Search

You may also like

money
Neit Geld fir de Sultan vun Ankara
Fail International Neiegkeeten

Neit Geld fir de Sultan vun Ankara

Mat engem clevere Schachzuch, huet sech e Freideg den tierkesche

Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis 2021
Fail International Neiegkeeten

Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis 2021

Nodeems de Lëtzebuerger Filmpräis 2020 opgrond vun der Pandemie ofgesot

Dem Matteo Salvini seng kleng Victoire
Fail International Neiegkeeten

Dem Matteo Salvini seng kleng Victoire

D‘Crew vun der „Alan Kurdi“ – vun der däitscher ONG

dislike

Washington stellt sech tëscht d‘Gespréichsbereetschaft vu Nord- a Südkorea

Washington stellt sech tëscht d‘Gespréichsbereetschaft vu Nord- a Südkorea

Nodeems ze héiere war, datt Nord- a Südkorea bereet wieren sech zu engem Gespréich wëllen zesummenzesëtzen, huet sech Washington agemëscht. Laut dem Wäissen Haus kéint et keng Gespréicher ginn, wann déi net den „Atomprogramm“ géife behandelen.

A wëll de Locataire aus dem Wäissen Haus och ëmmer fir eng lëschteg „Bemierkung“ via Twitter ze kréien ass, huet dësen nach eng drop geluecht. Esou ass d‘Welt da gewuer ginn, datt den Donald Trump méi en „décken“ rouden „Atomknäppchen“ huet wéi den nordkoreanesche Regime.

D‘Nikki Haley, US-Ambassadrice bei der UNO, ass dann och iwwerzeegt, datt Gespréicher tëscht dem Norden an dem Süden näischt Wäert wieren. D‘Ambassadrice huet och drop higewisen, datt d‘USA et ni wäerten zouloossen, datt Nordkorea eng Atomwaff huet.

Esou ergëtt sech, datt d‘USA „ni eng Entrevue eescht wäerten huelen, wann et net zum Verbuet vun allen Atomwaffen a Nordkorea féiert“, deklaréiert d‘Nikki Haley um Dënschdeg. En ongënschtegen Zäitpunkt fir esou eng Deklaratioun, well Seoul e Gespréich mat Nordkorea virgesinn huet.

Mäi Knäppchen… däi Knäppchen

Tatsächlech hat Südkorea d‘Propose ënnerbreet, op héchstem Niveau Gespréicher ze féieren, an dat schonn den 9. Januar. Seoul hat esou déi ausgestreckten Hand vum Kim Jong-un ugeholl, deen zu enger Verbesserung vun de Relatiounen opgeruff huet an och gewëllt ass säi Land un den olympesche Wanterspiller zu Pyeongchang (Südkorea) deel huelen ze loossen.

De nordkoreanesche Leader hat dann och bei senger Neijoerschried net vergiess drop hinzeweisen, datt säi Land en „Atomstaat“ (an allen Hisiichten) ass. De Kim Jong-un huet och gewarnt, datt hie säin Atomknäppche stänneg Grëffbereet huet.

Eng Ausso déi beim Trump den „Twitter-Nerv“ getraff hat: „De nordkoreanesche Leader huet grad gesot, datt den Atomknäppchen ëmmer op sengem Büro steet (…) sot him Bescheed, datt ech och en Atomknäppchen hunn. Mee mäin ass vill méi grouss a mächteg, an e funktionéiert“.

Politik statt Sprangprëssessioun

Wat déi intern koreanesch Gespréicher ugeet, esou huet de südkoreanesche Minister fir d‘Vereenegung, Cho Myoung-Gyon widderholl, datt Seoul fir all Form vu Gespréicher mat Pyongyang disponibel bleift. Egal wéini, egal wou…

„D‘Regierung proposéiert fir de 9. Januar eng Entrevue op héchstem Niveau mat Nordkorea. Déi kann am Haus vum Fridden zu Panmumjom – en Duerf op der Grenz wou de Waffestëllstand vum Koreakrich (1950-53) ënnerschriwwe ginn ass – stattfannen“, esou de Minister.

„Mir hoffen, datt sech de Süden an de Norde géinteniwwer kënne setzen, fir iwwer eng Bedeelegung un de Spiller vu Pyeongchang kënnen ze schwätze. Och aner Sujeten déi gemeinsam Interesse betreffen an zu enger Verbesserung vun de Relatioune féieren si wëllkomm“.

