Search

You may also like

Mat verbëtzen ophalen: Elo!
International Neiegkeeten

Mat verbëtzen ophalen: Elo!

Am Kontext vun der grousser Campagne „Zesumme géint d‘Verschwendung“ ass

NRA geet léiwer an d‘Insolvenz wéi viru Geriicht
International Neiegkeeten

NRA geet léiwer an d‘Insolvenz wéi viru Geriicht

Fir der Strofverfolgung am Bundesstaat New York ze entgoen huet

Offiziell Akkreditéierungen fir déi nei Ambassadeuren
International Neiegkeeten

Offiziell Akkreditéierungen fir déi nei Ambassadeuren

Um haitegen Donneschdeg, den 13. Juni 2019 huet S.A.R. de

Giel Gileten Akt IX: De Mouvement mobiliséiert nees

Kee Protest ouni Gewalt, Police mat Waasserwerfer an Tréinegas ënnerwee

Giel Gileten Akt IX: De Mouvement mobiliséiert nees

Fir den Akt IX vun de giele Gileten, haten sech uechter Frankräich op dësem Samschdeg nees vill Leit mobiliséiert. Laut dem Inneministère sollen se zu hirer 84.000 gewiescht sinn, déi am ganze Land hire Widderstand géint de „Macronismus“ zum Ausdrock bruecht hunn. Leider ass et och nees verstäerkt zu Zesummestéiss mat de Sécherheetskräfte komm.

Eleng zu Paräis sollen sech ëm déi 8.000 Manifestanten afonnt hunn, fir geschlossen iwwert déi renomméiert Champs-Elysées ze marschéieren. Nodeems iwwert „d‘Feierdeeg“ dem Mouvement eppes d‘Loft ausgaange war, konnten déi giel Gileten um 12. Januar nees zolidd Presenz weisen.

Gileten

Beim Arc-de-Triomphe hat d‘Demonstratioun friddlech ugefaangen. Et ass eréischt beim Ëmzuch zur Konfrontatioun mat der Police komm. (Foto: Amélie Devaulx via Twitter)

Op de Champs-Elysées, no um Arc-de-Triomphe, ass et op e neits zur Konfrontatioun komm. Police an Demonstrante sinn hefteg uneneegeroden: d‘Manifestanten si mat deem wat hinne grad an de Grapp geroden ass, op d‘Sécherheetskräfte lass gaangen, an déi huet mat Tréinegas a Waasserwerfer déi giel Gileten zréckgedrängt. Alles an allem sinn e Samschdeg 244 Persoune verhaft ginn.

Vill „Gieles“ an de Provënzen

Och soss am Land huet de Mouvement vill Zousproch erhalen. Mat eng vun de gréissten Aktiounen huet et zu Bourges (Prefektur vum Departement Cher) stattfonnt. Hei hunn d‘Autoritéiten 5.000 „giel Gileten“ gezielt, déi dem Opruff gefollegt waren. Et ass hei glécklecherweis „roueg“ bliwwen.

Zu Stroossbuerg gouf och gréisstendeels „friddlech“ Manifestéiert. Vun der Police ginn 1.500 Leit gezielt, d‘Organisateuren hirersäits mellen 2.000 Manifestanten. Déi haten sech d‘Europaparlament als Startpunkt auserwielt, vu wou si a Richtung Stadzentrum a Gar marschéiert sinn.

Well d‘Autoritéiten no de leschte Virfäll vun enger Eskalatioun vun der Gewalt hu missen ausgoen, hat den Inneministère 80.000 Polizisten a Gendaarmen (CRS) opgebueden. Dovunner 5.000 déi zu Paräis agesat goufen. Et sollt op dësem néngte Samschdeg kee méi an e Ministère andréngen…

Tëscht Repressioun an Dialog

Bei den Demonstratioune vum 5. Januar, wou alles an allem 50.000 Manifestante gezielt goufen, war et zu schwéieren Zerstéierunge komm. Mobylette goufen a Brand gestach, ganz Quartieren si verwüst ginn, et ass versicht gi mat engem Bagger de Büro vum Regierungsspriecher, Benjamin Griveaux, ze stiermen, an Polizisten si geziilt ugegraff ginn. Dat wollt kee méi gesinn.

Säitens der Regierung waren de giele Gileten Zougeständnesser gemaach ginn. Et ass d‘Evolutioun vun der Gewalt déi si zur Repressioun gedrängt hätt, heescht et hanner virgehalener Hand aus dem Inneministère. Mee am Elysée-Palais beméit ee sech och, nees „Rou“ an dat ganzt ze bréngen.

Gileten

Och op der „Place de la Bastille“ waren e puer Dausend giel Gileten zesummekomm. Mat Trommelen a Päifen, hu si sech Gehéier verschaaft. (Foto: Amélie Devaulx via Twitter)

De President, Emmanuel Macron, versicht de Mouvement mat engem „Biergerdialog“ ze berouegen a versprécht, déi ënnerschiddlech Fuerderungen ze berécksiichtegen. Dësen „Dialog“ soll schonn en Dënschdeg lancéiert ginn. Wien do d‘Moderatioun iwwerhuele soll, ass nach net gewosst. Gewosst ass awer, datt et innerhalb de giele Gilete méi Skepsis wéi Zouversiicht gëtt.

Foto: Elo gëtt och schonn de „Frexit“ gefuerdert… Si maachen et engem net liicht nozevollzéie wat se eigentlech wëllen. (video capture)

Related topics Biergerinitiativ, Christophe Castaner, Emmanuel Macron, Frankräich, giel Gileten, gilets jaunes, Protest
Next post Previous post