Search

You may also like

UNO: d‘Nikki Haley kritt sech net géint d‘Hamas duerchgesat
International Neiegkeeten

UNO: d‘Nikki Haley kritt sech net géint d‘Hamas duerchgesat

Et ass eng vu senge leschten Aktiounen, an et hat

Eng lieweg Avenue Pasteur: Elo!
International Neiegkeeten

Eng lieweg Avenue Pasteur: Elo!

déi gréng Stad Lëtzebuerg hunn en Dënschdeg, de 5. Oktober

Dikrich TV – Eng Stad start hir eegen Tëlee
International Neiegkeeten

Dikrich TV – Eng Stad start hir eegen Tëlee

Als Gemeng geet et hautdesdaags net méi duer regelméisseg en

GHALIB KURDI: D’Sea-Eye keeft en neit Rettungsschëff

GHALIB KURDI: D’Sea-Eye keeft en neit Rettungsschëff

En Dënschdeg huet d’Séinoutrettungsorganisatioun Sea-Eye op enger Pressekonferenz a Regensburg matgedeelt, datt se en neit Rettungsschëff kafen an et nach dëst Joer an den Asaz schécke wëllen.

D’Schëff soll den Numm GHALIB KURDI droen a soumat un den erdronkenen, eelere Brudder vum Alan Kurdi erënneren. D’Famill vun de verstuerwene Kanner ënnerstëtzt dës Aktioun vu Sea-Eye ausdrécklech a wëll sech an Zukunft nach méi bei Sea-Eye abréngen.

Mir konnten eis eege Kanner net retten. Loosst eis déi aner retten”, sot d’Tima Kurdi an der Pressekonferenz.

GHALIB KURDI

Sea-Eye / Twitter

Säit November 2019 verwéckelt déi italienesch Küstewuecht Sea-Eye an Diskussiounen. Si kritiséieren italienesch Beamten, datt d’Schëff net genuch Ofwaasser- an Dreckentsuergungskapassitéiten u Bord hunn. Datt däitsch Experten deem widdersprach hunn, nëtzt näischt.

Sea-Eye huet missen am August 2020 eng Klo virun dem Verwaltungsgeriicht a Palermo aleeën. Mat engem Uerteel gëtt an den nächste Woche gerechent.

Och d’kathoulesch Kierch bedeelegt sech un de Käschten

D’Memberversammlung vun de Regensburger Séinoutretter*innen huet am Juni gréng Luucht ginn – an huet de Virstand beoptraagt déi virgestallte Froen ëmzesetzen.

Mëttlerweil huet Sea-Eye e Schëff erausgesicht a sech mat engem däitsche Reeder op e Kafpräis gëeenegt. D’Finanzéierung vum Kafpräis ass duerch Ënnerstëtzer*innen zougesot ginn. Dozou gehéiert ënnert anerem déi kathoulesch Kierch.

Aktuell gëtt de Plang zur Ausrëschtung vum Schëff erstallt an de Vertrag ausgeschafft. Dono soll d’Schëff der Ëffentlechkeet virgestallt ginn. Zäitgläich wäert Sea-Eye nei Partnerorganisatioune virstellen, déi hier Missiounen an Zukunft begleede wäerten.

Fir eenzel Organisatiounen ass dëst alles schwéier ze bewältegen. Mir schwätzen dowéinst mat verschiddenen Organisatiounen, déi Erfarung hunn, fir datt e sech Verantwortung an Aufgaben opdeele kann, seet de Gorden Isler, Responsabele fir dat däitscht Rettungsschëff Alan Kurdi.

GHALIB KURDI

D’Foto vum erdronkene Jong ass ëm d’Welt gaangen. Säi Brudder Ghalib a seng Mamm krute just wéineg Opmierksamkeet.

Fënneften Doudesdag vum Alan, Ghalib a Rehanna Kurdi

Den 2. September 2020 ass den Alan Kurdi schonn s fënnef Joer laang dout. D’Foto vum erdronkenen, zweejärege Jong ass ëm déi ganz Welt gaangen. Traureg.

Wéineg Opmierksamkeet huet de lieflose Kierper vu sengem zwee Joer méi ale Brudder Ghalib kritt, deen nieft senger Mamm Rehanna just puer honnert Meter méi wäit louch. An engem Interview huet de Papp Abdullah Kurdi méi spéit dem Ghalib seng lescht Wierder zitéiert: „Hab keine Angst Vater“.

Dem Abdullah seng Schwëster Tima Kurdi huet d’Familljegeschicht opgeschriwwen. D’Buch kënnt am Oktober an den däitsche Buchhandel. Säit der Tragedie nëtzt si hier Stëmm fir sech fir d’Rechter vu Geflüchten anzesetzen. An de vergaangene fënnef Joer hunn d’EU-Staaten weider op Ofschreckung an Ofschottung gesat.

GHALIB KURDI

Um 1. Oktober 2020 kënnt dem Tima Kurdi säi Buch eraus

Esou sinn an de leschte Jore ronn 20.000 Mënschen am Mëttelmier erdronk. Libesch Milizen déngen der EU als Türsteher an d’Liewensbedingungen a Flüchtlingslageren op de griicheschen Insele kënnen nëmme grausam an onmënschlech bewäert ginn.

Nach ëmmer maachen sech vill Mënschen aus dem afrikanesche Kontinent iwwer de Séiwee a Richtung Europa, well se hoffen, esou dem Krich, dem Terror, dem Honger an der Aarmut aus dem Wee ze goen. Organisatiounen ewéi d’Sea-Eye leeschten ech wichteg humanitär Aufgab. Ech freeë mech, datt mam Schëff GHALIB KURDI well dat véiert Schëff vun der Organisatioun op den Asaz virbereet gëtt a si stolz op seng Heemecht Regensburg, erkläert d’Uewerbuergermeeschtesch Gertrud Maltz-Schwarzfischer.

Fir e weidert Zeechen ze setzen, stëmmt d’Stad enger temporärer Ëmbenennung vun zwou Plazen zou. Ab dem 3. September wäert déi “Eisern Bréck” fir dräi Méint den Numm  „Michael-Buschheuer-Brücke“ droen an d’Marc-Aurel-Ufer gëtt an „Alan-und-Ghalib-Kurdi-Hafen“ ëmbenannt.  D’Iddi kënnt vum Kënschtler Dušan Zahoranský.

Opmaacherbild: D’Crew op der ALAN KURDI (2019) © Karsten Jäger / Sea-Eye

Related topics Alan Kurdi, Buch, Dušan Zahoranský, Ëmbenennung, Flüchtling, GHALIB KURDI, Gorden Isler, Joresdag, Rettungsschëff, Sea-Eye, Séinout, Tima Kurdi
Next post Previous post