Search

You may also like

15 Doudeger bei Fligerofstuerz am Kasachstan
International Neiegkeeten

15 Doudeger bei Fligerofstuerz am Kasachstan

Onmëttelbar nom Start vum Fluchhafen zu Almaty, ass d‘Fokker 100

Brasilien: Gesondheetsminister aus dem Amt verjot
International Neiegkeeten

Brasilien: Gesondheetsminister aus dem Amt verjot

De faschistesche President vu Brasilien, deen de Coronavirus Covid19 widderholl

Vum 1. Mäerz bis Enn 2021: Chantier op der N35 zu Bartreng
International Neiegkeeten

Vum 1. Mäerz bis Enn 2021: Chantier op der N35 zu Bartreng

D’Stroossebauverwaltung informéiert, dass et duerch d’Erneierung vun der OA816 mat

Op der Flucht viru Gewalt an Aarmut

Migranten aus dem Honduras duerchbriechen um Wee an d‘USA déi guatemaltekesch Grenz

Op der Flucht viru Gewalt an Aarmut

Zu Dausende sinn se opgebrach mam Zil „déi vereenegt Staate vun Amerika“. D‘Migranten aus dem Honduras ginn un, viru Gewalt an Aarmut ze flüchten. Gëschter huet dës Mënschemass den honduranesch-guatemaltekesche Grenziwwergang bei Esquipulas iwwerwonnen.

Schonn e Mëttwoch waren eng 400 Honduraner an der Grenzstad Corinto „onerlaabt“ iwwer d‘Grenz „geflücht“ an et schéngt keen Enn huelen ze wëllen. Ënnert de Migranten/Flüchtlinge befannen sech enorm vill Fraen a Kanner. Dëse grousse Grupp, dee sech gëschter e Passage iwwert d‘Grenz erzwongen huet, hat sech an de leschten Deeg zu San Pedro Sula zesummegestallt.

Vun dëser Stad am Norde vun Honduras, briechen ëmmer nees kleng a grouss Gruppen op a maachen sech op dee Wee an eng, wéi si unhuelen, besser Zukunft. Déi erhoffen si sech an engem Land wou de President si net wëll gesinn, an als Verbriecher, Mäerder an Drogenhändler virveruerteelt. Si wëllen an e Land an deem Recht hunn a Recht kréien eenzeg vum Geld ofhänkt.

GewaltA wéi wéineg Loscht de Milliardär op Awanderer aus Latäinamerika huet, dat léisst sech unhand dem éischte grousse Flüchtlingsmarsch am Oktober 2018 beriichten. Sengerzäit waren eng 2.000 Mënschen iwwer Guatemala a Mexiko a Richtung Norde gezunn an ëmmer méi Leit hunn sech du fir dëse Wee entscheet, dee villverspriechend war. De Donald Trump huet entspriechend reagéiert.

Fir dës Mënschen, deenen hien déi gréisst Verbrieche virgeworf huet, opzehalen, huet de Milliardär 6.000 Zaldoten un d‘Grenz zu Mexiko geschéckt. Et ass rieds gaange vun enger „Invasioun“ mee et gouf keen Toun zur Lag am Land aus deem d‘Leit „fortlafen“. Haut sollen et eng 30.000 Mënschen aus dem Honduras sinn, déi a Mexiko op eng Äntwert zu hirer Asyl-Demande waarden…

mat indymedia/ccs

Foto: Mexiko, wou d‘Regierung en Deal mat Washington agaangen ass fir d‘Migranten ze stoppen, wäert och dëse Flüchtlingen den Zougang zur Grenz an d‘USA verwieren. Dat léist d‘Kris u sech net, verhënnert awer, datt Washington Sanktioune verhänkt. © Telesur

Related topics Aarmut, Flucht, Gewalt, Guatemala, Honduras, Mexikao, Migratioun, USA
Next post Previous post