Search

You may also like

Informatioune fir Jonker: jugendinfo.lu ass elo online
Neiegkeeten

Informatioune fir Jonker: jugendinfo.lu ass elo online

Déi national Agence fir Informatioune fir Jugendlecher ANIJ huet elo

Eng Fro vu guddem Wëllen
Neiegkeeten

Eng Fro vu guddem Wëllen

D‘US-Regierung werft deene Leit – déi si eegens a Plaz

Lëtzebuerger Danzpräis 2019: D’Jill Crovisier huet iwwerzeegt!
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Danzpräis 2019: D’Jill Crovisier huet iwwerzeegt!

Gëschter huet de Jury vum Lëtzebuerger Danzpräis 2019 säi Laureat

Gëtt hei d’Regierung mat der Nazi-Diktatur verglach?

Schwéier Virwërf stinn am Raum

Gëtt hei d’Regierung mat der Nazi-Diktatur verglach?

D’Lëtzebuerger Politik huet eng nei Facebook-Affär. Ma dës Kéier geet et net em en einfache Like, mee ëm eng Ausso: Nämlech déi vum Frank Engel. A wat sinn d’Wieder vum Ustouss? „Déi aktuell Regirung huet zënter Amtsuntrëtt déi gréisste Purge am ëffentlechen Dingscht zënter der Zivilverwaltung virgeholl – et je pèse mes mots.” – dëst huet den CSV-Europadeputéierten den 1. September op Facebook op sengem perséinlechem Profil geschriwwen.

An d’Demokratesch Partei huet an engem Communiqué gëschter sech kloer géint den Nazi Verglach ausgeschwat. Esou heescht et am Communiqué: „Am Kontext vun der «Zivilverwaltung» vum Naziregimm am II. Weltkrich steet «purge» ganz kloer fir all déi Grujelegkeeten, déi Nazi-Däitschland ze veräntwerten huet, notamment den Holocaust an dat systematescht Virgoe géint Judden, Homosexueller, Kommunisten, Resistenzler oder Sinti a Roma. Den Här Engel vergläicht déi demokratesch legitiméiert Lëtzebuerger Regierung deemno mat der Zivilverwaltung vum Naziregimm, well ee benevole Posten un der Spëtzt vun engem Verwaltungsrot mat enger parteipolitesch neutraler Persoun besat ginn ass.”

Perséinlech Frënn a geste hostile

Ween sech de Screenshot vum Statement vum Frank Angel ukuckt, dee weess schnell, ëm wat et eigentlech geet: Dësen reegt sech doriwwer op, datt e vermeintlechen „perséinleche Frënd“ vum Premier Xavier Bettel, de Laurent Loschetter, elo de President vum Radio 100,7 ass. Dës Ausso a Richtung „politesche Frënd“ ass och am Lëtzebuerger Land ze liesen: Doranner ass ze liesen, datt um Kierchbierg, wou de Radio 100,7 säi Sëtz huet, fäerte géif, e politesche Frënd vum Premier géif de Posten iwwerhuelen. No der Ernennung vum Laurent Loschetter schreift d’Josée Hansen vum Lëtzebuerger Land, datt vill dës Nominatioun als en “geste hostile” géife gesinn.

An hirem Communiqué fuerdert d’DP, datt d’CSV sech „kloer, däitlech an direkt vun där Ausso vum Här Engle distanzéieren“. Den Europadeputéierten gesäit allerdéngs keng Schold an: „Ech hu kee Verglach gemaach, an esou eppes wir och net akzeptabel. Et goung mer just ëm déi Period zënter 1944 – well déi véier Joer virdrunn ebe wierklech mat näischt vergläichbar sinn – während deeër sech déi Aart a Weis ze regéieren entwéckelt huet, déi mer haut kennen”, schreift hien an engem Kommentar ënnert sengem eegene Post.

An och mi spéit schreift den CSV-Politiker: „Ech ruddere néirens hinn, an ech fannen et schued, datt all Ausso just wéint hiren zäitlechen Eckpunkten als ruckelzeche Verglach konstruéiert gëtt. Dat war an ass meng Ausso net. Ech maache keng Vergläicher mam Onvergläichbaren. Et deet mer leed, wann dat vu Verschiddenen esou verstane gouf.”

Niewent villen anere Kommentaren, déi do ze liese sinn, stécht dem Mars di Bartolomeo, President vun der Chamber, säin am meeschten an d’An: „Frank, wini war d’Period vun der Zivilverwaltung? Wéi heescht et am Léierbuch fir angehend Politiker: wann een e Feeler mecht, soll een en zouginn.”

Related topics Frank Engel, Lauren Loschetter, Lëtzebuerg, Mars di Bartolomeo, Xavier Bettel
Next post Previous post