Search

You may also like

Nee zum Krich iwwerall op der Welt, Nee zu alle Rüstungsustrengungen!
International Neiegkeeten

Nee zum Krich iwwerall op der Welt, Nee zu alle Rüstungsustrengungen!

Kricher ginn et der aktuell vill ze vill, an awer

Mäertchen: E gudde Maufel op Invitatioun vun der Regierung
International Neiegkeeten

Mäertchen: E gudde Maufel op Invitatioun vun der Regierung

E ganze gebakene Fësch oder léiwer e Filet ouni Sprenzen?

Regierungsrot: „Keng Besserung an Aussiicht“
International Neiegkeeten

Regierungsrot: „Keng Besserung an Aussiicht“

No der Sëtzung vum Regierungsrot e Freideg, hunn de Premierminister

GMO-Bëbeeën: d‘WHO stellt eng Studiegrupp zesummen

GMO-Bëbeeën: d‘WHO stellt eng Studiegrupp zesummen

E Méindeg huet d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) bekannt ginn, datt si e Studiegrupp asetzt, déi sech der genetescher Manipulatioun soll unhuelen. Dat well e chinesesche Wëssenschaftler rezent d‘Gebuert vu genetesch modifizéierten Zwillingen annoncéiert huet. Eng Weltpremière…

Zu Genève, huet de Responsabel vun der WHO, Tedros Adhanom Ghebreyesus, géintiwwer de Medie Stellung bezunn: „Esou eng Manipulatioun kann net stattfannen, ouni datt et dofir kloer Direktive gëtt. (…) D‘WHO vereent Experten a mir schaffen zesumme mat de Memberlänner fir iwwert d‘Kritären an d‘Direktiven ze diskutéieren, fir Äntwerten op déi gesellschaftlech ethesch a securitär Froen ze fannen“.

E chinesesche Fuerscher, He Jiankui, huet déi lescht Woch an engem Video op YouTube d‘Gebuert vun Zwillingen (zwee Meedercher) annoncéiert, deenen hir DNA esou modifizéiert ginn ass, datt si eng „Resistenz“ géint den Aids-Virus entwéckelen. De Papp vun de Kanner ass HIV-Positiv.

Fortschrëtt léisst sech net ophalen

Déi gesamt wëssenschaftlech Communautéit a China an op der Welt, hunn dës „Manipulatioun“ op dat schäerfst veruerteelt. Och d‘Autoritéiten zu Peking hunn dësen Agrëff denoncéiert, a gefuerdert, datt „déi wëssenschaftlech Aktivitéite vun den implizéierte Persounen“ direkt suspendéiert ginn.

Elo huet den Tedros Adhanom Ghebreyesus d‘Schafe vum Studiegrupp, net als „Äntwert op dat vum chinesesche Fuerscher duerchgefouert Experiment“ presentéiert. Hien huet sech och refuséiert ze envisagéieren, datt d‘Genmanipulatioun an Zukunft kéint Virdeeler mat sech bréngen, am Bezuch op déi allgemeng ëffentlech Gesondheet.

D‘Membere vum Studiegrupp „kënnen hir Aarbecht mat enger einfacher Fro ufänken, andeems si sech eng einfach Fro stellen: musse mir dat unhuelen“, esou den Tedros Adhanom Ghebreyesus weider, deen nach bemierkt, datt dëse Grupp mat engem wäisse Blat säin Optrag ufänkt.

Wou féiert dat hin?

„Mir musse ganz, ganz virsiichteg sinn. (…) Mir kënnen eis net iwwerstierzt der genetescher Manipulatioun higinn, ouni déi ongewollte Konsequenzen ze berécksiichtegen“, betount de Responsabel vun der WHO, deen nach drop hiweist, datt de Studiegrupp aus Experte vun Universitéiten, der WHO a staatleche Spezialisten zesummegestallt gëtt.

De Professer John Harris, vun der Manchester Universitéit, weist drop hin, datt am Februar vun dësem Joer, déi britesch „Human Fertilization and Embryology Authority“ (HFEA), enger Ufro vum Francis Crick Institute zu London statt ginn huet, fir mënschlech Embryoen ze veränneren.

Hei gëtt déi nei genetesch Opbereedungstechnik CRISPR-Cas9 benotzt. Et ass dann och fir d‘zweet, datt Embryoen op dës Aart a Weis an der Fuerschung benotzt goufen, an déi éischte Kéier, dat eng national Autoritéit den Asaz vun dëser Methodik sanktionéiert. D‘Wëssenschaftler vum Institut hoffen awer esou, Liicht an den Entwécklungsprozess vum Embryo ze bréngen.

mat AFP

Related topics China, Embryo, Ethik, Frankenstein, Fuerschung, genetesch Manipulatioun, He Jiankui, Wëssenschaft, WHO, Zwillingen
Next post Previous post