Search

You may also like

Covid19: Bild vum Dag – Cargolux
Meenung

Covid19: Bild vum Dag – Cargolux

D‘Covid19-Pandemie ass, egal aus wéi engem Bléckwénkel een et wëll

Avrox SA… den Albdram geet weider
Meenung

Avrox SA… den Albdram geet weider

Am Kontext vun enger Belscher Soumissioun fir Gesiichtsmasken, hat eng

Fënnef Mënsche stierwe bei Onwieder a Südfrankräich
Meenung

Fënnef Mënsche stierwe bei Onwieder a Südfrankräich

Et ass scho fir d‘Drëtt bannent e puer Wochen, datt

Glyphosat: Eng politesch Entscheedung mat déidlechem Ausgang

E Kommentar

Glyphosat: Eng politesch Entscheedung mat déidlechem Ausgang

Sou, dat war et da mat eiser Gesondheet. D‘EU-Kommissioun, a besonnesch eise fréiere Premier mat sengem Compagnon Vytenis Andriukaitis, deen eigentlech als Kommissär fir eis Liewensmëttelsécherheet sollt do sinn, hunn d‘Landwirtschaftsminister vun 18 Länner „iwwerzeegt“ kritt.

Gutt, ab engem gewëssenen Alter gëtt Gesondheet kloer iwwerbewäert, a bei der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) schaffen, wann een de Conclusioune vun der Kommissioun Rechnung dréit, nëmmen Idioten. A well se zu Bréissel ganz „gescheit“ an „objektiv“ beuerteelen, hunn se 30% vun hirer Evaluatioun bei Monsanto/Bayer einfach ofgeschriwwen.

Mee loosst eis emol net esou haart an d‘Geriicht goen. Et wier bestëmmt falsch dem Bauer de Glyphosat aus den Hänn ze rappen, wéi een eng Luucht géif ausknipsen. An deem Punkt kann een eisem Landwirtschaftsminister zur Säit stoen. Et ass allerdéngs och wichteg dem Fernand Etgen zur Säit ze stoen, fir Verännerungen an Alternativen duerchzesetzen.

Datt eis däitsch Noperen, déi erwisenermoossen ëmmer ganz staark d‘Wirtschaftsinteresse verdeedegen, dofir éischter seele fir d‘Sécherheet an d‘Wuel vun de Bierger antrieden, fir eng Verlängerung gestëmmt hunn, ass net wierklech verwonnerlech. Wie keen „Diesel-Skandal“ erkennt an et och soss mat der Ëmwelt net esou genau hëlt…

Do luewen ech mä dach eis franséisch Noperen, déi hu bewisen, datt se schwéiert „Gehängs“ hunn, an hunn net nëmme géint d‘Verlängerung gestëmmt, nee se hu sech och nach mat de Baueren am eegene Land ugeluecht.

„Chapeau l‘Ami“ muss ech dann och dem Emmanuel Macron, deen erkläerter Weis net mäi gréisste Frënd ass, soen. Hien huet, wann och elo nëmme via Twitter, entscheet de Glyphosat bannent dräi Joer am Frankräich ze verbidden. Eng Entscheedung déi sech och ganz kloer op d‘Relatioun mat Däitschland dierft auswierken. Op d‘Kanzlerin do net och vum eegene Minister hannergaange ginn ass?

An de Bierger sollt da vun dëser, fir eis alleguerte wichteg Entscheedung dann och déi richteg Schlëss zéien, an sech wierklech froen, op et dat Europa ass dat hie wëll hunn. En Europa, deem net nëmmen d‘Gesetzer, mee offensichtlech och déi wëssenschaftlech Etüde, vun der Industrie a Wirtschaft (vir)geschriwwe ginn.

Eise Jean-Claude „National“ deen uechter d‘Land an ronderëm eis Grenze pilgert, fir am Biergerdialog d‘Zukunft vun Europa op e gesond Fundament ze stellen, deen huet hei beim Glyphosat däitlech gemaach, datt et een Dialog schlicht net gëtt. Et ass net sënnvoll mat Leit wëllen ze schwätzen, deenen een net gewëllt ass nozelauschteren.

Foto: Bis zur leschter Sekonn hunn Aktivisten europawäit géint de Glyphosat mobiliséiert, wéi hei zu Bréissel virum EU-Haaptquartéier um 9. November. Der EU ass et awer méi wichteg ze berécksiichtege wat d‘Industrie wëll, déi huet se all Dag um Bockel. De Bierger, villméi de Wieler, dee dierf beschtefalls all puer Joer d‘Gefill hunn mat senger Stëmm eppes ze veränneren. © Emmanuel Dunnand/AF

Related topics Glyphosat, Jean-Claude Juncker, Lobbyismus, Vytenis Andriukaitis
Next post Previous post