Search

You may also like

Riseg Pëtrolsquell am Iran entdeckt
International Neiegkeeten

Riseg Pëtrolsquell am Iran entdeckt

Eng Pëtrolsquell mat engem Potenzial vu geschätzt 53 Milliarde Barrel,

Cargolux zelebréiert een halleft Joerhonnert voller Erfolleger!
International Neiegkeeten

Cargolux zelebréiert een halleft Joerhonnert voller Erfolleger!

Mat engem eenzege Fliger an enger Hand voll Mataarbechter konnt

EU-Ausseminister gesinn sech op Malta
International Neiegkeeten

EU-Ausseminister gesinn sech op Malta

Um Freideg den 28.Abrëll hunn sech op Malta d’EU-Ausseminister getraff

Gewaltdot an Norwegen

Fënnef Affer an zwee schwéier blesséierter bei presuméiertem Attentat zu Kongsberg

Gewaltdot an Norwegen

An der Stad Kongsberg, eng 80 Kilometer südwestlech vun der Haaptstad Oslo huet um fréien Owend ee Mann, bewaffent mat Bou a Feiler, am Stadzentrum op d‘Leit geschoss. Bei engem éischte Pressepunkt, huet de Policechef Øyvind Aas erkläert, datt déi blesséiert Persounen an d‘Spidol bruecht goufen, ënnert hinnen e Polizist, deen awer zur Dotzäit net am Déngscht war.

Entspriechend den Erläuterunge vum Policechef, war der Police ee Mann gemellt ginn, dee sech wéi scho gesot, mat Bou a Feiler duerch d‘Stad beweege géif an op d‘Leit schéisst. Dat erkläert dann och firwat d‘Affer am Stadzentrum „verdeelt“ opfonnt goufen. Zu den Hannergrënn kann d‘Police zur Stonn keng weiderféierend Informatioune ginn, et géif een awer keng Pist auslossen.

De Mann, esouvill ass scho gewosst, ass ee sougenannte Konvertit, also eng Persoun déi der islamescher Relioun bäigetrueden ass. De Mann dee vun de Police zäitno konnt verhaft ginn huet bis ewell nach keng Ausso gemaach, firwat d‘Police den Ament eng „terroristesch“ Dot och net ausschléisse kann. Den norwegesche Geheimdéngscht PST ass un der Enquête bedeelegt ginn.

Kongsberg

Weider ass duerchgedrongen, datt den Täter, de Rainer Winklarson seng Dot méiglecherweis scho virun Deeg op sengem Youtube-Kanal „ugekënnegt“ huet. Dovunner sinn eng Rei Medie wéi et schéngt iwwerzeegt. Well d‘Ermëttlungen awer nach lafen, konnt d‘Police gëschter Owend keng weider Ausso maachen. Géint Mëtteg, esou de Stand, soll et méi Detailer vun der Police ginn.

mat indymedia/osl

Illustratioun: © Gioele Fazzeri / unsplash

Related topics Affer, Gewaltdot, Kongsberg, Motiv, Norwegen, Police, Terror
Next post Previous post