Search

You may also like

Ramborn: Lëtzebuerger Cider als groussen internationale Gewënner!
International Neiegkeeten

Ramborn: Lëtzebuerger Cider als groussen internationale Gewënner!

Bei den International Brewing & Cider Awards a Groussbritannien konnt

T’kann een se net all an en Dëppe geheien
International Neiegkeeten

T’kann een se net all an en Dëppe geheien

Wärend den Tourismusminister Lex Delles der Lëtzebuerger Bevëlkerung an de

Personalofbau an onmoralesch Offeren bei NV-Getronics
International Neiegkeeten

Personalofbau an onmoralesch Offeren bei NV-Getronics

Um 3. Juli 2020 huet d’Direktioun vun NV Getronics matgedeelt,

Giel Gileten Akt VI: Wéineg Aktivisten trotz ville Versammlungen

Giel Gileten Akt VI: Wéineg Aktivisten trotz ville Versammlungen

E Samschdeg gouf de Akt VI vun der Mobiliséierung vun de giele Gileten ageleet. Dräi Deeg viru Chrëschtdag huet d‘Zuel vun de Manifestanten nach emol géintiwwer leschter Woch ofgeholl. Vun den Autoritéite gëtt gemellt, datt uechter Frankräich, eng 40.000 Leit sech un de verschiddenen Aktiounen – Defiléen, Stroossespären an blockéiert Grenziwwergäng – bedeelegt hunn.

Dem franséischen Inneminister, Christophe Castaner, schéngt et ze gefalen. Op Twitter huet hien e Samschdegowend gepost: „E ass e reelle Réckgang“. Hien huet vun 104 Plaze geschwat bei deenen et zu Spannunge komm war a stellt fest: „dräi mol manner wéi leschte Samschdeg“. Dat kann net driwwer ewechtäuschen, datt et awer schonn de sechste Samschdeg an der Folleg war.

Offiziellen Zuelen no, hunn sech – verdeelt iwwert de ganzen Territoire – 38.600 Mënschen, an engem méi oder wéineger ugespaante Klima, bis 18 Auer un den ënnerschiddlechen Aktioune bedeelegt. Virun enger Woch waren nach 66.000 giel Gilete gezielt ginn. Esou zumindest gëtt et vum Inneministère presentéiert. D‘Zuele goufe bis ewell net vum Mouvement a Fro gestallt.

Et wier un der Zäit matenaner ze schwätzen

„An der Stonn vun de Festlechkeeten zum Joresenn brauch eist Land Rou, Uerdnung a Fridden“, betount de Christophe Castaner, an erënnert un d‘Moossnamen déi ergraff goufen, wéi och un d‘Concertatioun vun der Regierung. „D‘Zäit vum Dialog, dem Respekt an dem anhale vu Gesetzer ass komm“, esou den Inneminister. Eng Siicht déi net vun alle giele Gilete gedeelt gëtt.

An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg ass am Kontext vum Mouvement eng 10. Persoun verstuerwen. En Automobilist huet bei der Autobunnsopfaart „Perpignan-Süd“ engem blockéierte Camion net kënnen ausweechen. De Schock war esou staark, datt de Chauffer vum Gefier nach op der Plaz verstuerwen ass. An och soss huet et, wéi d‘Police mellt, plazeweis Accidenter ginn.

Bei e puer Manifestatiounen ass et och nees zu Ausenanersetzunge mat den Autoritéite komm, ouni datt e gréisseren Incident huet missen zréckbehale ginn. Wéi d‘Police matgedeelt huet, goufen um Samschdeg, alles an allem 220 Manifestanten interpelléiert. 81 dovunner sinn an Untersuchungshaft komm. An de meeschte Fäll gëtt de Leit Rebellioun a Vandalismus virgeworf.

mat AFP

Foto: Zu Aix-en-Provence hunn d‘Manifestanten e Banner héich gehalen „Méi Humanitéit, méi Ekologie, ass dat esou schwéier?“. © Clement Mahoudeau/AFP

Related topics Christophe Castaner, giel Gileten, gilets jaunes, Protest, Rebellioun, Vandalismus
Next post Previous post