Search

You may also like

UN-Weltklimabericht: Weltmierer kuerz virum iwwerlafen!
International Neiegkeeten Stories

UN-Weltklimabericht: Weltmierer kuerz virum iwwerlafen!

Bei geneeër Betruechtung vun den Zuelen déi d‘UN elo virgeluecht

Orkan Maria stëft Onrou an der Karibik
International Neiegkeeten Stories

Orkan Maria stëft Onrou an der Karibik

Déi amerikanesch Virgin Islands an eng ganz Rei weider Territoiren

Rethink your Clothes: Fir en nohaltegen an etheschen Textilsecteur zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten Stories

Rethink your Clothes: Fir en nohaltegen an etheschen Textilsecteur zu Lëtzebuerg

Den Zesummebroch vun der Rhana Plana zu Bangladesch am Joer

G20-Gesondheetssommet fir d‘Pharmaindustrie

Well een net kann op de Patentschutz verzichten an et och aner Grënn huet, muss d‘Illusioun, datt ee sech äermere Länner unhëlt, oprecht erhale ginn

G20-Gesondheetssommet fir d‘Pharmaindustrie

An der Ofschlosserklärung vum G20-Gesondheetssommet zu Roum, hunn sech d‘Memberlänner op eng verstäerkten Zesummenaarbecht an alle Beräicher vun der Gesondheetsversuergung gëeenegt. Et wëll an Zukunft besser géint global sanitär Krisen opgestallt sinn. Déi aarm Länner sollen dobäi mat an d‘Boot geholl ginn… schliisslech brauch et der och, déi bereet sinn ze rudderen.

D‘Covid19-Pandemie, déi an de G20-Natiounen dank Geld an enger exemplarescher Solidaritéit ënner Kontroll ass, betrëfft natierlech déi akommesschwaach Natioune besonnesch haart, firwat si elo ee besseren Zougang zu de Vaccinen erméiglecht kréien. Aus dësem Grond waren d‘Vertrieder vun de grousse Pharmakonzerner ageluede ginn. An déi haten angeblech och Proposen am Gepäck.

G20-Gesondheetssommet

Esou sollen sech Pfizer/Biontech, Moderna an Johnson & Johnson bereet erkläert hunn, deene vun de G20 auserwielte Länner, nach 2021 bis zu 1,3 Milliarden Impfdosen zum „Virzuchspräis“ ze liwweren. 2022 sollen nach emol bis zu enger Milliard Dosen nogeschoss ginn. Lancéiert gëtt dëse „Programm“ schonn am laf vum drëtte Quartal. Et solle just d‘Hierstellungskäschten ufalen…

Dat kléngt akustesch gutt, um Pabeier ass et dann awer nees eng eppes aner Saach. Woubäi een elo Konzerner, déi jo eng grouss Verantwortung géintiwwer hire Gesellschafter an Aktionären hunn, net sollt dofir veruerteelen, datt si immens héich Produktiounskäschten hunn. Fir Entwécklungslänner, ass dann och nach ee grousse Rabatt op den eigentleche Verkafspräis, an Aussicht gestallt ginn.

Pandemie kommen a ginn

Fir de Goldman-Sachs Gesondheetsexpert a Ministerpresident vun Italien, Mario Draghi, ass et wichteg sech haut schonn op déi nächst Pandemie anzestellen. Aus dësem Grond misst et elo eis Prioritéit sinn, déi aktuell sanitär Kris ze iwwerwannen. Dat „räicht“ Land Italien (Roum kritt jo Milliarde Covid19-Hëllef) huet de Virsëtz vum G20, an iwwerraschenderweis eng Regierung

Pandemien, esou de sympathesche Vertrieder a Lobbyist vun der Finanzindustrie, schuede massiv der Produktivitéit, wat zu wirtschaftleche Verwerfunge féiert an déi wuelhabend Natioune vu senge Ressource ofschneit. Aus dësem wierklech verständlecher Grond betount de Mario Draghi: „Mir mussen impfen, an zwar séier“. Hien och eng zimmlech däitlech Virstellung, wéi dat soll goen.

G20-Gesondheetssommet© EU – 2021

Déi räich Länner entscheede wien engersäits aarm genuch a gläichzäiteg kooperatiounsbereet ass, a garantéieren de Finanzement vun de Liwwerungen, géint entspriechend Géigeleeschtungen. Raiber a Länner déi sech net u Mënscherechter halen, dofir awer hir Ressource net selwer notzen, mee déi auslännesche Konzerner zur Verfügung stellen, sollen – allerdéngs net offiziell – bevirzucht ginn.

