Search

You may also like

De Cascade… kee Béier an awer mat Happ zesummegeschrauft
Neiegkeeten

De Cascade… kee Béier an awer mat Happ zesummegeschrauft

Offiziell heescht et de Cascade ass ee gehappten Äppelwäi mat

Zero Waste Konferenz – Um Wee zu enger Plastik-fräier Gesellschaft?
Neiegkeeten

Zero Waste Konferenz – Um Wee zu enger Plastik-fräier Gesellschaft?

Den Oekozenter Pafendall an de Mouvement Écologique hu geruff, Dir

Chantier Knuedler: Eng Momentopnam
Neiegkeeten

Chantier Knuedler: Eng Momentopnam

Wann ee sech drop kann eenegen, datt Parkplazen am beschten

Gewerkschafte vum Banken- an Assurancësecteur hunn en Dissens

Gewerkschafte vum Banken- an Assurancësecteur hunn en Dissens

Déi lescht Woch waren d‘Gewerkschaften ALEBA, LCGB-SESF an OGBL-SBA sech nach doriwwer eens, datt ee mat „enger Stëmm“ misst schwätzen, an net no Baussen iwwert den Oflaf vun de Verhandlungen zum neie Kollektivvertrag am Bankesecteur sollt kommunizéieren.

Et huet gehale bis dëse Méindeg, an aus dem Communiqué vum OGBL-SBA vum Méindeg ass erauszeliesen, datt et en Dissens gëtt. An wann sech der zwee streiden, muss een engem Drëtten dat och erzielen. De Grond ass dann awer virun allem, datt si (OGBL) eigentlech d‘Informatioun just un hir Delegéiert wollte weiderleeden… am Internet.

D‘Informatioun war also net fir d‘Medie bestëmmt. Mee wei et esou ass, wat eis näischt ugeet mécht eis besonnesch virwëtzeg, a well dat mat der Kommunikatioun net ëmmer ganz esou klappt, kucke mir dann och emol selwer op de Säite vun de Gewerkschaften no wat et Neies gëtt. Dëse „faux-pas“ huet der ALEBA net gefall, a si hunn sech dann och via Pressecommuniqué „gewiert“.

Eigentlech just eng Basis-Informatioun

Dat Dokument wéinst deem elo den Dissens entstanen ass, gëtt eigentlech nëmmen Informatiounen zum aktuelle Stand vun de Verhandlunge Präis. Aus deem ass ze enthuelen, datt et Reuniounen an Diskussiounen zu den Themen: „Pai a Statut“, „Formatioun“ an „Aarbechtszäit“ ginn huet. Dat si wuel wichteg Punkten, well et hei besonnesch schwéier ass mam Patronat en Accord ze fannen.

Un a fir sech kee Grond kazeg ze ginn, wann et engem da géif geléngen seng Emotiounen do ze loosse wou se higehéieren. Wann déi awer d‘Iwwerhand huelen, kënnt et séier zu Reiwereien an wann d‘Kand bis am Buer läit, ass schwéier dru kommen. D‘ALEBA „bedauert“ dann och am Communiqué datt et beim OGBL u Loyalitéit feelt, wat d‘Verhandlungen a Gefor bréngt.

Den ALEBA-Generalsekretär Laurent Mertz gëtt dann och am Communiqué zitéiert: „Um Niveau vun der gewerkschaftlecher Front huet et tatsächlech e Konsens zum erhale vun der Diskretioun am Zesummenhang mam Inhalt vun den Diskussioune ginn, an et ass enttäuschend, datt, wahrscheinlech aus wahlpoliteschem Grond den OGBL säi Verspriechen net gehalen huet“.

Et ass eben alles immens komplex

Wann de Laurent Mertz erkläert, datt „d‘Diskussioune sinn technesch, ëmfangräich, komplex an mussen net an der Ëffentlechkeet breetgetrëppelt ginn“ kéint hie Recht hunn. Wann dann awer och nach am Communiqué steet: „d‘ALEBA wëll d‘Informatiounen déi vun der sozialistescher Gewerkschaft publizéiert gi sinn net kommentéieren“, sollt een esou eng Ausso net maachen.

Mat hirem Communiqué huet d‘ALEBA awer dee richtege Knäppche beim OGBL-SBA getraff, firwat déi da gëschter eng Pressekonferenz zu Sujet ofgehalen hunn. Hei huet dann d‘Véronique Eischen vun der „Exekutive“ zum Géigeschlag ausgeholl, an den „Ugrëff“ vun der ALEBA als absolut inakzeptabel bezeechent huet.

Et wier absolut normal datt e géif kommunizéieren, an déi Delegéiert hätte jo och en Usproch op Informatioun. D‘Véronique Eischen weist an dësem Kontext dann och drop hin, datt d‘ALEBA ëffentlech zu der Prime vum 3. Juni kommunizéiert huet. Do hätten si déi aner Gewerkschaften och net informéiert, an et hätt keen eng „opgefouert“.

Et alles gesot, berouegt iech nees

Datt am Beräich vun der Kommunikatioun, besonnesch wann et Ofsprooche gëtt, awer zu „leaks“ komme kann, dat sollt an Tëschenzäit och bei de Gewerkschaften ukomm sinn. Fir sech dann an der Ëffentlechkeet mëttels Pressecommuniquéen a -Konferenzen ze streiden, ass dat lescht wat de Salariéeën hëlleft. Do laacht sech d‘Patronat eng Boss a reift sech d‘Hänn.

Bedréckend dann och, datt ee sech kennt, an dat net eréischt vu Gëschter. Do misst een dann dierfen unhuelen, datt een den Telefon an de Grapp hëlt a matenee schwätzt. Esou awer gëtt den Dissens, och wann dësen duerchaus Versteesdemech huet, zum Géigestand vun enger medialer Campagne. An do ass et wéi mam Trump sengem Handelskrich, dee ka kee gewannen.

Related topics ALEBA, Gewerkschaften, OGBL-SBA. LCGB-SESF
Next post Previous post