Search

You may also like

Krautmaart: de Budget ass duerch!
Neiegkeeten

Krautmaart: de Budget ass duerch!

Et gouf gëschter um Krautmaart nach déi leschten „Interventiounen“ zum

What the Fakt – Viru 36 Joer kënnt den Album Thriller eraus
Neiegkeeten

What the Fakt – Viru 36 Joer kënnt den Album Thriller eraus

Hie war ee vun der erfollegräichste Museker an Entertainer weltwäit,

En zweet „Fréijoer“ fir Däitschland a Groussbritannien
Neiegkeeten

En zweet „Fréijoer“ fir Däitschland a Groussbritannien

Beim klenge Sommet zu Chequers, dem Landsëtz vun der brittescher

Äre Projet (m)am Naturpark 2021 – Sechs kreativ, innovativ an nohalteg Iddien hunn iwwerzeegt

Äre Projet (m)am Naturpark 2021 – Sechs kreativ, innovativ an nohalteg Iddien hunn iwwerzeegt

Wousst Dir schonn, datt onperfekt an ofgelafe Liewensmëttel nach iessbar sinn? Datt de Bësch e grénge Geescht huet, deen all d’Geheimnisser vun der Natur kennt? Oder datt Veianen bekannt fir de Wäibau war? Déi 6. Gewënner vun der 4. Editioun vun „Äre Projet (m)am Naturpark“ beweisen eng ausseruerdentlech Kreativitéit, ruffen zur Nohaltegkeet op a loossen eis einfach nëmme staunen!

Nodeems den Naturpark Öewersauer an Our, sou wéi dem Natur- & Geopark Mëllerdall am Fréijoer nees zum beléifte Concours opgeruff hunn, konnten 21 Iddie vu Privatpersounen, Veräiner an Entreprisen agereecht ginn. Ma, ganzer 6 Projeten kënnen elo net nëmme vun enger Auszeechnung, mee och vu finanzieller Ënnerstëtzung tëscht 2.000 a 6.000 € profitéieren.

  1. Präis: „on.perfekt“ – Wa Liewensmëttel eng zweet Chance kréien

Eng Kooperativ vun Housen huet sech e besonnescht Zil gesat: Liewensmëttel déi net der Norm entspriechen, esou just ofgelaf awer nach laang net déidlech sinn oder och den een oder anere Schéinheetsfeeler hunn, sollen demnächst am „on.perfekt“-Buttek verkaaft ginn.

Kaschten doen d’Produiten manner wéi am traditionelle Supermarché. Weider positiv Punkte sinn awer och, datt géint d’Liewensmëttelverschwendung virgaange gëtt, d’Verbraucher opgekläert a sensibiliséiert ginn.

Mat hirem Präisgeld vu 6.000 € plangt d’Ekipp eng Killzell fir d’Lagerung vu Geméis, Uebst a frësche Produiten ze kafen.

Äre Projet (m)am Naturpark
D’Ekipp vun on.perfekt

2. Präis: Kultrun ASBL – Theater an der Natur

Dësen Theaterbesuch kléngt magesch, spannend an villfälteg zugläich. Bei enger Aventure am Bësch verréit „De Grénge Mann“, Geescht a Gardien vun der Natur, Kleng a Grouss d’Geheimnisser vun de Beem a wëlle Planzen. Zuelräich Legenden a Geschichten beliewen net nëmmen d’Flora an d’Fauna, mee loossen eis Imaginatioun faarweg iwwerspruddelen.

Eng kleng Stäerkung a Form vun enger Brennesselszopp, mat wëlle Planzen aus dem Bësch, rënnt dëse Spektakel perfekt of. Weider Informatiounen dozou fannt Dir op kultrun.lu.

Mam Präisgeld an Héicht vu 5.000 € soll Material fir den Theater kaaft ginn, sou wéi 6 Opféierungen an den 3 Lëtzebuerger Naturparke geplangt ginn.

Äre Projet (m)am Naturpark
Souguer de grénge Mann vun der Kultrun Asbl ass op d’Präisiwwerreechung komm.

3. Präis: Dreamland Creative Space

Net wäit vum Schlass ewech an direkt an der Foussgängerzon vu Wolz wäert d’Fotografin Caroline Martin Ausstellungen organiséieren, lokal Produite verkafen an en Uert vun der Renconter bidden. Ënnert dem Numm „Dreamland Creative Space“ wäerten zousätzlech Workshops, Liesungen an Diskussiounsronnen organiséiert ginn. Kuerz gesot: Hei soll d’Kreativitéit sech entfale kënnen an déi lokal Artisten a Produzenten eng Plattform gebuede kréien.

