Search

You may also like

Déi gréng mussen hir Regierungsekipp nei opstellen
Neiegkeeten

Déi gréng mussen hir Regierungsekipp nei opstellen

Wéinst dem nach ëmmer schlechte Gesondheetszoustand vum Justizminister Félix Braz,

Haut de Mëtteg 16 Auer: IMPRO KANNER SHOW
Neiegkeeten

Haut de Mëtteg 16 Auer: IMPRO KANNER SHOW

Dir hutt bei dësem flotte Wieder nach keng Ahnung wat

money
Si hunn d‘Convivialitéit nees hiergestallt
Neiegkeeten

Si hunn d‘Convivialitéit nees hiergestallt

Fir d‘Reouverture vun den Entreprisen ze wierdegen, fir net ze

Bausecteur: Zwou Gewerkschafte ginn Hand an Hand

Bausecteur: Zwou Gewerkschafte ginn Hand an Hand

Et kënnt seele genuch vir, an dat sollt a de Beschäftegten am Bausecteur Hoffnung maachen: den OGBL an den LCGB dinn sech zesumme fir en uerdentleche Kollektivvertrag mam Patronat op d‘Blat ze kréien. E Patronat dat sech wéi gewinnt mat Hänn a Féiss wiert.

An et hätt ee bestëmmt gäre Matleed mat de Patronen aus dem Bausecteur, déi sech kee Rot méi wëssen, wou se all déi Hänn sollen hierhuelen, déi gebraucht ginn, fir de sëlleche Chantiere Meeschter ze ginn. D‘Optragsbicher sinn op Joren ausgefëllt, et gëtt bal all gefuerderte Präis vum Client bezuelt, mee dem Aarbechter eppes ofginn, also wann ech gelift elo.

Dat gesinn dann déi zwou gréisste Gewerkschaften am Land eppes anescht, an esou ass gëschter zu Esch Uelzecht emol fir unzefänken drun erënnert ginn, datt dee leschte Kollektivvertrag am September 2016 ausgelaf ass. Zanterhier muss dann och festgestallt ginn, datt een et op Patronatssäit drop uleet eng geféierlech Konfliktsituatioun erbäizeféieren.

Zanter 20 Méint, esou de Jean-Paul Baudot (LCGB) an de Jean-Luc Matteis (OGBL) verstoppen sech d‘Vertrieder vun de Patronatsorganisatioune. Ganzer dräi mol hätt et eng Entrevue ginn, an op Bréiwer gëtt anscheinend guer net reagéiert, wëll zéng Méint fir eng Äntwert ze brauchen, dat kennen eigentlech just d‘Cliente vun eben dëse Patronen.

Voll Optragsbicher a steigenden Ëmsaz

Vläicht ass et dem Patronat aus dem Bausecteur entgaangen, mee am Ament ass a kengem Secteur zu Lëtzebuerg esouvill Geld ze verdéngen, wéi eben am Bau. Direkt beschäftegt am Secteur, sinn eng ronn 18.000 Aarbechter, an do ass net een ze vill, ganz am Géigendeel. Zudeem gëtt och kaum ee Secteur an deem esouvill Iwwerstonne geleescht ginn.

D‘Patronat dat sech, wéi een esou schéi seet: „domm an däämlech verdéngt“ weigert sech awer standhaft iwwert eppes méi Geld an der Paitut ze verhandelen. Wou kéim een dann och hin, wann een op emol géif op Gehaltsfuerderungen agoen? Esou liicht war d‘Geld nach ni verdéngt an elo soll ee dem Personal eppes dovunner ofginn? D‘Patronat seet däitlech: „Net mat eis!“

An dobäi sinn d‘Fuerderunge vun de Gewerkschaften net mat den Hoer erbäigezunn, ganz am Géigendeel. Déi fillen sech och no bal zwee Joer nach ëmmer dem sozialen Dialog verflicht. D‘Patronat sengersäits wëll eng flexibel Aarbechtszäit erzwéngen, ouni och nëmmen eng Undeitung ze maachen, datt ee sech dofir misst un en Dësch setzen a seriö Verhandlungen agoen.

