Search

You may also like

Nationale Sécherheetsberoder brauch en neie Job
Neiegkeeten

Nationale Sécherheetsberoder brauch en neie Job

A Bezuch op den Ëmgang mat sengem „Personal“ ass ee

Fondation Cancer: D’Fuerschung vu Broschtkriibs ënnerstëtzen
Neiegkeeten

Fondation Cancer: D’Fuerschung vu Broschtkriibs ënnerstëtzen

Mat engem Scheck an Héicht vun 1.026.000 € ënnerstëtzt d’Fondation

Metalfestival zu Koplescht – méi wéi just Musek!
Neiegkeeten

Metalfestival zu Koplescht – méi wéi just Musek!

Vergaangene Samschdeg war zu Koplescht am Centre Wirtspesch eng méi lass:

Wéi gewaltbereet ass eis Jugend?

Zu Lëtzebuerg wier d‘Lag laang net esou dramatesch wéi an anere Länner, mengt de Minister

Wéi gewaltbereet ass eis Jugend?

Nodeems et déi vergaange Woch an de soziale Brennpunkten: Quartier „Bouneweg“ a „Gar“ zu Messerattacke komm ass, verlaange Mënschen Äntwerten a Mesuren. D‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) an de Minister fir Bannenzeg Sécherheet Henri Kox (déi gréng) hu sech bestierzt gewisen a verspriechen no realistesche Léisungen ze sichen.

Um Méindeg huet déi Stater Buergermeeschtesch am Kontext vun engem gréisseren Austausch mat der Press nach emol drop higewisen, datt sech hir Servicer an d‘Police scho länger mat dëser Problematik beschäftegen. Gewalt ënner Jugendlechen hätt et schonn ëmmer ginn, d‘Ausmooss vun der Gewalt hätt hei awer nei Dimensiounen ugeholl. Wärend d‘Police „feststellt“ wieren elo aner Institutioune gefuerdert, fir sech dësem onséilege Gesellschaftsproblem unzehuelen.

De Minister fir bannenzeg Sécherheet, huet sech géintiwwer dem „L‘Essentiel“ geäussert an sech besuergt iwwert d‘Gewaltbereetschaft déi vu jonke Mënschen ausgeet gewisen. Et géif allerdéngs kee Grond pessimistesch ze sinn: „et ass net esou dramatesch wéi an anere Länner a mir gesinn net de Phenomen datt Jugendbanden openaner lassginn. Et gëtt keng Policestatistik déi eng Zounam vu Gewalt ënner Jugendleche weist“. Et dierf awer drop higewise ginn datt eng Persoun elo Dout ass.

Interessant dann awer, datt den Henri Kox an Erwägung zitt, datt d‘Covid19-Pandemie mat sengen Aschränkungen sech negativ op d‘Gemidder auswierkt. A wéi engem déi psychesch Belaaschtung derzou bäidréit, datt Jonker méi Gewaltbereet sinn, muss awer nach gekläert ginn. Hie warnt dann och virun der Stigmatiséierung vu Quartieren an/oder Schoulen. Hie gëtt weiderhin ze bedenken, datt d‘Police net alle Problemer léise kann iert Saachen „aus dem Rudder lafen“, an huet Recht.

Zäit aktiv ze ginn

Hei ass elo den Dialog gefuerdert an et muss sech méi intensiv ëm Preventioun gekëmmert ginn. An dësem Kontext soll et schon eng Entrevue tëscht dem Minister fir bannenzeg Sécherheet an dem Educatiounsminister ginn hunn. Um haitegen Donneschdeg ass eng Reunioun mat de verschiddenen Acteuren um Terrain virgesinn. Heibäi soll virrangeg gekläert ginn, wéi een d‘Situatioun beurteele muss. Ass dat gekläert muss sech der Koordinatioun vun de méigleche Projeten ugeholl ginn.

Bei dësen handelt et sech ëm Aktiounen an Aktivitéite ronderëm déi sensibel Beräicher vun der Gar an dem Quartier Bouneweg. Déi sollen derzou bäidroen, datt d‘Aarbecht vun der Police méi Effizient ze maachen. Als weidere Punkt, steet d‘Roll vun de sozialen Netzwierker op der Agenda. Och am Fall „Raphael“ hätten déi Verdächteg sech dësem Instrument bedéngt. Dat hätt derzou gefouert, datt den Thema och um Niveau vun der Europäescher Unioun diskutéiert gëtt.

Illustratioun: © Charles Folscher / unsplash

Related topics Bouneweg, GAR, Jugendkriminalitéit, Messerattack, Police, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post