Search

You may also like

LiteraTour 2020: Déi digital Rees an d’Welt vun de Bicher
Stories

LiteraTour 2020: Déi digital Rees an d’Welt vun de Bicher

Normalerweis géif de Liesfestival LiteraTour jo schonn am Abrëll seng

Lëtzebuerger Start-up Mandexpa stellt sech vir
Stories

Lëtzebuerger Start-up Mandexpa stellt sech vir

An der Folleg vu hirem Lancement, huet déi kollaborativ Immobilière-Plattform

money
Raiffeisen-Bank: mat sech an der Welt zefridden
Stories

Raiffeisen-Bank: mat sech an der Welt zefridden

Déi kooperativ Bank Raiffeisen ass wuel kee Ris op der

Glyphosat: de Sträit ëm de sanitären Diagnostik, erkläert

Glyphosat: de Sträit ëm de sanitären Diagnostik, erkläert

Den Impakt vum Glyphosat op d‘Gesondheet, dee vun der WHO als wahrscheinlech Kriibserreegend agestuuft ginn ass, suergt fir uerdentlech Kaméidi. Vun der Polemik betraff sinn an éischter Linn d‘Industrie, d‘Wëssenschaft, Ëmweltschutzorganisatiounen an d‘Autoritéiten déi d‘Produkt sollten zouloossen.

Als syntheteschen Herbizid ass de Glyphosat de Landwirt a Gäertner geleefeg. En ass elo awer vum internationale Kriibsfuerschungszenter (CIRC) vun der WHO als potentiell Kriibserreegend agestuuft ginn. De CIRC huet säi Sëtz zu Lyon a besteet aus internationale Wëssenschaftler. Déi evaluéieren op der Basis vun de publizéierten Etüden, d‘ëmwelttechnesch Ursaache vum Kriibs.

Bis haut huet den CIRC sech zum Impakt vu ronn dausend Produiten an Ursaache geäussert. Seng Bilane bemoossen dann och net d‘Probabilitéit op e Kriibs optrëtt wann een der Ursaach ausgesat ass, mee d‘Stäerkt vun de wëssenschaftlechen Indizien déi e kriibsaartegen Impakt noweisen. Hei ginn dann och ënnerschiddlech Kategorië festgeluecht.

U sech sinn et fënnef Niveauen a den „wahrscheinlech Kriibserreegend“ ass déi lescht Stuf viru „Kriibserreegend“. Deen deit dann awer schonn drop hin, datt een iwwert Donnée verfüügt, déi eng limitéiert Kriibserkrankung beim Mënsch, dofir awer eng geséchert beim Déier am Laboratoire, noweist.

E klore Fall

Beim Glyphosat sinn d‘Risiken evaluéiert ginn an deem een sech notamment op Etüden zur Expositioun aus den USA, Kanada a Schweden, mee och den Déieren am Laboratoire bezunn huet. Et gëtt deemno haut genuch Beweiser vum kriibserreegende Charakter duerch Déiereversich. Dat zumindest huet den CIRC 2015 esou kloer virgeluecht.

D‘Agence huet dann och drop higewisen, datt si d‘Aarbechte vun der US-Agence fir Ëmwelt (EPA) berécksiichtegt huet, déi schonn 1985 de Glyphosat als potentiell Kriibserreegend agestuuft hat, iert se 1991 eng revidéiert Positioun ageholl huet.

Am November 2015 huet dunn awer d‘EFSA, déi europäesch Agence fir Liewensmëttelsécherheet matgedeelt, datt de Glyphosat u sech net Kriibserreegend fir de Mënsch wier. De Glyphosat wier nach net emol „Genotoxesch“, also net amstand d‘DNA ze beschiedegen. An trotzdeem huet d‘EFSA en toxikologesche Grenzwäert festgeluecht. 2017 huet d‘EFSA dee Standpunkt bestätegt an och d‘ECHA, déi europäesch Agence fir chemesch Produkter, huet sech dëser Bewäertung ugeschloss.

