Search

You may also like

König der Löwen – Wa Kandheetserënnerungen erwäschen
Neiegkeeten WTF

König der Löwen – Wa Kandheetserënnerungen erwäschen

Zënter dem 17. Juli 2019 zitt d’Neiverfilmung vum Der König

Europäesch Verstréckungen, riskant Diplomatie
Neiegkeeten WTF

Europäesch Verstréckungen, riskant Diplomatie

Fraen denigréieren, d‘Oppositioun verbidden, d‘Kurden ëmbréngen, de Krich am Bergkarabach

Bluddegen Uschlag zu Kabul
Neiegkeeten WTF

Bluddegen Uschlag zu Kabul

Mat op mannst nonzeg Doudeger an iwwer véierhonnert Blesséierter huet

surprise

Vläicht sollt een d‘Gewaltdéifställ och legaliséieren

Vläicht sollt een d‘Gewaltdéifställ och legaliséieren

Den ADR-Deputéierte Fred Keup huet Ufank Mee dem Minister fir bannenzeg Sécherheet an der Justizministesch eng Rei Froen (parlamentaresch Fro 4218) gestallt, déi him bei der Lecture vun der Police-Statistik zu Gemitt komm sinn.

An dësem huet den engagéierte Parlamentarier notéiert, datt et am Kontext vun den Déifställ mat Gewaltuwennung, 420 Mënschen gi sinn déi dobäi blesséiert goufen. Hie stellt zudeem nach fest, datt bal all zweeten Dag eng Persoun den Smartphone an/oder d‘SIM-Kaart gezoppt krut. Unhand der Statistik war awer net feststellbar, wéi vill vun dësen Iwwerfäll opgekläert goufen an wéi oft den oder déi Täter vun der Justiz veruerteelt goufen.

Déi gemeinsam Äntwert ass mindestens esou erstaunlech wéi de Grond firwat d‘Stad Lëtzebuerg sech eng privat Sécherheetsfirma geholl huet, fir gewësse Quartieren ze securiséieren. Esou heescht dann och datt: „Et gi nach keng Statistike wéi vill Iwwerfäll opgekläert gi sinn“. Et wieren awer 25 Persounen an éischter Instanz veruerteelt ginn, esou d‘Ministeren, déi dofir eng Erklärung hunn.

Et ass natierlech der Pandemie geschëlt, an et huet jo kaum Audienze ginn, ausser et huet wierklech eng Urgence oder eng aner kapital Ursaach ginn. Et géif an dësem Kontext allerdéngs de Bierger schonn interesséieren, wéi vill vun „dësen Affären“ opgekläert goufen an den/déi Täter konnten ermëttelt ginn. Och dës Informatioun wier eng nëtzlech, an dat se net enthalen a schlechten Omen.

Gewaltdéifställ

Well den Deputéierte vun de Minister dann och nach eppes zum Täterprofil wësse wollt, heescht et an der Äntwert: „Um Niveau vun den Justizautoritéiten an der Strofverfolgung, gëtt et keen Zerwiss deen sech mat kriminologeschen Analyse respektiv mat Täterprofiller beschäftegt“. Dat ass scho Krass, well Zäit fir „geheim“ Fichieren unzeleeën hat een, net awer fir en Täterprofil ze erstellen.

Dëse wier allerdéngs scho relevant, wann et da sollt eescht gemengt gewiescht sinn, datt een sech virhëlt méi Preventioun an Accompagnement ze maachen. Unhand den Äntwerten, déi dem Fred Keup esou zougedroe goufen, ass ee bal genéidegt dem Stater Schäfferot seng „Nout“ ze verstoen, och dann, wann een eigentlech ganz iwwerzeegt ass, dat de Gewaltmonopol beim Staat muss leien.

Illustratioun: Datt et net nëmme „schwaarz & wäiss“ gëtt, grad wann ee vu Kriminalitéit schwätzt, dat ass wuel richteg, de Leit ze erzielen et wéisst een awer net mat wien een et ze dinn huet, dat dierft de ville Beamten déi eng ganz wäerteg a wichteg Aarbecht maachen, esou och net wierklech gerecht ginn. © Marc Schaefer / unsplash

Related topics adr, déi gréng, Fred Keup, Gewaltdéifställ, Henri Kox, parlamentaresch Fro 4218, Police, Sam Tanson
Next post Previous post