Déi 4.000 € Präisgeld gi genotzt fir d’Ausstellungszëmmer ze equipéieren a Material fir de Bau vun enger Bühn ze kafen.


D’Caroline Martin freet sech zu Woltz eng kreativ Plattform opbauen ze kënnen.

Nieft dësen dräi Haaptpräisser duerften 3 weider Projeten sech, wéinst hirem immensen Engagement, iwwert 2.000 € freeën.

Wäibau am Éislek

Schonn zënter dräi Joer verfollegt de Marc Roeder d’Zil, sech nieft dem Mëllechbetrib en zweet Standbeen opzebauen. Wärend zu Tandel d’Riefzort Solaris ugebaut gëtt, wiisst op enger nach méi grousser Fläch zu Fuhren de Riesling.

Erwaart een Riewen a Wäin dach éischter un der Musel, esou huet d’Géigend ëm Veianen eng al kulturhistoresch Traditioun an dësem Beräich virzeweisen. Bis zum Ufank vum 19. Joerhonnert war Veianen nämlech d’Wäibaugebitt schlechthin. An dësem Kader dréit de Marc Roeder säin Deel bäi, d’Traditioun nees opliewen ze loossen a wäert sech Ubaufläch erweideren. Nach an dësem Joer soll d’Produktioun vum eegene Wäin starten.


Mat sengem Projet erhält de Marc Roeder déi kulturhistoresch Traditioun vum Wäibau an der Regioun ronderëm Veianen.

Einfach akachen: Fir eng nohalteg Verwäertung vun Uebst a Geméis

Zënter Joren kacht d’Annette Demuth-Lutgen vun Eschduerf hiert Uebst a Geméis aus dem eegene Gaart an. Domat mécht si dës Produiten aus der Natur net nëmmen iwwert e ganz laangen Zäitraum haltbar, mee wiert sech och nach géint Liewensmëtteloffäll a laang Transportweeër.

Wéi d’Akache fonctionnéiert, an datt weder Gout, nach Nierstoffer verluer ginn, wäert si an Zukunft a Form vu Workshops a Publikatioune probéieren un d’Ëffentlechkeet ze bréngen. Mam Präisgeld wäert d’Gewënnerin zwee Hochbeeter fir hir Coursen kafen, an de Rescht an eng Reenopfänkanlag investéieren, fir esou ressourcëschounend schaffen ze kënnen.


Wéi een Uebst a Geméis akachen, an domat laang haltbar maache kann, wäert d’Annette Demuth-Lutgen a senge Workshops erklären.

Waassersport um Stauséi – Fir de Spaass un an am Waasser

Eigentlech ass d’Madamm Cools säit zwee Summeren mat hirem Foodtruck un der Plage zu Lëlz present an huet do d’Visiteure mat leckere Kreatioune begeeschtert. Ëmmer erëm koum d’Fro vu Clienten, ob a wou d’Méiglechkeet besteet, Stand-Up-Paddles, Kajaks, Kanus a villes méi wat dem Waassersport déngt, auszeléinen.

Schliisslech huet si decidéiert, de Visiteuren dëst selwer unzebidden. D’Präisgeld wäert also dofir investéiert ginn, sech den Equipement unzeschafen.


D’Madamm Cools wäert un der Plage zu Lëlz net nëmmen Kreatiounen aus dem Foodtruck, mee och d’Locatioun vu Waassersportequipement ubidden.

Mir gratuléieren alle Gewënner a si scho gespaant, wat eis an Zukunft mat dëse super Projeten erwaart.

Opmaacherbild: D’Gewënner vun der 4. Editioun Äre Projet (m)am Naturpark © Yannick Stirn
Fotoen am Artikel: Naturpark.lu / Facebook

Related topics Akachen, Annette Demuth-Lutgen, Äre Projet (m)am Naturpark, Brennesselszopp, Caroline Martin, De Grénge Mann, Dreamland Creative Space, Gewënner, Kreativitéit, Kultrun ASBL, Liewensmëttelverschwendung, lokal Produiten, Madamm Cools, Marc Roeder, on.perfekt, Riesling, Schéinheetsfeeler, Solaris, Stauséi, Veianen, Waassersport, Wäibau am Éislek
Next post Previous post