Search

You may also like

Wéinst der Hëtzt: Déierenexport bis an d’Tierkei gestoppt!
Neiegkeeten

Wéinst der Hëtzt: Déierenexport bis an d’Tierkei gestoppt!

Fir net géint d’Wuelergoe vun den Déiere bei de laange

Schoul eleng ass keng Preparatioun op d’Liewen
Neiegkeeten

Schoul eleng ass keng Preparatioun op d’Liewen

Méi wei 10.000 jonk Leit vu méi wei 150 Länner

Fussballweltmeeschterschaft am Katar:
Neiegkeeten

Fussballweltmeeschterschaft am Katar:

Aarbechtsmigrante stellen am arabeschen Emirat Katar 95% vun alle Beschäftegten

Landwirtschaft: de Glyphosat ass verbueden, an elo?

Landwirtschaft: de Glyphosat ass verbueden, an elo?

Zanter dem 1. Januar 2021 ass den Asaz vum ëmwelt- a gesondheetsschiedleche Planzeschutzmëttel Glyphosat Lëtzebuerg verbueden. Mir sinn esou dat éischt Land, datt dëst Gëft an der Unioun senge Baueren net méi zur Benotzung zouléisst. Dat huet dann awer och eppes Folgen.

De Glyphosat, ee wéi gesot héchst ëmwelt- a gesondheetsschiedlechen Herbizid, ass vun der EU-Kommissioun wuel nach bis 2022 „gedult“ ginn, mee esoulaang wollt een zu Lëtzebuerg net méi waarden. Eng weider Buedemverschmotzung mat dësem Gëft ass säit Joresufank per Gesetz ganz verbueden. Am Landwirtschaftsministère ass ee mat dëser Decisioun entspriechend zefridden.

Fir déi eppes iwwer 1.300 Landwirten am Land, stellt de Verbuet vum Glyphosat allerdéngs och eng Erausfuerderung duer. An och wann déi allermeeschte verstinn an d‘Moossnam akzeptéieren, esou misst hei awer och un d‘Kompetitivitéit geduecht ginn, heescht et aus landwirtschaftleche Kreesser. Déi „mechanesch Alternativen“ fir dem Onkraut lasszegi wieren deier an Zäitopwänneg.

Aus dem LTA – wou verstäerkt op eng nohalteg Landwirtschaft gesat gëtt, an d‘Coursen och entspriechend ausgeriicht sinn – huet sech den Direkter Tom Delles zu Wuert gemellt a gëtt ze Bedenken, datt esou eng Ëmstellung och ee Präis huet. Zudeem wier et eng „Revolutioun“ am Secteur. Datt de Glyphosat och nach „ee bëllege Standard“ ass, géif d‘Lag net vereinfachen.

Richteg ass dann awer och, datt sech besonnesch ënnert de jonke Landwirt, ëmmer méi fir de biologesche Landbau interesséiert gëtt. Allerdéngs bleiwen Normen an Oplagen eng Belaaschtung, déi zudeem och zu Verdross féiere kënnen. Ëmmerhi géifen d‘Produkter vun den auslännesche Baueren, déi nach Glyphosat asetzen, jo net aus de Rayonen an de Geschäfter verschwannen.

Am Landwirtschaftsministère kennt een d‘Suerge wéi d‘Argumenter gläichermoossen, firwat vill Ustrengungen ënnerholl gi fir de Landwirt ze hëllefen, dat och finanziell. Vun dësem gëtt dann och begréisst, datt sech 100% vun de Wënzer a gutt 60% vun de Landwirt schonn 2020 fir ee Verzicht op de Glyphosat ausgeschwat haten. Dat wierkt sech och op d‘Qualitéit vun de Produkter aus…

Illustratioun: © Markus Spiske / unsplash

Related topics Baueren, Biologesch Landwirtschaft, Europa, Glyphosat, Landwirtschaft, Verbuet
Next post Previous post