Search

You may also like

D’Saison vun den Harespelen – Enn oder Héichpunkt?
Neiegkeeten

D’Saison vun den Harespelen – Enn oder Héichpunkt?

Den Héichsummer bedeit fir munch Harespelzorten den Ufank vum Enn

Den Nutriscore zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Den Nutriscore zu Lëtzebuerg

Déi zoustänneg Autoritéiten aus der Belsch, Frankräich, Däitschland, Lëtzebuerg, Holland

Vereedegungsmarathon fir d’Gemeng Helperknapp
Neiegkeeten

Vereedegungsmarathon fir d’Gemeng Helperknapp

Um haitege Mëtteg sinn de Buergermeeschter, wéi och dräi Schäffe

D’Gewässerschutzdirektiv bleift an aktueller Form bestoen

D’Gewässerschutzdirektiv bleift an aktueller Form bestoen

D’EU-Kommissioun huet decidéiert, datt d’EU-Gewaässerschutzdirektiv WRRL e grondleeënd Element vun der Ëmweltgesetzgebung ass an dofir an der aktueller Form bestoe bleift. Nodeems iwwer 2 Joer e Fitnesscheck organiséiert an eng EU-wäit Biergerconsultatioun lancéiert ginn ass, konnt een dës Entscheedung um 22. Juni 2020 der Ëffentlechkeet presentéieren.

natur&ëmwelt begréisst dëse Schrëtt vun der Kommissioun. Bei enger Ännerung hätt d’Gefor bestanen, datt d’Direktiv ënnert dem Drock vun de Memberstaaten ofgeschwächt géif ginn. D’WRRL ass am Joer 2000 zum Schutz vun de Gewässer opgestallt ginn a gehéiert zu den ambitionéiertsten a komplettsten Gesetzestexter an der ganzer EU a Saachen Ëmweltschutz.

Ganzer 8 Joer drop ass d’Direktiv an dat nationaalt Recht iwwerdroe ginn. Bis 2015 sollt a ganz Europa e gudde chemeschen an ekologeschen Zoustand vun den Uewerflächegewässer an dem Grondwaasser erreecht ginn. D’Zil erfëllt huet een awer net.

Schonn 2027 leeft déi wichteg Direktiv aus, déi de Kader setzt fir Flëss, Baachen a Fiichtgebidder, sou wéi hir Diversitéit un Déieren a Planzen nohalteg ze schützen. Et ass warscheinlech, datt och bis a 7 Joer d’Ziler nach ëmmer net erreecht wäerte ginn. Ufank vun dësem Joer huet ee soumat doriwwer diskutéieren, den zäitleche Kader ze erweideren oder d’Ziler erofzeschrauwen.

Zur leschter Méiglechkeet gouf et eng kloer Äntwert: 375.000 Bierger aus der ganzer EU fuerdere weiderhin den Erhalt vun der Gewässerschutzdirektiv, souwéi eng besser Implementéierung an de Memberstaaten. Beim Fitnesscheck koum eraus, datt d’Direktiv e bessere Schutz fir d’Gewässer garantéiert an och de Risikomanagement bei Héichwaasser besser ass, wéi wann et d’Direktiv net géif ginn.

natur&ëmwelt hieft ervir, datt esou net nëmmen d’Waasserversuergung nohalteg geséchert, mee och den Aarteverloscht gestoppt, d’Biodiversitéit gefërdert a sech un de Klimawandel ugepasst gëtt, fir dësen effektiv ze bekämpfen.

All Medaille huet zwou Säiten

Op der Géigesäit zu den EU-Bierger stoungen d’Lobby- an Interessegruppen, déi mat Drock eng Ofschwächung vun der Direktiv erzwénge wollten. Elo muss sech d’EU-Kommissioun awer glécklecherweis dofir asetzen, datt d’Implementéierung vun der Gewässerschutzdirektiv beschleunegt an d’Ziler bis 2027 erreecht kënne ginn.

D’Ëmsetzung vu verschidde Moossname war am Endeffekt méi schwiereg, wéi geduecht, wouduerch et och méi laang gedauert huet, wéi erwaart, fir Effizienz a Konsequenz ze weisen.

Fir positiv Effekter am Gewässer a Grondwaasser ze gesinn, braucht et deelweis e puer Joer. Mam Klimawandel sinn och nach verschidde Faktoren dobäikomm, déi am Gebuertsjoer vun der Direktiv nach net beduecht gi sinn.

T’gëtt nach vill ze maachen!

Ma, och Lëtzebuerg muss nach vill u sech schaffen. natur&ëmwelt informéiert, datt beispillsweis 90 % vun den Uewerflächegewässer eng sougenannt hydromorphologesch Opwäertung brauchen. Just 3 % vun de Gewässer sinn momentan a guddem Zoustand. D’Zuel un ausgewisenen Drénkwaasserschutzzonen, Campagnen zum Ëmweltschutz a Moossnamen zur Reform vum Waassermanagement ass zwar an d’Luucht gaangen, an awer feelt et nach un der praktescher Ëmsetzung zu Lëtzebuerg.

natur&ëmwelt fuerdert d’EU-Kommissioun an de Lëtzebuerger Ëmweltministère dozou op, alles dorun ze setzen d’Gewässer nohalteg ze schützen a propper Uewerflächegewässer ze sécheren. Proppert Waasser ass d’Grondlag vun all Liewen, dat och an der Europäescher Unioun an am Groussherzogtum.

Opmaacherbild: © Timothy Meinberg / Unsplash

Related topics Ëmwelt, Ëmweltschutz, Flora a Fauna, Gewässerschutzdirektiv, Grondwaasser, Klimawandel, natur&ëmwelt, Uewerflächewaasser, WRRL
Next post Previous post