Search

You may also like

Youth For Climate Lëtzebuerg – een Treffe mam Xavier Bettel
Neiegkeeten

Youth For Climate Lëtzebuerg – een Treffe mam Xavier Bettel

Um 25. Mäerz huet de Premierminister Xavier Bettel d’Delegatioun vu

Südafrika: Wou déi „Wäiss“ streiken, well déi „Schwaarz“ bevirdeelegt ginn
Neiegkeeten

Südafrika: Wou déi „Wäiss“ streiken, well déi „Schwaarz“ bevirdeelegt ginn

Eng Südafrikanesch Gewerkschaft, déi majoritär wäiss Salariéeë vertrëtt, huet um

Potter-Fans opgepasst: Den Harry huet haut Gebuertsdag!
Neiegkeeten

Potter-Fans opgepasst: Den Harry huet haut Gebuertsdag!

Bekannt ginn ass d’Figur Harry Potter duerch d’Fantasy-Roman-Rei vum J.

D‘Gläichstellung brauch et och am Aarbechtsrecht

D‘Gläichstellung brauch et och am Aarbechtsrecht

D‘Vertriederinne vun der Plattform „JIF“ (Journée Internationale de la Femme) hate kierzlech eng Ënnerriedung mam Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP). Heibäi goung et ëm d‘Revendicatioune vum Fraestreik, deen och dëst Joer nees um 8. Mäerz organiséiert gëtt.

Beim Echange ass et emol an éischter Linn drëms gaangen dem Minister nach emol de Sënn an Zweck vun der JIF-Plattform ze erläuteren. Uschléissend goufen dem Dan Kersch déi dräi gréisste Fuerderunge vun der zweeter Editioun vum Fraestreik virgeluecht:

  • déi salarial Gläichstellung duerch eng salarial Transparenz an eng entspriechend Kontroll duerch d‘Aarbechtsinspektioun (ITM),
  • Aarbechtszäitreduktioun ouni Akommesverloscht,
  • eng Rallonge fir de Gebuertecongé fir jiddereen.

Et ass an dësem Kontext nach emol den essentielle Rôle vum Aarbechtsministère ervirgehuewe ginn, deen dëse bei der Ëmsetzung vun de genannte Revendicatiounen anhëlt. Dat besonnesch bezunn op d‘Kontroll vun den Dispositiounen am Aarbechtsrecht, déi jo sollte vun der ITM assuréiert ginn. Dës Verwaltung ënnersteet jo bekanntlech dem Minister a sengem Ministère.

Beroden, respektiv ausgetosch gouf sech och zu den Themen: salarial Gläichstellung, Statistiken zum sougenannten „Gender Pay Gap“ an och d‘Kompenséierung vun den Iwwerstonnen. Méi déifgräifend ass sech iwwert d‘Aufgaben an d‘Missiounen, wéi och iwwert d‘Moyene vun der Aarbechtsinspektioun ënnerhale ginn. Besonnesch ervirgehuewe, gouf nach d‘Diskriminatioun géintiwwer dem „autre parent“ vum Kand. De „Pappecongé“ wier jo a Gläichgeschlechtleche Menagen net virgesinn. Dat dierft een esou net unhuelen.

Zu dësem Punkt soll den Aarbechtsminister sech engagéiert hunn, seriéis Diskussiounen an de Wee ze leeden, fir eng Léisung ze fannen, déi alle soll gerecht ginn. Wat d‘Aarbecht an d‘Missioune vun der ITM ugeet, esou huet den Dan Kersch verséchert, datt seng Servicer alles maachen, fir datt sech zu Lëtzebuerg un d‘Aarbechtsrecht gehale gëtt. De Minister huet déi wichteg Aarbecht an Aktioune vun der JIF-Plattform begréisst.

Illustratioun: © JIF

Related topics Aarbechtsminister, Dan Kersch, Fraestreik, JIF, Journée Internationale de la Femme
Next post Previous post