Search

You may also like

What the Fakt – De Futtballkrich tëscht Honduras an El Salvador
Neiegkeeten

What the Fakt – De Futtballkrich tëscht Honduras an El Salvador

Den 18. Juli 1969 huet d’OAS an de Konflikt tëscht

Kulturfabrik: Literaresch Soiréeën mat Word in Progress an der CNL Liesrees
Neiegkeeten

Kulturfabrik: Literaresch Soiréeën mat Word in Progress an der CNL Liesrees

Dëst geet un all Bicherwiem, Geschichte-Begeeschterter an Kultur-Interesséierter dobaussen, déi

Histoire(s) de Femme(s) – Ee Lëtzebuerger Film iwwert de weibleche Kampf
Neiegkeeten

Histoire(s) de Femme(s) – Ee Lëtzebuerger Film iwwert de weibleche Kampf

Et ass ee Film iwwert d’Evolutioun vun der Emanzipatioun vun

Glacismaart: Den 17. Oktober an 21. November um Glacis

Glacismaart: Den 17. Oktober an 21. November um Glacis

De Glacismaart, deen all drëtte Sonndeg am Mount stattfënnt, wäert de 17. Oktober an 21. November vun 10 bis 17 Auer op sinn. Dobäi ginn eng Rei ënnerschiddlech Produkter ugebueden: Friichten a Geméis, Fleesch, Brout a Mëtschen, Ham a gebrodene Poulet, Blummen, Bijouen, Kleeder an nach ganz vill méi. Et ass bestëmmt fir jiddereen eppes dobäi.

An dat Bescht? Een Tuer duerch déi frësch Loft ass gesond. Eng gutt Kombinatioun also! Fir d’Sécherheet vun de Besicher an Händler ze garantéieren, ass et wichteg sech un déi sanitär Moossnamen ze halen. Dofir vergiesst Är Mask net an haalt déi néideg Distanz an.

Dobäi erreecht een de Maart am Beschte mam ëffentlechen Transport, zu Fouss oder mam Vëlo. Autosfuerer kënnen op d‘Parkinge Glacis oder Schuman zeréckgräifen. Hei ass Samschdes a Sonndes d’Stationéiere gratis.

Weider Informatioune fannt Dir wéi gewinnt um Site vun der Stad Lëtzebuerg.

Opmaacherbild: © Melvin Hatto / moien.lu

Related topics Glacis, Glacismaart, Kaf a Verkaf, sanitär Moossnamen, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post