Hei stellt sech dann och d‘Fro, op et net un der Zäit wier d‘Aarbecht néier ze leeën? Am Secteur huet et wuel individuell hei an do eppes méi Geld ginn, generell awer verhält et sech esou, datt et säit 2016 näischt méi an der Paitut ginn huet. Déi lescht „Erhéijung vum Loun“ war am Kollektivvertrag vun 2013 (1% fir 2013 an 0,7% fir 2014/15) vereenbart ginn.

Elo ass ugesicht der grousser Demande, net eleng den Ëmsaz fir d‘Patronat ëm bal 17% an d‘Luucht gaangen, och de netto Benefice huet sech ganz gutt entwéckelt. An kann een d‘Roserei vun de Gewerkschaftsvertrieder verstoen: „De Secteur huet d‘Kris ganz gutt iwwerstanen an och d‘Perspektive kéinte besser net sinn. (…) Mir si keen Heeschepak, mir wëlle just wat eis zousteet“.

Keng iwwerdriwwe Fuerderungen

Wat d‘Vertrieder vun OGBL an LCGB fuerderen, dat sinn 1,5% méi Loun pro Joer, dat fir d‘Dauer vum Kollektivvertrag. E Kollektivvertrag dee iwwer dräi Joer (2018-2020) Bestand soll hunn, an och retroaktiv fir d‘Joren 2016 an 2017 soll gëllen. Eng Demande déi awer vum Patronat kategoresch refuséiert gëtt, woubäi op eng Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäite bestane gëtt.

Déi verlaangen, datt dës Aarbechtszäiten notamment un d‘Wiederkonditioune missten dierfen ugepasst ginn. En Argument dat, wann ee sech da vu Patronatssäit géif bereet erklären, sech och un de Verhandlungsdësch ze sëtzen, bestëmmt och diskutéiere léisst.

Aktuell ass et dann awer nach ëmmer esou, datt déi maximal Aarbechtszäit op 48 Stonne/Woch festgeluecht ass, an alles wat iwwer 40 Stonnen erausgeet, och als Iwwerstonne muss bezuelt ginn. D‘Patronat hätt gären datt een dat op 58 Stonne/Woch erwiedert, esou d‘Gewerkschaften, déi iwwerhaapt mat der Gesamtapproche vum Patronat net kënnen averstane sinn.

Do wou et dann och besonnesch klemmt, ass de Fait, datt d‘Patronat den Aarbechter eng Zort Zäitkont op d‘Joer wëllen op d‘A drécken. Dat heescht, datt déi Aarbechtszäit déi am Wanter wéinst dem Wieder verluer geet, am Fréijoer duerch verlängert Schaffdeeg nees soll opgeholl ginn. Et soll also dem Patron erlaabt ginn, den Aarbechter 12 Stonnen den Dag schaffen ze doen.

Hei ass et just esou, datt duerch den Zäitkont, den Aarbechter um Enn vum Joer dann ënnert dëse Konditiounen net iwwert eng Wochenaarbechtszäit vu 40 Stonne kënnt, an de Patron keng Iwwerstonne méi misst bezuelen. OGBL an LCGB stellen dréche fest, datt dat fir d‘Aarbechter en Akommesverloscht vu bis zu 30% bedeit, wat net akzeptabel ass.

Elo ass een awer, esouwäit een den Deklaratioune vun de Gewerkschaftsvertrieder follege kann, nach wäit vun engem „Streik“ ewech an och vun engem Warnstreik war um Donneschdeg näischt ze héieren. Woubäi och d‘Gewerkschaften elo awer méi Drock op d‘Patronat mussen ausüben, wann se hirer Verantwortung géintiwwer hire Memberen am Secteur wëlle gerecht ginn.

Related topics Bausecteur, Gewerkschaften, LCGB, OGBL, Patronat
Next post Previous post