Search

You may also like

Buergermeeschter viru Geriicht wéinst Referendum
Neiegkeeten

Buergermeeschter viru Geriicht wéinst Referendum

Gutt 40 Buergermeeschter aus Katalounien sinn opgefuerdert sech viru Geriicht

Cargolux: D’Rees vun de Walen an Island als weeweisende Projet!
Neiegkeeten

Cargolux: D’Rees vun de Walen an Island als weeweisende Projet!

Dëst Fréijoer soll et esou wäit sinn: zwee Belugae gi

Regierung an Nationalarchive gënnen sech eng Konventioun
Neiegkeeten

Regierung an Nationalarchive gënnen sech eng Konventioun

En Dënschdeg hunn de Kommunikatiounsminister Xavier Bettel (DP) an d‘Direktesch

Glécksspill: Alles „Bingo“ oder wéi?

Glécksspill: Alles „Bingo“ oder wéi?

Mat engem Bréif vun der „Œuvre Grande-Duchesse Charlotte“, deen un all d‘Gemengen am Land gaangen ass, huet alles ugefaangen. An do heescht et datt eng Firma bei zwou Gemengen ugefrot huet fir ee permanente Bingo-Sall anzeriichten an ze féieren.

Glécksspill ass awer, wann een et net grad am Internet bedreift, hei zu Lëtzebuerg eng Aktivitéit déi staark reglementéiert ass. Elo stellt sech d‘Fro op dat aktuellt Gesetz esou eng Aktivitéit zouléisst. Eng Fro fir de Justizminister Felix Braz (déi gréng), déi – et läit jo eigentlech op der Hand – keen anerem him stelle konnt, wéi de Buergermeeschter vu Munneref, Lex Delles (DP).

Den Deputéierten ass vun der Tatsaach, datt eng privat Firma bei enger Gemeng eng Demande areecht, bei där et ëm d‘Erëffnung vum engem „Privat-Club mat Bingo“ geet, net begeeschtert. Zemools sech den Demandeur, hei op den „Artikel 2 (1) a“ vum Gesetz zur Exploitatioun vum Glécksspill a Sportswette berifft. Hie wëll vum Justizminister wëssen, wat et domatter op sech huet.

Wat vum Gesetz zougelooss ass

Beim duerchliese vum Gesetz vum 20. Abrëll 1977 stellt ee séier fest, datt Lotterien an Tombolaen, wou den Erléis ganz oder deels engem „gudden Zweck“ (Philanthropesch, Reliéis, Kënschtleresch, Sozial, Pedagogesch, Wëssenschaftlech, Sportlech oder Touristesch) zoufléisst, zoulässeg sinn, mee och nëmmen dann, wann de Wäert vun de Louser net 12.500 Euro iwwerschreit.

An dësem Fall kann d‘Gemeng, an där déi Lousen ausgestallt ginn, eng Geneemegung ausstellen. Fir all déi aner, muss eng Demande un de Justizministère geriicht ginn, deen d‘Handhabung vum Glécksspill an de Sportswetten ënnert sech huet.

De Felix Braz weist drop hin, datt et net déi sozialgesellschaftlech Positioun vum Demandeur ass, déi den Ausschloss bestëmmt. An dësem Fall sinn et d‘Demande selwer, mee och de Geescht vum Artikel 2, déi dergéint spriechen. Den Artikel 2 ka keng legal Basis duerstellen, fir eng kommerziell a permanent Notzung vun Tombolaen an/oder Lotterien ze engagéieren.

U sech einfach ze verstoen

De Grenzwäert, hei 12.500 Euro, ass vum Gesetztext festgeluecht, a bezitt sich op de Gesamtwäert vun den ausgestallte Billjeeën oder Lousen. An dat kann sech dann och, esou de Minister, nëmmen op eng „eemoleg“ Tombola oder Lotterie uwennen. Eng stänneg kommerziell Notzung, ass de facto ausgeschloss, an och Ausname sinn an dësem Kontext net virgesinn.

Fir de Felix Braz ass et wichteg drop hinzeweisen, datt sollt en Zweiwel bestoen, an déi am Gesetz festgeluechten Dispositiounen, déi kee Grenzwäert fir de Gesamtwäert vun de Billjeeën oder Louse festleeën, hei géifen ugefouert ginn, net zoutreffen. Dës Bestëmmunge bezéien sech op eng permanent Glécksspill-Exploitatioun, mat kommerziellem Charakter.

Et gëtt also keng Geneemegung fir d‘Ariichte vun engem „Bingo-Sall“, dee permanent an nohalteg bedriwwe soll ginn. Heibäi ass et och irrelevant, op oder op net, den Exploitant en Deel vun de Beneficer engem oder méi Projete vun allgemengem Interessi wëll weiderginn.

Related topics Bingo, Casino 2000, Felix Braz, Glécksspill, Lex Delles
Next post Previous post