Héich Infektiounszuelen si schlecht fir den Tourismus
Säit dem Deconfinement mat senge Gesetzer déi kee Mënsch versteet
Um sougenannte Purple Day steet d’Sensibiliséierung zum Thema Epilepsie am
Den CSV-Politiker Marco Schank trëtt den 13. Oktober 2020, bei
Fir beim Gewënnspill matzemaachen wire mir immens frou, wann Dir op Facebook Fan vu Moien.lu géift ginn. Sot eis uschléissend an de Kommentarer wéi laang d’Streck vum Auto-Cross zu Helleng ass. Markéiert déi Persoun, mat där Dir gären op d’Course zu Helleng goe wëllt. D’Deelen an/oder Liken vum Gewënnspill ass kee Muss, mee gären gesinn. Ënnert alle Persounen, déi dës béid Punkter erfëllen, verlouse mir 3 x 2 Entréeën fir d’Course um 3. a 4. August 2019.
Der Definitioun no handelt et sech em eng Course am Sprintstil, un der een souwuel mat den Autocross-Gefierer (z.B. Engem Buggy), wéi och Toureween a PKW’en deelhuele kann. Am Géigesaz zu enger Rallye muss d’Rennstreck net permanent bestoen, se muss allerdéngs eng Gesamtlängt vun 600 bis 2000 Meter hunn.
Bis haut ass ee sech net ganz eenz, wéi dëse Rennsport entstanen ass. Allerdéngs geet een dovunner aus, datt déi éischt Coursen an de 40er Joer a Groussbritannien gefuer gi sinn. De Rescht vun Europa ass eréischt 1968 op den Auto-Cross komm. Hei war et dat klengt Duerf Großhöflein an Éisträich, wou déi éischt Course organiséiert ginn ass.
Fir de spektakuläre Sig huet deemools de Walter Roser mat sengem Renault Alpine A110 gesuergt. Mat dobäi war iwwregens och de spéidere Formel-1-Weltmeeschter Jochen Rindt.