De Glacismaart kënnt erëm

De Glacismaart an der Stad fënnt ab dem 20. Mäerz 2022 an dat bis November, all drëtte Sonndeg vum Mount um Glacis statt.

De Maart ass op vun 10 bis 17 Auer. (Ausser natierlech am August, wann Schueberfouer ass). Et ginn eng Rei ënnerschiddlech Produkter ugebueden: Friichten a Geméis, Fleesch, Brout a Mëtschen, Ham a gebrodene Poulet, Blummen, Bijouen, Kleeder an nach ganz vill méi.

Fir d’Sécherheet vun de Besicher an Händler ze garantéieren, ass et wichteg sech un déi sanitär Moossnamen ze halen.

De Glacismaart ass den 20 Mäerz, 17 Abrëll, 15 Mee, 19 Juni, 17 Juli, 18 September, 16 Oktober an den 21 November. Duerch seng liicht accessibel Standplaz ass de Glacismaart einfach mat Bus oder Tram ze erreechen.

Et ass och méiglech de Maart zu Fouss oder mam Vëlo ze erreechen, fir d’Autosfuerer ass de Glacis (850) – oder de Schuman (400) praktesch. Samschdes a Sonndes ass d’Parken gratis.

Weider Informatioune fannt Dir hei.

Dernières nouvelles