Search

You may also like

Awëllegung zu Geschlechtsverkéier vun engem 11 järege Meedchen am Debat virun der Justiz
Neiegkeeten

Awëllegung zu Geschlechtsverkéier vun engem 11 järege Meedchen am Debat virun der Justiz

Kann en 11 järegt Meedchen aus fräie Stécker seng Awëllegung

Wéi gutt kenns du Veianen?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Veianen?

[onionbuzz quiz-id=45][/onionbuzz] Et gëtt kaum eng Stad am Land, déi

Nei Direkteren fir d’Verwaltung vun de Bâtiments Publics an de Fonds Belval
Neiegkeeten

Nei Direkteren fir d’Verwaltung vun de Bâtiments Publics an de Fonds Belval

Zënter dem 1. Mäerz 2021 ass de Luc Dhamen den

Mir maachen eise Gesondheetssystem nees fit

Mir maachen eise Gesondheetssystem nees fit

D‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert an de Sozialminister Romain Schneider si wuel der Usiicht, datt eise Gesondheetssystem ee vun de beschten op der Welt ass, mee et elo un der Zäit wier dësen ze entstëbsen an op déi zukünfteg Erausfuerderungen auszeriichten.

Wichteg ass béide Regierungsmemberen, datt all Entscheedungen am Konsens geholl ginn. Ob dat mam Konsens wiertlech ze verstoen ass? Wuel éischter net, mee et gëtt héich Zäit datt sech eppes deet, an dat ass net eréischt zanter der Covid19-Pandemie gewosst, méiglecherweis awer endlech jidderengem opgefall. A wann een d‘Ae virun de Realitéiten net méi verschléisse ka muss eppes geschéien. D‘Paulette Lenert an de Romain Schneider hunn da gëschter de leschte Stand virgestallt.

Et ass ëm déi vun den dräi éischten Aarbechtsgruppen ausgeschaffte Reflexiounen an den erziilte Fortschrëtter gaangen. Insgesamt gëtt et sechs Aarbechtsgruppen, déi sech am Kontext vum „Gesondheetsdësch“ mat der Moderniséierung vun eisem Gesondheetssystem ausenanersetzen. A wann déi dann alleguerten hir Missioun erfëllt hunn, also hir Conclusioune virleien, kann et och zu den Assise kommen, déi d‘Réckgrat vum zukünftegen nationalen Aktiounsplang duerstellen.

Interessant dann am aktuelle Kontext, datt sech d‘Ambitioun gi gëtt, beim Ofschloss vun dësem „Gesondheetsdësch“ eng gedeelte Visioun vum Gesondheetssystem mat den Acteuren um Terrain an der Hand ze halen. Béid Minister hunn déi verschidde Rapporte Revue passéiere gelooss. Aus dëse geet ervir, datt et zu enger verbesserter Complementaritéit tëscht dem Spidolssecteur an dem ausserspidolesche Secteur komme muss. Et soll zudeem méi op ambulant Agrëff gesat ginn.

Digitaliséieren ass Tromp

En aneren Aarbechtsgrupp, huet sech domadder beschäftegt Pisten ze fannen, fir d‘Bezéiung vu „geschützte Persounen“ mat den „Déngschtleeschter“ ze verbesseren. Esou soll d‘Kommunikatioun mam Patient vereinfacht ginn. Als weider Chantiere gi genannt: déi administrativ Vereinfachung, d‘Aféierung vum Tiers Payant an och de Guichet unique. Et soll ee Fonds geschafe ginn, mat deem „medezinesch Accidenter“ sollen entschiedegt ginn. An, esouwäit méiglech, soll digitaliséiert ginn.

Dat alles kléngt gutt, ass awer alles näischt, wann et weder Dokteren nach Fleegepersonal huet. An do huet Lëtzebuerg et – änlech wéi dat am Logement de Fall ass – déi lescht 40 Joer vergoe gelooss an sech geduecht „de Maart reegelt dat“. An esou huet sech dann och en Aarbechtsgrupp mat der Penurie – besonnesch bei den Dokteren – vun Aktiven am Secteur ausenanergesat. Och hei gëtt aus verständleche Grënn op d‘Digitaliséierung gesat, mee och d‘Zesummenaarbecht soll gefërdert ginn.

Dëse „medezinesche“ Grupp huet net nëmmen Iddie virgeluecht mee och zolidd Revendicatiounen hannerlooss. Esou d‘Reform vun de beruffleche Representatiounen, wéi de Medezinesche Kolléisch an den Ieweschte Rot vu gewësse Gesondheetsberuffer. Et bréicht zudeem méi zouverlässeg Daten zu den tatsächleche Besoinen an och d‘Universitéit sollt eng medezinesch Fakultéit zougestane kréien. Doriwwer eraus muss d‘Attraktivitéit vum Land fir Medeziner däitlech besser ginn.

Illustratioun: © National Cancer Center / unsplash

Related topics Gesondheetsdësch, Gesondheetssystem, Nationalen Aktiounsplang, Paulette Lenert, Romain Schneider
Next post Previous post