Search

You may also like

Brandgeféierlech an net ziilféierend
Neiegkeeten

Brandgeféierlech an net ziilféierend

Nodeems den amerikanesche „Law & Order“ President, sech bei de

Word In Progress: Den 10. Mäerz am Bistro Ratelach
Neiegkeeten

Word In Progress: Den 10. Mäerz am Bistro Ratelach

Um kommenden Dënschdeg, den 10. Mäerz invitéiert d’Escher Kulturfabrik op

Néng Covid19-Affer am Vitalhome zu Käl
Neiegkeeten

Néng Covid19-Affer am Vitalhome zu Käl

Schonn en Dënschdeg, wou d‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP) zesumme man

Elo wou et nees méi däischter gëtt: „Gitt siichtbar, sidd opmierksam!“

Elo wou et nees méi däischter gëtt: „Gitt siichtbar, sidd opmierksam!“

Grad elo, zum Ufank vum Hierscht heescht et nees siichtbar ze ginn an opmierksam ze bleiwen. Den Transportministère, d’Sécurité Routière Asbl an d’Police relancéieren dofir nees hir Sensibiliséierungscampagne „Gitt siichtbar, sidd opmierksam“, woubäi ee sech souwuel un d’Foussgänger, wéi och un Cyclisten, Automobilisten an all aner Participanten am Verkéier riicht.

D’Sensibiliséierungscampagne „Gitt siichtbar, sidd opmierksam“ huet dobäi direkt zwee Ziler: Déi am meeschte verletzbar Participanten am Verkéier solle siichtbar ginn, dat duerch hell Kleedung oder Reflekteren. Mee och d’Chauffeure solle grad elo hir Opmierksamkeet steigeren an d’Vitesse upassen.

All Joer ginn duerch schlecht Siichtverhältnesser oder erschwéiert meteorologesch Konditiounen zuelräich Persoune blesséiert oder stierwe souguer bei den Accidenter. Een Automobilist gesäit een Foussgänger mat donkeler Kleedung eréischt op 25 Meter Distanz. Duerch reflektéierend Accessoiren erweidert sech dës Distanz op 140 Meter.

Recommandatioune fir jiddwereen

D’Acteure vun der Sensibiliséierung riichten sech bei der Campagne souwuel un d’Foussgänger, wéi och u Sportler, Cyclisten, Trottinettefuerer an Automobilisten.

Fir Foussgänger

  • Ditt hell Kleedung un oder kuckt, datt Dir reflektéierend Elementer un Iech hutt fir vun alle Säite siichtbar ze sinn
  • Notzt aktiv d’Reflekteren u Poschen, Wallissen a Prabbelien
  • Gitt op der Landstrooss ëmmer op der entgéinge gesater Fuerrichtung an drot eng Sécherheetsvest
  • Berécksiichtegt d’Geschwindegkeet an d’Distanz vun de Gefierer a vergewëssert Iech, datt de Chauffeur Iech gesäit
  • Ditt och dem Hond ee reflektéierend Halsband un

Sportler

  • Och Sportler solle Kleedung mat Reflekteren undoen, sou wéi zousätzlech reflektéierend Elementer uleeën
  • Ausserhalb vun den Uertschafte soll déi virgeschriwwe Sécherheetsvest ugedoe ginn

Cyclisten, an déijéineg, déi mat der Trottinett ënnerwee sinn

  • Maacht Är Beliichtung un
  • Iwwerpréift den Zoustand vun de Bremsen a befestegt Reflekteren um Gefier
  • Drot een Helm an de Liichtverhältnisser ugepasst Kleedung

Automobilisten

  • Maacht Är Luuchten un
  • Weist rechtzäiteg Är Fuermanöver un
  • Passt d’Geschwindegkeet un d’Siicherverhältnisser un a kuckt, datt d’Fënsteren ëmmer propper sinn
  • Rechent mat méigleche Feelverhale vu Foussgänger am Stroosseverkéier

Related topics däischter, Gitt Siichtbar, Hierscht, Police, Reflekter, Sécurité Routière Asbl, sidd opmierksam, Transportministère, Verkéier
Next post Previous post