel virgesinn, d‘Aarbechtsrecht gëtt dat am Frankräich net hir, et war déi eenzeg Optioun.

Och längst geimpfter protestéieren

Interessant ass an dësem Kontext, datt et sech bei den Demonstratioune vu Gëschter net nëmmen ëm dee gréisste Mouvement handelt (+ 40.000 géintiwwer dem leschte Weekend, an dat sinn déi „berengegt“ Zuele vum Inneministère) mee sech och ëmmer wéi Leit uschléissen, déi längst voll geimpft sinn. Si „lafe mat“ well hei d‘Grondrechter bedreet gesinn a géint Zwangsimpfunge sinn.

Gesondheetspassd‘Pompjeeë vum SDIS13 (Marseille) denoncéieren déi berufflech Sanktiounen © Amaury Baqué

Et soll jo scho muer zum Streik beim Gesondheetspersonal an de Rettungsdéngschter (Pompjeeë) kommen. Impfgéigner hunn hirersäits zum Boykott vum Horesca-Secteur opgeruff. Et dierf een awer feststellen, datt mat eppes méi „Flexibilitéit“ an deels och Ureizer, d‘Impfcampagne schonn ukënnt. Ronn d‘Hallschent vun der Bevëlkerung ass vollstänneg geimpft, den Accès vill besser.

Datt d‘Ukënnegung vun der Aféierung vum Gesondheetspass um 12. Juli dann awer, esou behaapt et d‘Regierung, soll 7 Millioune Bierger zur Impfung motivéiert ze hunn… Wéi och ëmmer, et ass jiddefalls ersiichtlech, dat net alles wat sech d‘Regierung wënscht kann an Erfëllung goen an esou gëtt dann och schonn eppes Zréckgeruddert. Sécher, déi Haaptpunkte bleiwen, mat Korrekturen…

GesondheetspassEt ass alles politesch. De Kandidat vun der UPR fir d‘Presidentewal 2022, François Asselineau, ass fir den Debat iwwert de Vaccin awer géint de Gesondheetspass. © UPR

Esou gouf sech elo drop gëeenegt datt Negativ-Tester statt 48 dann 72 Stonne gülteg sinn, nieft den Antigen- a Schnelltester och Selbsttester (ënner medezinescher Opsiicht) unerkannt ginn. Dofir sollen se dann ab der Rentrée Geld kaschten. Aktuell huet eng 21.000 Neiinfektiounen den Dag, de Süde vum Land gouf nees als Covid19-Héichrisikogebitt agestuuft. Ass et schonn déi véiert Well?

mat indymedia/par

Foto: Zu Marseille stoungen d‘Beruffspompjeeën an der éischter Rei, fir sech géint deen ominéise „Pass Sanitaire“ (Gesondheetspass) opzestellen. Déi meescht vun hinne sinn allerdéngs geimpft. © JL Mélenchon/LFI

Related topics Covid19, Frankräich, Gesondheetspass. Impfflicht, Impfstrategie, Protest, Streik
Next post Previous post