De gudde Wëllen…

Erënnere mer dann drun, datt de koreaneschen Norden a Süde vun enger entmilitariséierter Zon (DMZ) getrennt sinn. Et ass eng vun de bewaffentste Grenzen op der Welt. Déi lescht bilateral Gespréicher, hat et am Dezember 2015 ginn, an déi ware grandios gescheitert.

Deemools haten sech de Südkoreaner Kim Kwan-jin (National Sécherheet) an säin nordkoreaneschen Homolog Hwang Pyong-so géinteniwwer gesiess. Observateure vun deemools sinn dann och iwwerzeegt, datt d‘Gespréicher ouni d‘USA besser verlaf wieren.

A fir den Universitéitsprofesser Koh Yu-hwan sinn d‘Gespréicher wichteg: „D‘Tatsaach selwer datt een oppen ass fir eng Entrevue ass signifikativ. Et beweist, datt sech béid Parteie fir eng Verbesserung vun der Situatioun wëllen asetzen“.

Wourunner et happert

Gespréicher, egal wéi se ausgesinn si wichteg, mee net fräi vu Geforen. Esou riskéiert Südkorea ënner Drock ze geroden, well Pyongyang dierft fuerderen, datt Seoul ophält, stänneg mat den USA gemeinsam Militärmanöver laanscht déi nordkoreanesch Grenz duerchzeféieren.

De Koh Yu-hwan ëmschreift de Mëssel esou: „De Norde versicht seng Relatioune mat Südkorea opzefrëschen, datt awer als Atommuecht. De Problem fir Südkorea besteet doranner, op dat ugeholl ka ginn“.

An trotzdeem huet de südkoreanesche President Moon Jae-in, dee sech ëmmer fir den Dialog wëll agesat hunn, d‘Offer vum Kim Jong-un begréisst. Hien huet allerdéngs och ënnerstrach, datt eng Verbesserung vun de Relatiounen, nëmme mat enger Ofrëschtung ze verbanne sinn.

Atomwaffen als Schutz géint d‘USA

2017 huet Nordkorea weltwäit fir Opreegung gesuergt, well een es sech net midd ginn ass, eng Rakéit no der anerer auszeprobéieren. Pyongyang huet och säi sechsten Atomtest duerchgezunn. Et war bis haut dee stäerkste Versuch vum Regimm.

A Pyongyang hält dann och um Argument fest, datt d‘Atomwaff néideg ass, fir sech géint d‘Gestëppels vu Washington ze wieren. Dat huet zu engem (on)gesonnten Austausch tëscht dem Diktator an dem Milliardär gefouert. Beleidegunge gehéieren zum (gudden) Ëmgangstoun.

Mee et schéngt es, wéi wann Nordkorea elo awer amstand wier e nukleare Sprengkapp ze bauen, deen zu allem Iwwerfloss och nach kéint de nordamerikanesche Kontinent erreechen. Dat trotz oder grad wéinst de sëllechen UN-Sanktiounen déi dem Land operluecht gi sinn.

Openeen zougoen

Elo sollt een awer festhalen, datt mat der Absicht un den olympesche Wanterspiller (vum 9. bis 25. Februar) deelzehuelen, eng Geleeënheet besteet fir d‘Situatioun ze entschäerfen. Déi olympesch Spiller vu Pyeongchang kéinte fir d‘Koreaner zu de Spiller vum Fridde ginn.

Zwee nordkoreanesch Athleten, d‘Schlittschongleefer Ryom Tae-ok a Kim Ju-sik, sinn eigentlech qualifizéiert. Bedauerlecherweis, huet den nordkoreaneschen olympesche Comité et verpasst, d‘Athlete bei der internationaler Federatioun unzemellen. Eenzeg eng Aluedung vum internationalen olympesche Comité kéint eng Participatioun nach méiglech maachen.

Peking begréisst déi nei Entwécklung. De wichtegste Partner vun Nordkorea géif et gäre gesinn, wa béid Parteien dës Geleeënheet géifen notzen, fir sech nees méi no ze kommen. Allerdéngs, och China hält drop, datt sech Pyongyang vu sengem Atomwaffenarsenal trennt.

mam Karim Lebhour an dem Hwang Sunghee/AFP

Foto: Op Neijoerschdag hunn sech nordkoreanesch Kanner mat enger Äisskulptur vun der Interkontinentalrakéit (ICBM) Hwasong-15 fotograféiere gelooss. Dës Rakéit wier, verschiddenen Experten no, amstand grouss Stied an den USA ze erreechen. © Kim Won-jin

Related topics Donald Trump, Kim Jong-Un, Nikki Haley, Nordkorea, Südkorea, USA
Next post Previous post