Erstaunlech, wann ee bedenkt, datt nach 2016 déi franséisch Agence fir sanitär Sécherheet (ANSES) behaapt huet: „betruecht een de begrenzten Niveau u Beweiser, kann de Glyphosat net als bestätegt oder ugeholl Kriibserreegend fir de Mënsch agestuuft ginn. Mee eng Klassifikatioun als Substanz déi als Kriibserreegend verdächtegt gëtt, léisst sech diskutéieren“.

Wat dann elo?

D‘EFSA erkläert, datt d‘Divergenz vun de Resultater mat der Agence vun der WHO vu verschiddene Faktoren ofhängeg ass. Esou hätt ee bei der EFSA vill méi Elementer berécksiichtegt wéi dat beim CIRC de Fall gewiescht wier.

Dogéint lafen d‘Wëssenschaftler an d‘Ëmweltschutzorganisatioune Stuerm. Si halen d‘Evaluatioun vun der EFSA fir gefuddelt. Eng Behaaptung déi dorops berout, datt d‘EFSA sech op d‘Berichter an d‘Resultater stäipt, déi vun der Industrie virgeluecht gi sinn. Aner Etüde wiere guer net oder wann, da schlecht berécksiichtegt ginn.

Laut der éisträichescher ONG „Global 2000“ zum Beispill, hätte vun den 12 disponibelen Etüden zum Risiko vun enger Kriibserkrankung, der siwen en erhéichte Risk fir Déieren am Laboratoire nogewisen. Aus statistesche Grënn awer, wieren dës Etüden net vun den europäeschen Agencë berécksiichtegt ginn.

An och déi lescht Evaluatioun vun der ECHA ass vun engem renomméierten US-Toxikolog a Fro gestallt ginn. De Christopher Portier, deen Zougang hat zu de genotzten Donnéeën huet dem EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker Geschriwwen: „Weder d‘EFSA nach d‘ECHA hunn et fäerdeg bruecht all statistesch relevant Fäll iwwer de Kriibs an den Etüden iwwert d‘Raten ze identifizéieren“.

Esou net, a schonn emol guer net mat eis!

Wann ee da berécksiichtegt, datt nieft dem Christopher Portier eng honnert Wëssenschaftler schonn 2016 den Alarm ausgeléist haten, da versteet sech, datt d‘Parlamentarier an ONGen den totalen Zougang zu de genotzten industriellen Date gefuerdert hunn. Hei gëtt et fir gewéinlech just Resuméen, well d‘Industrie déi d‘Pestiziden hierstellt sech op d‘Confidentialitéit, d‘Wirtschaftsgeheimnis an déi intellektuell Proprietéit berifft.

De CICR, deen op d‘Onofhängegkeet vu senge Wëssenschaftler grousse Wäert leet, huet sengersäits déi duergeluechten Diagnose verdeedegt. Zudeem bezeechent den CICR d‘Uschëllegungen déi an de Medie verbreet goufen als Verleumdung. Datt déi endgülteg Fassung vum Rapport vun allen Elementer gestrëppt gi wier, déi de Glyphosat als net Kriibserreegend astufen, wier schlicht an ergräifend gelunn.

An et ass net nëmmen de kriibserreegende Charakter vum Glyphosat deen dësen Herbizid als geféierlech duerstellt. Aus enger an der Revue „mBio“ publizéiert Etüd aus dem Joer 2015 – vun der amerikanescher Gesellschaft fir Mikrobiologie – ergëtt sech, datt verschidden Herbiziden, dorënner de Glyphosat, en Impakt op de Widderstand vu verschiddene Bakterien zu Antibiotiken hunn.

Erënnere mer dann awer och drun, datt d‘Moleküll „Glyphosat“ ursprénglech als Rouerbotzmëttel geduecht war. A wéi et bis elo ausgesäit, konnt sech d‘Kommissioun dann elo awer nach net festleeën. Verbuet oder net, méiglecherweis eng Iwwergangszäit, a falls jo wéi vill Joer? Näischt genaues ass net gewosst an d‘Lizenz leeft trotz allem Enn Dezember aus.

mam Catherine Hours/AFP

Related topics Ëmwelt, EU-Kommissioun, Glyphosat, Liewensmettel, Monsanto
Next post Previous post