Search

You may also like

Ënnerdréckung vun den Uiguren: Soll d‘EU méi Drock op China maachen?
International Neiegkeeten

Ënnerdréckung vun den Uiguren: Soll d‘EU méi Drock op China maachen?

Zu Stroossbuerg hunn sech d‘EU-Deputéiert op eng Resolutioun gëeenegt, mat

Ee Vaccin fir Chrëschtdag? (Analys)
International Neiegkeeten

Ee Vaccin fir Chrëschtdag? (Analys)

Bréissel huet sech vertraglech 300 Milliounen Impfdose bei de pharmazeuteschen

De Streik am Fleegeheem zu Beetebuerg kritt eng nei Dimensioun
International Neiegkeeten

De Streik am Fleegeheem zu Beetebuerg kritt eng nei Dimensioun

No der Circulaire déi d‘COPAS (Federatioun vun de Prestataire fir

Giel Gileten: de „Grand Debat“ eng „Kommunikatiounsoffensiv“?

D‘Presidentin vun der nationaler Kommissioun vun ëffentlechen Debat ass veriergert

Giel Gileten: de „Grand Debat“ eng „Kommunikatiounsoffensiv“?

Fir d‘Chantal Jouanno, Presidentin vun der nationaler Kommissioun fir den ëffentlechen Debat (CNDP), ass dee vun der Regierung annoncéierten „Grand Debat“ eng grouss Kommunikatiounsoffensiv, an e Manöver deen net derzou bäidroe wäert, datt sech de Mouvement vun de giele Gileten opléist.

Um Plateau vu LCI huet d‘Presidentin vun der CNDP erkläert, datt déi vun hirer Institutioun virbereeten online Plattform prett war agesat ze ginn, mee muss feststellen, datt „si alles geännert hunn. (…) Mir haten net virgesinn eng grouss Kommunikatiounsoffensiv ze starten, mee tatsächlech eng grouss Debatt ze organiséieren. Also war virgesi ginn, eng vollstänneg oppe Plattform ze notzen (…) wou all Mënsch sech zu allem hätt äusseren dierfen a kënnen“.

Gileten

An dës Damm, déi den Aktivismus vun der Macron-Regierung net ze verquësse schéngt, bréngt et op de Punkt: „Et war eis net an de Sënn komm, datt de groussen Debat sech an engem Froebou mat véier Theme resuméiert“. An tatsächlech muss ee feststellen, datt den Debat sech haut op véier Theme bezitt iwwer déi debattéiert ka ginn. Zudeem kann een nëmmen op déi Froen äntweren, déi vun der Regierung gestallt ginn. Do vun engem „Grand Debat“ ze schwätze wier verlugen.

Wann‘s een de Prinzip net verstanen huet

Fir d‘Chantal Jouanno ass de Prinzip vun engem ëffentlechen Debat net, de Bierger Froen ze stellen. Wann et engem muss gi sinn Froen ze stellen, da jo wuel dem Bierger. Et sinn d‘Fransousen déi sech ausdrécken, déi der Politik hir Doleance ënnerbreeden, an net ëmgekéiert. Dat wat vun der Regierung hei gemaach gëtt, kann ee beschtefalls mat enger „Consultatioun“ vergläichen, an dat kann net am Sënn vun de Revendicatioune vum Mouvement vun de giele Gilete sinn.

Gileten

Eng Consultatioun, esou d‘Chantal Jouanno „dat ass en aneren Exercice. Do wielt dir d‘Froen aus, an déi sinn erwisenermoossen orientéiert“. An d‘CNDP-Presidentin gräift e Beispill op: „Wann dir zum Beispill un der Fro zum ‚Aarmen Aarbechter“ an der „Kafkraaft“ schaffe wëllt, da geet dat net, well keng Fro gëtt, déi sech dësem brisante Sujet unhëlt“. De President këmmeren esou Aussoen net.

Gileten

De Macron huet säi Choix schonn dräimol géintiwwer de Buergermeeschter verdeedegt an sech en Donneschdeg zu Bourg-de-Péage op e Biergerdialog mat de giele Gileten agelooss. Interessant hei: während den Elysée-Palais et ënnersot hat d‘Biller vum Debat mat de Buergermeeschter der Ëffentlechkeet ze weisen, war de „Live“ bei dëser improviséierter Participatioun um Biergerdialog nees „erlaabt“. Ass dat awer scho genuch, fir ze behaapten, et wier eng Kommunikatiounsoffensiv?

mat indymedia/par

Foto: D‘Chantal Jouanno hat sech Ufank Januar aus der Organisatioun ronderëm dëse groussen ëffentlechen Debat zréckgezunn, nodeems et zu enger hefteger Polemik am Kontext vu sengem Salaire komm war. D‘Presidentin vun der CNDP hat uschléissend d‘Missioun vun der Institutioun fir „ofgeschloss“ erkläert an de 14. Januar e Rapport verëffentlecht, an deem vu „roude Linnen“ ofgerode gi war. © abaca (Archiv)

Related topics Biergerdialog, Chantal Jouanno, CNDP, Emmanuel Macron, giel Gileten, gilets jaunes, Grand Debat
Next post Previous post