Search

You may also like

What the Fakt – 51. Doudesdag vum Che Guevara
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – 51. Doudesdag vum Che Guevara

An den 1960er Joer gouf den Ernesto „Che“ Guevara als

Brexit: D‘Theresa May plaidéiert fir eng besser Zesummenaarbecht bei der Sécherheet
Kultur Neiegkeeten

Brexit: D‘Theresa May plaidéiert fir eng besser Zesummenaarbecht bei der Sécherheet

Déi britesch Premierministesch Theresa May, huet en Donneschdeg bei sengen

E Spuenier zu Moskau
Kultur Neiegkeeten

E Spuenier zu Moskau

Et si scho bal véier Joer hir, datt sech en

„Go By Brooks“ an der Purple Lounge

„Go By Brooks“ an der Purple Lounge

Dat neit Joer fänkt fir de Grand-Duché scho musikalesch un! Den 10. Januar 2019 spillt d’Band Go By Brooks een Akustik-Concert an der Purple Lounge vum Casino 2000. Et ass den éischten Optrëtt vun der neier Tour mam Numm „Another Flame“ no der offizieller Sortie. D’Band freet sech den neien Akustik-Album virstellen ze dierfen!

Ufanks sollt et just ee Solo-Projet vum Latetitia, engem grousse Fan vum Poet, Romantiker a Singer-Songwriter Leonard Cohe, sinn. Dorauser huet sech schlussendlech eng Band entwéckelt, déi sech vum akustesche Folk-Stil ofléise well. De Cliché vun der jonker blonder Fra, déi eleng mat der Gittar op der Bühn steet, gëtt hei net bestätegt. Go By Brooks bedéngt sech éischter dem Repertoire vum Pop-Rock a Klassik-Rock.

D’Band huet sech vun enger Persoun, op dräi a schliisslech op fënnef Memberen ausgeweiht. Esou hu si hire musikaleschen Equiliber fonnt e wësse, wéi si sech presentéiere mussen. Dës Virtuositéit, déi duerch déi klassesch Leier am Conservatoire, zesumme mat engem Soupçon verréckte Funk an düsteren Texter entseet, ginn de Lidder eng melancholesch Säit, déi zugläich och d’Markenzeeche vun der Band ass.

Déi éischt EP „Rivers“ ass am Joer 2015 eraus komm. Schonn ee Joer méi spéit ass dunn „Oceans“ verëffentlecht ginn. Säit hier ass Go Bye Brooks net méi vu Concerten zu Lëtzebuerg an, an der Grouss-Regioun ewech ze denken. 2017 hu si beispillsweis eng Rei Optrëtter zu Lëtzebuerg, mee och zu Metz, Saarbrécken, Tréier oder Arel gehat. Den 8. Dezember 2018 ass an der Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht den neien Album „Another Flame“ der Ëffentlechkeet presentéiert ginn.

Dir wëllt Iech och vun hirem musikaleschen Talent matrappe loossen? Déi ideal Geleeënheet heizou kritt dir den 10. Januar 2019 am Casino 2000. Um 20:30 Auer ginn d’Dieren op, den Entrée kascht 9 € pro Persoun. Ticketen ginn et HEI, méi zum Event fannt Dir op Facebook.

Foto: © Paul Bintner

Related topics Akustik-Concert, Another Flame, Casino 2000, Go Bye Brooks, Musék, Purple Lounge
Next post Previous post