Search

You may also like

Wéi en Impakt huet de Klimawandel op eis Grondwaasserspäicher?
Neiegkeeten Stories

Wéi en Impakt huet de Klimawandel op eis Grondwaasserspäicher?

An der online Zeitung „nature climate change“ huet e Grupp

Chamberwahlen: d‘Empfeelung vum Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg
Neiegkeeten Stories

Chamberwahlen: d‘Empfeelung vum Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg

Am Virfeld vun de Parlamentswahlen, déi iwwert déi politesch Majoritéitsverhältnisser,

Optakt vum G20-Sommet a Japan
Neiegkeeten Stories

Optakt vum G20-Sommet a Japan

De G20-Sommet zu Osaka steet am Liicht vu wuessende politesche

Gin Ale – oder d‘Sonnesäit vum Liewen

Gin Ale – oder d‘Sonnesäit vum Liewen

De Weekend ass schonn e puer Stonnen al an hannert der 7. Dier vum Béier-Adventskalenner steet eng ganz besonnesch Fläsch. Sécher et ass Béier, mee där ganz besonnescher een. Mam „Gin Ale“ deem säin Numm de Duechtere vum „Erfinder“ entleeënt ass, also aus dem Gina an dem Aileen zesummegesat ginn ass, léisst ee sech op eppes (nach) Onbekanntes an.

Fir d‘Konzept vun dësem wierklech aussergewéinleche Béier dréit de Francis Mertens (La Punta Sàrl) d‘Verantwortung, fir d‘brauen ass sech un d‘Brauhaus Totenhopfen gewannt ginn, déi dësen nobele Béierchen an der neier Lëtzebuerger artisanaler Brauerei „Good Beer Makes Good People“ hiergestallt an ofgefëllt hunn. Eng gutt Iddi déi vun Experte beschtens ëmgesat konnt ginn.

Ob et schonn e Béier mat Hielenner gëtt? Dat eleiten ass zumindest eisem Wëssen no deen éischten deen zu Lëtzebuerg „zesummgeschrauft“ gëtt. Seng Faarf ass déi vu Bëschfriichten, liicht roudelzeg mat enger flotter Holznout. Den Hielenner gëtt dem Béier eng erfrëschend fruuchteg Nout, dee wéinst dem gerénge Kuelesaiergehalt ganz agreabel nokléngt. En iwwerraschende Genoss.

Gin Ale

Dës zwou jonk Dammen hunn hir Virnimm hierginn, fir en Hielenner Béier deen et esou zu Lëtzebuerg – a vläicht esouguer op der ganzer Welt – nëmmen emol dierft ginn. © La Punta

Mat senge 4,8% Alkoholgehalt ass et sécherlech e flotten Apero-Béier, deen sech awer och einfach esou a geselleger Ronn um Stammdësch verquësse léisst. De Gin Ale ass awer och en Experiment, eent dat – esou zumindest déi allgemeng Meenung – e flott Resultat Opweises huet. Et muss een den Gin Ale einfach probéiert hunn fir sech en eegent Bild maachen ze kënnen.

Glécklech all déi, wou sech fir de Béier-Adventskalenner entscheet hunn. Wien dëse „Kalenner“ net a sengem Keller stoen huet, deem sief verroden, datt een den Gin Ale och zu Luerenzweiler an der Frittebud „Beim Francis“ schmaachen an/oder kafe kann. Hie schmaacht am beschte bei 6°C an léisst sengen Aromaen an engem Glas vum Typ „Tulp“ fräie Laf. Loosst iech also net fléiwen…

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics artisanale Béier, Béieradventskalenner, Gin Ale, Good Beer makes Good People, La Punta, Totenhopfen Brauhaus
Next post Previous post