Search

You may also like

Queenmania – een Tribut un déi britesch Legenden!
International Neiegkeeten

Queenmania – een Tribut un déi britesch Legenden!

Ob „We are the Champions“, „We will rock you“ oder

Chantier op der Ettelbrécker Gare (05.-07.05.2021)
International Neiegkeeten

Chantier op der Ettelbrécker Gare (05.-07.05.2021)

Am Kader vum Chantier op der Ettelbrécker Gare wäert vun

money
Rammstein zu Réiser: e käschtespillegt Mega-Evenement?
International Neiegkeeten

Rammstein zu Réiser: e käschtespillegt Mega-Evenement?

Wann déi däitsch Rockband „Rammstein“ – benannt no engem Fluchhafen

Neit opflame vum Gestreits a Katalounien

Dausende Leit demonstréiere géint d‘Ofsetzung vum katalanesche Regierungschef Quim Torra

Neit opflame vum Gestreits a Katalounien

Madrid a Barcelona, dat sinn zwou ënnerschiddlech Welten an zanter déi spuenesch Regierung de Carles Puidgemont méi oder wéineger an den Exil gedriwwen huet, wëll dësen d‘Onofhängegkeet vun den autonomer Regioun Katalounien ausgeruff hat, wëllen sech d‘Bezéiungen einfach net méi verbesseren. Elo ass et de separatisteschen Nofolger Quim Torra, deen aus dem Amt gejot gouf.

De spueneschen ieweschte Geriichtshaff huet dem 57 järege Politiker virgeworf, net ze follegen a well dat net kann toleréiert ginn, dierf de Quim Torra elo wärend 18 Méint kee politescht Mandat ausfëllen. Et ass awer och schlëmm, datt hie bei de spuenesche Parlamentswahlen 2019, et net fäerdeg bruecht hat, d‘Symboler vun der katalanescher Onofhängegkeet vun de Gebaier ze huelen.

Katalounien

Madrid bestätegt also d‘Urteel vum katalaneschen Oberlandesgeriicht aus dem Dezember 2019, an leet domadder de Grondstee fir en neit opflame vum Gestreits an dem Wonsch vun de Katalanen, sech vun der onbeléifter Zentralregierung ze léisen. Nieft dem „eestëmmegen“ Urteel, dat streng geholl just ee politesche Maulkuerf ass, soll de Quim Torra och nach 30.000 Euro Strof bezuelen.

No der Verëffentlechung vum Urteel, muss de Quim Torra säi Mandat u säi Vize, den Pere Aragones oftrieden. Dat dierft nächste Méindeg de Fall sinn an et ass dovunner auszegoen, datt dësen dann och wäert Neiwahle vir 2021 ukënnegen. Ob sech Madrid elo, a besonnesch déi „sozialistesch“ Regierung domadder e Gefalen dinn? Dat dierf bestridde ginn, well scho kënnt et zum Protest.

Wie kee Problem huet, sicht sech een

Dat Madrid net amstand war dat ganz am Sand verlafen ze loossen, dat ass ee Choix awer leider net wierklech e judiciéisen. D‘Decisioun vum ieweschte Geriichtshaff huet a Katalounien säin Effet net verpasst an esou sinn um Méindegowend dausende Katalanen op d‘Strooss gaangen, fir géint dëst eendeiteg politesch motivéiert Urteel ze protestéieren. Ob si Recht hunn oder net, ass zweetrangeg.

Katalounien

Wat si elo nees fuerderen, ass datt wat déi vu Madrid gesteiert Justiz net huet: Onofhängegkeet. An d‘Katalanen hunn hëtzegt Blutt, firwat Demonstratiounen dann och éischter „mouvementéiert“ vu Statte ginn. Laut den Autoritéite waren si gëschter zu Barcelona zu hirer Dausend, déi sech virum Regionalparlament opgestallt, a Revisioun vum Urteel gefuerdert hunn. Dat wäert net geschéien…

A wann ee schon derbäi ass sech säi Frust aus dem Kapp ze jäizen, kann et wuel net schueden och déi frëndlech Beamte vun der Police an de Protest anzebannen. Déi allerdéngs mat Knupperten, Dreckstuten a Schwéngskäpp ze bewerfen, ass och net wierklech déi fein Aart. Et goufen dann nach Dreckskëschten a brand gestach, iert endlech géint 23 Auer nees Rou opkomm ass.

mat indymedia/bcn

Foto: „Kee Schratt zréck! – Onofhängegkeet!“ Um Méindegowend hunn d‘Comitéen zur Verdeedegung vun der Republik eng stënterlech Demonstratioun organiséiert, fir géint d‘Ofsetzung vum Regionalpresident Quim Torra ze protestéieren. © Help Catalonia

Related topics Barcelona, Demonstratioun, ieweschte Geriichtshaff, Katalounien, Madrid, Onofhängegkeet, Quim Torra
Next post Previous post