Search

You may also like

Nulltoleranz géigeniwwer vu Gewalt op der Aarbechtsplaz
International Neiegkeeten

Nulltoleranz géigeniwwer vu Gewalt op der Aarbechtsplaz

Nodeems sech an den éischte 6 Méint vun dësem Joer

EMA préift Zouloossung vum Sputnik V
International Neiegkeeten

EMA préift Zouloossung vum Sputnik V

Vun der europäescher Medikamentenagence EMA mat Sëtz zu den Haag

(Fräiwëlleg) Beroder hëllefe bei Problemer mat Harespelen
International Neiegkeeten

(Fräiwëlleg) Beroder hëllefe bei Problemer mat Harespelen

D‘natur&ëmwelt Asbl huet e Berodernetzwierk gegrënnt, dat mam Zil eng

Se sinn nees do!

Honnerte Giel Gilete sinn aus dem Congé zeréck an zu Paräis nees op d‘Strooss gaangen, wou et no eppes Geräibers mat der Police zu 250 Verhaftunge komm ass.

Se sinn nees do!

Zu Paräis haten sech ronn 1.000 Giel Gileten op der Place Wagram versammelt, hei ass et dann zu zesummestéiss mat der Police komm. Op Twitter huet d‘Police en Androck vermëttelt, vun deem wat een hautdesdaags esou mat op eng Demo hëlt. Masken, Händsche geet jo nach mee, Messer an esouguer e Bou mat senge Feiler?

Laut den an de sozialen Netzwierker verëffentlechte Revendicatiounen, ass et nees géint Reforme vun der Macron-Regierung, mee och géint de Kapitalismus protestéiert ginn. A ville Stied waren Demonstratiounen ugemellt mee net iwwerall ugeholl ginn. Esou hunn d‘Autoritéiten eng Demo zu Toulouse mam Virwand vum Covid19 ënnerbonnen.

Et ass allerdéngs richteg, datt sech de Coronavirus a der Regioun zur Stonn a ganz massiv verbreet an et net méiglech ass, sech bei esou grousse Versammlungen un déi ganz Gest Barrière ze halen. Alles an allem huet d‘Police uechtert d‘Frankräich eng 6.000 Demonstrante gezielt. 2.500 dovunner eleng fir Paräis, esou den Inneministère.

Giel

Wat een net alles esou mathëlt… © Police Nationale

Et goufe wéi gewinnt Dreckskëschten an och en Auto a Brand gestach, den urbane Mobilier huet och nees zolidd gelidden, an d‘Ausenanersetzung mat der Police och net. Déi huet Tréinegas géint d‘Aktivisten agesat déi sech net un de Parcours gehalen hunn. Den Inneminister Gérald Darmanain bestätegt eng 300 Verhaftungen um ganzen Territoire.

De Mouvement vun de Giele Gilete war 2018 entstanen. Et hat regional ugefaangen, bis et sech dann an der Haaptstad festgesat hat. Zu Ufank ass et géint d‘Erhéijung vun de Bensinspräisser gaangen, iert och esou grouss Themen, wéi Liewenshaltungskäschten an déi direkt Demokratie. Kënnen si hir Truppen nach emol mobiliséieren?

mat indymedia/par

Foto: Zu Paräis sollen déi Giel Gileten am Ganzen zu 2.500 gewiescht sinn. Op de Mouvement sech nees zu aler Stäerkt forméiere kann, muss sech an de nächste Woche weisen. © 14D InfoCafé

Related topics Demonstratioun, Direkt Demokratie, Frankräich, giel Gileten, Paräis, Protest
Next post Previous post