Och d‘EU-Kommissioun well sech gutt positionéieren. Si versprécht dem WHO-Impfprogramm „Covax“, den Entwécklungs- a Schwellelänner bis Enn 2021 eng honnert Milliounen Impfdosen, ënnert de selwechte Kritären – ze spenden. 30 Milliounen Dosen dovunner well eleng Däitschland an de Spendekuerf leeën. Déi solle Virzuchsweis un Entwécklungslänner goen, esou d‘Kanzlerin.

En europäesche Pandemie-Vertrag

D‘Angela Merkel – déi am Hierscht no 16 Joer un der Muecht an d‘Pensioun geet – wëll sech ee propperen Ofgang sécheren, fir net nëmmen als „d‘Fra mat der Raut“ an d‘Geschicht anzegoen. Si huet um G20-Gesondheetssommet erkläert, datt an Europa aktuell un engem „Pandemie-Vertrag“ geschafft gëtt. Mat dësem sollen d‘Länner an d‘Organisatioune besser op esou Krisen agestallt ginn.

Interessanterweis, an et gëtt gemunkelt, datt déi nei aussepolitesch Richtung déi d‘USA säit dem Regimewiessel ageschloen hunn, do matgespillt huet, wëll Däitschland d‘Roll vun der WHO – déi jo vu China an dem Bill Gates beaflosst gëtt – stäerken. Ob dat, wann een decidéiert huet de WHO-Impfpass quasi aus der Equatioun ze huelen, soll kredibel sinn? Mee esou geet Realpolitik haut.

G20-Gesondheetssommet© EU – 2021

Interessant dann d‘Fuerderung, datt d‘Pharmakonzerner an den aarme Länner solle produzéieren. Elo kann een dëse Konzerner esou eng grouss finanziell Belaaschtung net ofverlaangen, déi hu jo Verantwortung anere géinteniwwer, firwat dann d‘EU dësen eng Milliard Euro fir d‘Konstruktioun vu Produktiounsanlagen an dësen aarme Länner versprécht. Fräiwëlleg wëllen déi jo net goen…

Dobäi géif et sech warscheinlech rentéieren: 99% vun den Impfstoffer mussen um afrikanesche Kontinent importéiert ginn. De Problem: d‘Politik ass duerchgoend korrupt, well dat esou vun den Europäer instauréiert gouf; den islameschen Terror, wéi och d‘Banditte kaschten d‘EU Milliarden. D‘Ursula von der Leyen, huet sech dofir op wirtschaftlech profitabel Léisungsvirschléi agelooss.

Eng Saach vum richtegen Equiliber

Esou wéi d‘EU-Kommissiounspresidentin et, an der fir deiert Geld akaafte Berodung, agetriichtert kritt huet, misst een elo Standuerter auswielen, déi sech als Produktiouns- a Verdeelerzentrum um afrikanesche Kontinent eegenen. Si sollten an engem stabille politeschen Ëmfeld an ënnert der Kontroll vun der EU opgeriicht ginn. Ugaben zu méigleche Standuerter goufe keng gemaach.

Dat ass net nëmmen der allgemenger Konfliktsituatioun an dem raiberesche Beholl vun den EU-subventionéierte Konzerner geschëlt, mee huet en direkten Zesummenhang mam Manktem u qualifizéiertem Personal. Et kéint wuel, esou et d‘Chinese maachen, Schoulen an Infrastrukture bauen, déi de Bildungsniveau géifen héijen, mee genee dat gouf ëmmer ganz bewosst verhënnert.

„Wieren d‘Afrikaner gescheit, géifen se eis net hir Ressourcen iwwerloossen, a kéinten sech längst industriell am Interessi vun den eegene Bierger entwéckelt hunn“, sot dozou ee Lëtzebuerger Ingenieur deen an de 70er Joer am Katanga (Kongo) Kautschuk ofgebaut huet, iert de Krich sech an de Plantage breet gemaach huet. D‘Zil vun der EU ass dann och net d‘Entwécklungshëllef per se.

Ausser dem grousse Geld an wéi een et esou ustelle kann, de Pharmakonzerner – déi jo géintiwwer Politiker wesentlech méi spendabel si wéi afrikanesch Staats- a Regierungscheffen – de maximale Profit ze garantéieren, ouni datt sech de guttgestallten EU-Bierger dru stéisst, soll sech um Sommet drop verstännegt gi sinn, sech zukünfteg net méi vu Pandemien iwwerraschen ze loossen…

mat indymedia/rom

Foto: © EU – 2021

Annex:

Related topics Aarmutslänner, Ausbeutung, Entwécklungslänner, G20-Gesondheetssommet, G20-Sommet, Mario Draghi, Pandemie, Patentschutz, Roum, Schwellelänner, Ursula von der Leyen
Next post Previous post