Search

You may also like

De Kanner mat spezifesche Besoine wierklech hëllefen!
International Neiegkeeten

De Kanner mat spezifesche Besoine wierklech hëllefen!

Datt Kanner mat engem „Handicap“ am allgemengen et net liicht

Coronavirus: Käerjeng maximal mobiliséiert
International Neiegkeeten

Coronavirus: Käerjeng maximal mobiliséiert

A ville Gemengen uechtert d‘Land sinn d‘Verwaltungen an d‘Bierger gutt

Groussbritannien brauch en neit Awanderungsrecht
International Neiegkeeten

Groussbritannien brauch en neit Awanderungsrecht

Et solle manner bëlleg Aarbechtskräften aus dem Ausland erageholl, dofir

Méi „politesch“ Gewalt an Däitschland

Bei eisen Noperen huele politescht motivéiert Strofdoten zou an den Inneminister ass veriergert

Méi „politesch“ Gewalt an Däitschland

2020 huet et laut dem offizielle Wuertlaut, ronn 45.000 Strofdote ginn, déi als politesch motivéiert agestuuft ginn. Dat ass géintiwwer dem Virjoer en däitlech Hausse vun 9%. Bei der Presentatioun vum Bilan 2019 vum Bundeskriminalamt, huet den däitschen Inneminister, Horst Seehofer (CSU), aleedend festgestallt: „Et gëtt eng kloer Verréiungstendenz an eisem Land“.

De fréiere bayresche Ministerpresident confirméiert datt iwwer d‘Hallschent vun dëse politesch motivéierte Strofdoten aus dem „rietsen Eck“ kommen. Den Horst Seehofer ass iwwerzeegt, datt Rietsextremismus, dat gréisste Sécherheetsproblem an Däitschland ass. Vun de 44.962 Fäll déi polizeilech erfaasst goufen, sinn der 23.604 (+5,7%) op de Kont vu rietsextreme Gruppéierungen.

Déi lénksextrem Gruppéierunge stinn deem net no, an esou klëmmt d‘Zuel vun de Delikter hei och entspriechend (+11%) op 10.971. Et dierf een drop hiweisen, datt all Strofdot eng ze vill ass, mee et huet nach ëmmer eng gewëssen Disproportionalitéit tëscht de extremen a gewaltbereete Gruppen. An da gëtt et jo och nach déi „reliéis-politesch“ Zeen. Bei eisen däitschen Nopere sinn aktuell 579 islamesch „Gefäerder“ registréiert. Ob dat heescht se géife streng iwwerwaacht? Nee, leider net.

Gewalt

Méi allgemeng – an och dat dierft déi aner Säit der Musel wéineg verwonneren – ass d‘Zounam vun der Gewaltbereetschaft an den dorausser entstoende Gewaltdelikter, ze notéieren. 2020 goufen eelef Mënsche politesch motivéiert ëmbruecht, an 13 Fäll ass et beim „Versuch“ bliwwen. Natierlech ass net alles politesch an 2020 war och ee Pandemiejoer. An déi huet hiren Deel Gewalt ervirbruecht…

Covid19-Strofdoten?

Selbstverständlech ass et net de Virus selwer, dee fir d‘Gewalt am Kontext vun der Pandemie ka verantwortlech gemaach ginn. Et sinn déi „begleedent Moossnamen“ engersäits, an de „gudde Mënscheverstand“ anersäits, déi ënnerschwelleg Problemer un d‘Uewerfläch befërdert hunn. Dat dann awer éischter am familiäre Beräich oder dem noe sozialen Ëmfeld. Mee et gouf sech och determinéiert a gewaltbereet géint d‘Diktat vun der Politik agesat. Hei zortéieren ass komplizéiert.

D‘Rebellioun géint d‘Oplagen an d‘Flichte kann d‘Bundeskriminalamt kengem Lager prezis op d‘A drécken, firwat dann 3.559 Strofdoten zwar als politesch motivéiert opgelëscht hunn, mee net ka gesot ginn, ob et sech dobäi ëm Faschisten, Lénksextremer an/oder Flaachäerdler handelt. An dëse Fäll gëtt et ëm Kierperverletzung, sougenannt Propagandadelikter an d‘Versammlungsverbuet.

Gewalt

Laut dem BKA – wou ee wéi gesot gutt 60% vun dësen Delikter kengem Mouvement zouuerdne kann – huet sech dës Gewalt géint d‘Gesondheetswiesen, de Staat a seng Ariichtungen, mee och géint Symboler an d‘Staatsmuecht (Police) geriicht. Am Bericht ass dann nach riets vu „sonstege Géigner“. Zuel vun den Ugrëff op Ariichtungen, Amt- oder Mandatsdréier huet sech verduebelt.

Interessant och d‘Feststellung – wat wuel dem héijen Aarbechtspensum vum Bundeskriminalamt geschëlt ass – datt dann den däitsche Verband vun den onofhängege Berodungsplaze fir d‘Affer vu Gewalt, muss drop hiweisen, datt déi Verschidde Policedirektiounen aus de Bundeslänner net an der Lag ware vollstänneg an novollzéibar Zuelen zur rietser, rassistescher an antisemitescher Gewalt virleeë konnten oder wollten. Woubäi jo d‘Police un a fir sech, och just d‘Gesellschaft duerstellt.

mat indymedia/ber

Annex:

Related topics Bilan, Bundeskriminalamt, Horst Seehofer, Inneminister, Lénksextremismus, Rietsextremismus
Next post Previous post