Search

You may also like

Galerie: E Stroummast gëtt erneiert
Neiegkeeten

Galerie: E Stroummast gëtt erneiert

Wat fir deen een näischt Besonnesches ass, ka fir deen

Éischten Infektiounsfall zu Schrasseg (kommentéiert)
Neiegkeeten

Éischten Infektiounsfall zu Schrasseg (kommentéiert)

Et ass interessant wat et zu Lëtzebuerg am Kontext vun

What the Fakt – Déi lescht Folleg vu „Wetten, dass…?“
Neiegkeeten

What the Fakt – Déi lescht Folleg vu „Wetten, dass…?“

Mat 35. Staffele war déi däitsch Fernsehshow „Wetten, dass…?“ eng

GEWENNSPILL 2019: De MELLIS Hunnegbéier waart op Iech!

GEWENNSPILL 2019: De MELLIS Hunnegbéier waart op Iech!

Och am Hierscht soll gefeiert ginn – A wéi kéint a geselleger Ronn besser ugestouss ginn, wéi mat engem MELLIS Hunnegbéier? Dofir waarden an der Moien Redaktioun eng Rei Fläschen, gefëllt mam séissen happegem Gold!

Zesumme mat de Jongen vun der Stuff hunn de Paul an de Marc vu MELLIS virun net all ze laanger Zäit den neien Hunnegbéier op de Maart bruecht a begeeschteren zënterhier d’Geschmacksknospen vun de Clienten. Wat bis ewell éischter bei eisen däitschen Noperen bekannt ass, fënnt lues awer sécher groussen Uklang zu Lëtzebuerg. Vläicht wëllt jo och Dir Iech de Goût op der Zong zergoe loossen?

Wou et bei MELLIS den Hunnegschnapps ass, stécht d’Brauerei STUFF vu Steesel mat der Iddi vun enger klenger artisanaler Brauerei ervir. Wisou also net zesumme schaffen? Dobäi ass d’Iddi eigentlech simpel: Den Hunneg, deen de Paul an de Marc vu verschiddene Lëtzebuerger Imkereien kréien – jo, si passen op lokal Produktioun op – gëtt bei der Fermentéierung dobäi gemëscht. Doduerch ass zwar am Endeffekt méi Zocker do, wat dat Ganzt awer op kee Fall ze séiss mëscht.

MELLIS Hunnegbéier

© Shari Pleimelding / moien.lu

Matmaache gëlt!

Elo ass et un Iech – Mir verlousen 3 x 1 Sixpak vum MELLIS Hunnegbéier. D’Reegelen sinn dobäi ganz einfach: Gitt Fan vun Moien op Facebook, hannerloosst beim Beitrag vum Gewënnspill een LIKE a beäntwert folgend einfach Fro:

„Aus wéi enger Kooperatioun eraus ass de MELLIS Hunnegbéier entstanen?“

Ausgeloust gëtt e Méindeg, den 21. Oktober 2019. D’Gewënner ginn dobäi op Facebook vun eis kontaktéiert. Mir wënsche vill Gléck!

  Konditiounen
Related topics Brauerei Stuff, Gewënnspill, Hunnegbéier, Hunnegschnapps, lecker, MELLIS, Sixpak
Next post Previous post