Search

You may also like

D’Nathalie Jacoby ass nei Direktesch vum CNL
Neiegkeeten

D’Nathalie Jacoby ass nei Direktesch vum CNL

An der Sëtzung vum 23. September 2020 huet de Regierungsrot

Chantier op der N1 um Echangeur Sennengerbierg
Neiegkeeten

Chantier op der N1 um Echangeur Sennengerbierg

D’Stroossebauverwaltung informéiert iwwert e Chantier op der N1 um Echangeur Sennengerbierg

Dune, endlech och op eisen Ecranen
Neiegkeeten

Dune, endlech och op eisen Ecranen

Dëse Freideg, den 3. September 2021 war d’Weltpremière vun „Dune“

Gielt Band – Hei dierft Dir plécken!

Gielt Band – Hei dierft Dir plécken!

Een Uebstbam ka bis zu 500 Kilo Friichte produzéieren. Dobäi ass et schued, datt e groussen Deel dovunner einfach verfault, well d’Uebst net recoltéiert gëtt. Wann e bedenkt, wat een domat alles ka maachen – e leckere Sorbet, eng gutt Taart, eng Uebstzalot. Do leeft engem d’Waasser dach am Mond zesummen.

A fir genee dës Liewensmëttelverschwendung ze evitéieren, huet de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung zesumme mat Syvicol e flotte Projet an d’Liewe geruff: Gielt Band – Hei dierft Dir plécken!

D’Konzept dobäi ass ganz einfach, fënnt een e gielt Band un engem Uebstbam sou ass een häerzlech invitéiert, déi gesond Friichte fir den Eegebedarf ze plécken. Natierlech kascht de Genoss näischt.

Ziel vun dësem Projet, deen am September mat den Äppel ufänkt, ass e kloert Zeeche géint Liewensmëttelverschwendung ze setzen.

Gielt Band

Well d’Plécken u privatem Eegentum ouni Erlabnis verbueden ass, fuerdert de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung an Zesummenaarbecht mat de Gemengen an ënnerschiddlechen Gewerkschaften dozou op, sech un dësem Projet ze bedeelegen.

An och dat ass ganz einfach – eng giel Markéierung um Bam geet duer – esou ass kloer verständlech datt d’Plécke fir den Eegebedarf erlaabt ass. Dobäi riicht sech de Projet an éischter Linn un Uebstbeem, déi op Gemengeplaze stinn, ma all Persoun déi Deel vun der Aktioun wëll sinn, ka gäre matmaachen.

Op der Plattform www.antigaspi.lu stellt de Ministère eng geographesch Kaart zur Verfügung, all Gemeng déi matmécht gëtt do opgelëscht. Esou ass et zimmlech einfach Beem mat gielem Band an der noer Ëmgéigend ze fannen. Natierlech stinn op der Websäit och divers Verhalensreegelen, fir datt d’Plécken am Aklang mat der Natur erfollegt.

Dës weideren ass de Projet Deel vun engem Solidaritéitspakt géint Offall, deen vun 92 Gemengen ënnerschriwwe gouf. De Minister Romain Schneider an den Emile Eicher vu Syvicol ënnersträichen, datt si mat dësem Projet wesentlech dozou bäidroe wëllen, datt lokal Produkter méi Visibilitéit kréien, andeems si sech aktiv géint Liewensmëttelverschwendung asetzen.

Opmaacherbild: Freepik

Related topics Emile Eicher, geographesch Kaart, Gielt Band, Landwirtschaftsministère, Liewensmëttelverschwendung, Romain Schneider, Syvicol, Uebst plécken
Next post Previous post