Search

You may also like

Mauritius vun enger Uelegpescht bedreet
International Neiegkeeten

Mauritius vun enger Uelegpescht bedreet

Ee groussen Uelegteppech bedreet d‘Küst vun der paradisescher Vakanzendestinatioun Mauritius.

Aarbechtsinspektioun am Rekrutementsmodus
International Neiegkeeten

Aarbechtsinspektioun am Rekrutementsmodus

Wéi den Direkter vun der Aarbechtsinspektioun (ITM) am Dezember 2015

VDL: De Stater Bus-Reseau komplett iwwert de Koup gehäit
International Neiegkeeten

VDL: De Stater Bus-Reseau komplett iwwert de Koup gehäit

Um 13. Dezember 2020 wäert sech den AVL-Reseau an enger

UN-Sécherheetsrot verurteelt Gewalt am Myanmar

UN-Sécherheetsrot verurteelt Gewalt am Myanmar

Eestëmmeg – also och mat de Stëmme vu China a Russland – huet den UN-Sécherheetsrot déi vun der burmesescher Junta u friddlechen Demonstrante ausgeüübte Gewalt verurteelt. Den Doud vun honnerten Zivilisten dorënner kleng Kanner a Fraen, géif d‘Membere vum Rot beonrouegen, esou déi kuerz Matdeelung.

Op Ufro vu Groussbritannien, hat sech den UN-Sécherheetsrot zanter ee Mëttwoch beroden, wéi mat Muechtiwwernam am Myanmar ëmzegoen ass. Nodeems et de leschte Samschdeg op en Neits iwwert honnert Affer ënnert de Zivilbevëlkerung ginn huet, et bekannt ass, datt d‘Zaldote geziilt op Kanner a Frae schéissen, huet sech dës Entrevue opgedrängt. Méi wéi „verurteelen“ ass net dran.

Et gouf sech an dësem Krees nees iwwert all Wuert gezësst, an déi gemeinsam Erklärung gouf dann och ëmmer nees nei formuléiert. Déi „indirekt“ Dreeungen an der vun de Britten ënnerbreete Virlag hunn d‘Chinese verworf, well et do och nees ëm Sanktioune géint d‘Haaptacteure vum Putsch an der Ermordung vun Demonstrante geet. Peking wëll zudeem och näischt vu „Mord“ am Text liesen.

Datt huet villfälteg Grënn: engersäits huet China wirtschaftlech a politesch Interessen u Myanmar, et ass hinnen esouguer zouzetrauen, un dësem Putsch matgewierkt ze hunn. Déi fréier brittesch Krounkolonie ass der westlecher Liewensweis an enger Demokratie no amerikaneschem Virbild jo net ofgeneigt. Anersäits huet China grad eppes Zoff mat de Veto-Muechten… ausser mat Russland.

Et geet ëm de gudden Androck

Wann sech dann elo zu gudder Lescht awer nach op engt gemeinsam Erklärung konnt verstännegt ginn, dat vu ville Medien nees als „wichtegt Signal“ verkläert gëtt, esou ass d‘Resultat gläich Null! Eng „Verurteelung“ duerch den UN-Sécherheetsrot kann een, zumindest wann et soll seriéis a mat der néideger Analys bewäert ginn, mat ganz vill guddem Wëllen als de „béise Fanger“ duerstellen.

Et huet de facto glat a guer keen Afloss op déi mäerderesch Exactioune vun der Junta, an et féiert net emol zu weideren, méi geziilte Sanktiounen. Woubäi jo anscheinend Sanktiounen och kee gutt Mëttel sinn, fir Verbriecher zur Vernonft ze bréngen. A wärend d‘UN-Ambassadeure maache wéi wann sou sech géife „këmmeren“, well et jo duer geet d‘Gefill ze vermëttelen, stierwe Mënschen.

An et huet an der tëscht och alles de Uschäin, wéi wann d‘Junta sech op ee Genozid astelle géif. Den Internet ass onbestëmmten Zäit „ofgeschalt“ ginn, d‘Medien am Land „op Linn“ bruecht ginn an de Prozess géint d‘Regierungspresidentin Aung San Suu Kyi wéinst Héichverrot ugelaf. Dobäi kann ee keng Zeie gebrauche, déi méiglecherweis eng kritesch Siicht zum Ausdrock brénge géifen.

mat indymedia/nyc

Foto: © Macau Photo Agency / unsplash

Related topics Aung San Suu Kyi, Burma, Genozid, Militärputsch, Myanmar, UN-Sécherheetsrot
Next post Previous post