Et ass e legitimme Wonsch vu Syrien an dem Irak, franséisch Dschihadisten ze veruerteelen
Déi franséisch Arméiministesch Florence Parly huet an der Zeitung „Libération“
Déi franséisch Arméiministesch Florence Parly huet an der Zeitung „Libération“
Hie war en engagéierten, jo e passionéierte Politiker, deen sech
Gëschter huet sech de Regierungsrot mat de leschten Erkenntnisser a
Zu Hong Kong ass et virun der „besater“ Universitéit zu engem Groussbrand komm, nodeems Demonstrante mat Molotowcocktailer ëm sech geworf hunn. D‘Police hat den Aktiviste vun der Demokratiebewegung gedreet schaarf Munitioun anzesetzen.
Et heescht, d‘Demonstranten hätte versicht mat de Brandsätz den Asaz vun der Police um Gelänn vun der Universitéit ofzewieren. Esou wiere Waasserwerfer mat Molotowcocktailer ugegraff ginn. Vum Dach vun der Universitéit si mat „Katapulter“ Steng op d‘Polizisten ofgeschoss ginn. Ee gepanzert Gefier vun der Police ass de Flamen zum Affer gefall. D‘Polizisten hunn zolidd reagéiert.
Honnerte vun Demonstrante, déi sech säit dem Sonndegowend an der polytechnescher Universitéit zu Hong Kong verschanzt haten, si vun der Police ëmzéngelt ginn. Bei den Zesummestéiss sinn och Demonstranten a Poliziste blesséiert ginn. Um Méindegmueren huet de chinesesche Staatsfernseh Biller gewisen, op deenen ze gesi war, wéi jonk Leit a Fessele vun der Police ofgefouert goufen.
Säitens der Police gëtt awer bestridden d‘Universitéit gestiermt ze hunn. Bestätegt gëtt dogéint, datt den Asaz nach net eriwwer ass. D‘Police huet awer den Uerder d‘Demonstratioun opzeléisen an déi gewaltbereet Demonstranten ze verhaften. Déi sinn allerdéngs net gewëllt sech der Iwwermuecht ze béien, firwat d‘Police gedreet huet, géint esou geféierlech Aktioune schaarf Munitioun anzesetzen.
De Spriecher vun der Hong Kong Police, Louis Lau, huet ee Sonndeg kloer gestallt: „Wa si mat esou Aktioune weider maachen, hu mir keng aner Wiel wéi e Mindestmooss u Gewalt unzewennen, dorënner schaarf Munitioun, fir zréckzeschéissen“. Bei den Zesummestéiss hunn d‘Aktivisten nieft de Molotowcocktailer an de Steeschleideren och d‘Police mat Feil a Bou ugegraff.
Bei der polytechnescher Universitéit war engem Polizist e Feil an d‘Wued geschoss ginn. Den Asaz vun déidleche Waffe kann net toleréiert ginn an de Louis Lau erënnert d‘Aktivisten drun, datt fir Oprou haart Prisongsstrofen ausgeschwat ginn. „Ech warnen d‘Aktivisten dofir, Brandbommen, Feiler an aner Materialien anzesetzen, dat mat der Absicht Mënschen ze verletzen“.
Fir d‘Geschäftsleit zu Hong Kong sinn déi zanter 5 Méint unhalend Protester de rengen Horror an hir Existenzen si bedreet. Dat verwonnert net, well wien huet scho loscht Shoppen ze goen, wann iwwerall Tréinegas an der Loft hänkt an ee fäerte muss, datt engem e Molotowcocktail entgéint geflu kënnt. Esou gëtt just dat absolut noutwennegst akaf a sech nees séier a Sécherheet bruecht.
Och der Tourismusbranche geet et esou schlecht wéi ni. Auslännesch Gäscht kann een ënnert dësen Ëmstänn och net mat Präisreduktiounen ulackelen. D‘Hoteller sinn eidel, d‘Fluchgesellschaften a schlechten Dicher. Cathay Pacific, huet scho ganz Linnen einfach agestallt a bitt den Employéeën elo gratis Flich un. Den Afloss op d‘Wirtschaft ass därmoosse grouss, datt vu Rezessioun rieds ass.
mat indymedia/tpe
Foto: E Bild dat alles seet. © NK