Search

You may also like

What the Fakt – Wat ass da Christi Himmelfaart?
Neiegkeeten

What the Fakt – Wat ass da Christi Himmelfaart?

Haut wäerte wuel esou munch Leit vum Feierdag profitéieren, fir

NATO-Spionagezentrum zu Krakau ageweit
Neiegkeeten

NATO-Spionagezentrum zu Krakau ageweit

Während sech d‘Regioun Suerge mécht wéinst der Politik vu Moskau,

Den ACL presentéiert de Service Rétro-Évaluation
Neiegkeeten

Den ACL presentéiert de Service Rétro-Évaluation

Ab elo bitt den ACL Diagnostic Center déi sougenannt Rétro-Évaluation

Bedeelegt iech un de Gespréichsdëscher vun der ASTI

Bedeelegt iech un de Gespréichsdëscher vun der ASTI

D‘ASTI invitéiert all interesséiert Persounen, sech un de Gespréichsdëscher a Lëtzebuerger oder franséischer Sprooch ze bedeelegen. Dës „Gespréichsdëscher“ fannen ëmmer, während der Schoulzäit, vun elo Oktober bis Februar 2019, an engem gemittleche Kader statt.

Déi zwee Gespréichsdëscher a franséischer Sproch fanne statt:

  • all Dënschdeg (ausser Schoulvakanz) vu 17:30 bis 18:30 Auer
  • all Freideg (ausser Schoulvakanz) vun 10:00 bis 11:30 Auer

um Sëtz vun der ASTI, 10 Auguste Laval Strooss zu Lëtzebuerg-Eech.

De Gespréichsdësch a Lëtzebuerger Sprooch fënnt statt:

  • all Donneschdeg (ausser Schoulvakanz) vun 10:00 bis 11:30 Auer

am Café-Restaurant „Casa Fabiana“, um 3 Bouneweger Strooss zu Lëtzebuerg.

Fir deelzehuelen, sollt een wéinstens den Niveau A1 vum gemeinsame Sproochereferenzkader vun europäesche Kader gepackt hunn.

Et muss ee sech och umellen, dat via e-Mail un sara.scheer@asti.lu oder iwwert den Telefon um 43 83 33-1.

D‘Signataire vum „Contrat Accueil et Integration“ (CAI) mam OLAI, oder Persounen déi op der ADEM ageschriwwe sinn, genéisse Prioritéit.

Related topics ASTI, Gespréichsdëscher, Immigratioun, Integration, Zesummen
Next post Previous post