Search

You may also like

money
Onbezuelbar: Wunnen zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Onbezuelbar: Wunnen zu Lëtzebuerg

Wann ee sech traut d‘Präisentwécklung vum Wunnengsmaart zu Lëtzebuerg zu

Covid19-Risikogebitt: „Alters- a Fleegeheem“
International Neiegkeeten

Covid19-Risikogebitt: „Alters- a Fleegeheem“

Nodeems et am Altersheem „Um Lauterbann“ zu Nidderkuer eng „gréisser

Ëffentlech Enquêten: De Marc Hansen presentéiert www.enquetes-publiques.lu
International Neiegkeeten

Ëffentlech Enquêten: De Marc Hansen presentéiert www.enquetes-publiques.lu

Gëschter huet de Marc Hansen, delegéierte Minister fir Digitalisatioun an

De Summer kënnt, mee gëtt et och eng Vakanz?

De Summer kënnt, mee gëtt et och eng Vakanz?

Mat der Covid19-Pandemie koum fir unzefänken de „Lockdown“ an du goufen och d‘Grenzen an der EU zougemaach. Déi lescht déi wäerte vun der Reprise profitéieren, sinn d‘Tourismus- an den net manner staark betraffenen HORESCA-Secteur. Elo soll de Summer awer stattfannen, den EU-Tourismus méiglech sinn. Zumindest wann et der EU-Kommissärin Margrethe Vestager nogeet.

Bei der Pressekonferenz huet d‘EU-Kommissärin allerdéngs direkt kloer gemaach, datt et fir keen ënnert eis en normale Summer wäert ginn. Innereuropäesch Reese sollten, esou den Avis vun der EU-Kommissioun, méiglech sinn a si huet dozou och eng Rei Recommandatioune gemaach, mee wéi déi eenzel Länner dat unhuelen, a wat wou wéi gehandhaabt wäert ginn, dat bleift e Rätsel.

Spuenien soll, esou d‘Kolleege vu Reuters, keng Touriste virum 15. Juli an d‘Land eraloossen. An Italien ass dogéint nach guer net vun enger Reprise am Tourismussecteur rieds. Bei de Griiche ka méiglecherweis „gereest“ ginn, wann een en negative Coronavirus-Test virweise kann. Mee och an d‘Alpen oder un d‘Stränn vun der Nordséi reese fir Vakanz ze maachen, dierft net einfach ginn.

Keng eenheetlech Reegelen

Et wäert ee schonn zolidd Loscht mussen hunn, wann een dëse Summer tatsächlech sollt wëllen an d‘Vakanz goen, a méiglecherweis wäerten sech just déi risikofreedegst Kandidate fir eng Rees an dat europäescht Ausland entscheeden. Vakanz, dat soll jo eigentlech Erhuelung sinn, mee esou wéi et ausgesäit fänkt de Stress scho beim Plangen un. Et muss ee seng Destinatioun jo och erreechen.

Hëlt een de Fliger? U sech bal dat normaalst vun der Welt, och wann innereuropäesch de Fliger net wierklech ëmweltfrëndlech ass, an et do dierft ganz drastesch Reegele ginn. Esou solle Leit, déi mam Fliger verreesen, beim Check-in d‘Temperatur gemooss kréien. Ass déi „ze héich“ dierf een net matfléien. Wie wéi eng „Temperaturgrenz“ festleet? Dat entscheeden d‘Gesellschafte selwer…

Wier dee Punkt gekläert – a mir wäit dovunner ewech – sollt ee sech op ganz laang Waardezäiten an entspriechend Präisser astellen. Do wier den Zuch dach bestëmmt eng Alternative? Eigentlech, mee och hei handhaben dat d‘Länner ganz ënnerschiddlech. Am Frankräich brauch et den Ament nach ëmmer en trëftege Grond fir en Ticket ze kréien an d‘Oplage sinn entspriechend Streng.

Op der Rull…

Bleift den Auto oder de Camper. Mee och dat eegent sech éischter fir kuerz Distanzen, datt et sollt anere Reegele gi fir Reesender déi just am Transit sinn, ass net virstellbar. Eenzeg de Präis un der Pompel ass den Ament a gewësser Mooss nach en Ureiz sech fir dës Variant ze entscheeden. An dann? Wéi gesäit et aus, wann een da säin Zil erreecht a sech bis gemitterlech installéiert huet?

Vu Party um Strand ka jo wuel keng Rieds sinn. Um Pool leien an d‘Féiss an d‘Sonn halen, de Patt un der Bar jo, esouguer de Besuch vun de Sehenswierdegkeeten… dat a villes méi kann ee sech ënnert den aktuellen Ëmstänn esou guer net virstellen, an awer gëtt sech d‘EU-Kommissärin ganz zouversiichtlech, datt villes méiglech ass. De Secteur selwer bréicht et jo och, fir ze iwwerliewen.

Stellt sech zudeem nach en anere Problem, deen d‘Margrethe Vestager bei hirem Virstouss net esou wierklech um Schierm hat: „Sinn d‘Entreprise bereet de Leit de Congé matten an der Reprise och zouzegestoen?“. No zwee Méint „Stëllstand“ gëtt et a ville Betriber méi Aarbecht wéi et engem Léif ass, den Apparat ze relancéiere ass opwenneg a bréngt kaum Profit. An dann ass do de Mënsch…

Maacht iech kee Kapp

Wien déi ganz sanitär Kris opmierksam verfollegt an sech vun der massiver Desinformatioun an anerem Blödsinn net oflenke gelooss huet, dee wäert sech bewosst sinn, datt do nach eng zolidd Wirtschaftskris virun der Dier steet. Et ass deemno net wierklech de beschten Zäitpunkt de Goss mat vollen Hänn auszeginn. Och esou ee Punkt op deen d‘Margrethe Vestager keng Äntwert hat.

Dat gewosst, dierft ersiichtlech, sinn dat nees just déi „privilegiéiert“wäerte sinn, déi reese kënnen. Fir déi aner heescht et éischter sech op „Balkonien“ oder „Gaardenistan“ konzentréiere wann se da Congé kréien. Fir déi betraffe Secteuren eng Katastroph? Net zwéngend. Schliisslech hu Lëtzebuerg an d‘Groussregioun villes ze bidden. Et wier awer gutt, wann dann d‘Gastronomie nees op wier…

Et ass een also gutt beroden sech op eng Roll als „Lokaltourist“ anzestellen, an de Moment ze genéissen. Déi eege véier Wänn bidden entschidde méi Sécherheet wéi en Hotelszëmmer oder eng Campingsplaz, sollt et derzou kommen, datt déi lokal Autoritéiten aus gudde Grënn missten nees an de Lockdown iwwergoen. Et sollt een sech et, och wann een d‘Geld huet, gutt iwwerleeën.

Illustratioun: Summer, Sonn a Strand, ass fir vill Lëtzebuerger dat wat eng Vakanz ausmécht. Dëst Joer awer, sollt ee sech vläicht éischter op Musel, Mëllerdall a Muséeën astellen. © Natalya Zaritskaya / unsplash

Related topics Auslandsreesen, Congé, Covid19, Deconfinement, Lokaltourismus, Vakanz
Next post Previous post