Goldmedail fir OPYOS

Säit 4 Joer hannereneen, däerf sech OPYOS iwwert d’Goldmedail bei den ,World Gin Awards’ zu London freeën!

Direkt am Ufank vum Joer 2022 konnt sech d’Equipp vun OPYOS iwwert d’Goldmedail fir hieren OPYOS LUXEMBOURG SLOE GIN an OPYOS NAVY STRENGTH GIN, esou wéi iwwert eng Sëlwermedail fir den OPYOS LUXEMBOURG DRY GIN bäi de ‘World Gin Awards’ freeën.

Am  vergaangene Joer waren et direkt dräi Goldmedailen fir déi dräi Produiten. Domat ass OPYOS deen éischte Lëtzebuerger Produzent, deen international Auszeechnungen an all dëse GinKategorië gewonnen huet.

Och wann OPYOS sech säit enger Rei vu Joren am Lëtzebuerger Ländchen, een Numm am Beräich vum Gin gemaach huet, zeechent sech dëse jonke Produzent net just duerch dës Produktkategorie aus.

Markéiert gouf dëst am Joer 2020, wou OPYOS den éischte lëtzebuergesche Pastis op de Marché bruecht huet, an domat seng Diversifizéierung am Beräich vun der Gamme vun Aperitifen ugefaangen huet. Den OPYOS PASTIS DE LUXEMBOURG huet dunn am Joer 2021 och direkt eng Goldmedail bei den ‘World Liqueur Awards’ gewonnen. D’Jury huet dëse Produit folgendermoosse beschriwwen: „Very fragrant, notes of wood and vanilla, anise coming through very elegantly. Not too sweet and overall, easy to sip on”.

„Déi international Unerkennung vun eise Produiten, an deenen extrem vill Aarbecht an Häerzblutt drastécht, mécht eis natierlech extrem frou. Dee positive Feedback vun eise Clienten a Partner heiheem, esou wei och sou Auszeechnungen, weisen eis, datt mir um richtege Wee sinn”, seet de Fränk.

Nëmmen ee Joer no der Firmegrënnung, konnt d’Equipe vun Opyos Beverages sech schonn iwwert national Auszeechnunge freeën, ënnert anerem déi zum beschte lëtzebuergesche Gin. Nodeems déi dräi jonk Entrepreneuren an der nationaler Fachwelt ëmmer méi un Unerkennung gewonnen hunn, wollte si hier Produiten awer och mat der internationaler Konkurrenz moossen. Prompt huet hiren OPYOS LUXEMBOURG DRY GIN op de ‘World Gin Awards’ am Januar 2019, gefollegt vum Joer 2020, 2021 esou wéi 2022 gewonnen.

„Wann ee weess, datt mir mëttlerweil awer iwwert eng Dosende Gin-Produzente mat engen 20 verschiddenen Zorten um nationale Marché hunn, kann een duerchaus houfreg sinn, dee Beschten ze sinn”, mengt de Jim.

Besonnesch houfereg ass d’Equipp vun Opyos iwwert hier international Priméierung vum OPYOS LUXEMBOURG SLOE GIN. Mat 87 vun 100 méigleche Punkten, huet dëse Produit am Joer 2019 bei der ‘Hong Kong International Wine & Spirit Competition’, esou wéi bei der ‘International Wine & Spirit Competition’ Auszeechnungen op internationalem Plang ofgeraumt. Gold Medaile goufen et dunn 2020, 2021 an elo rezent 2022 bei de ‘World Gin Awards’ zu London. Vun der Jur beschriwwen als: ,,A fine liqueur with a wonderful thick an d’ viscous texture. A good combination of juniper and sloe flavours”

Mee wat ass iwwerhaapt Sloe Gin?

« ‘Sloe’ kënnt aus dem engleschen, an heescht iwwersat eng ‘Schléiw’ « , erkläert de Michel. « Dovu fënnt een a Lëtzebuerg méi wei genuch. Am Hierscht ginn d’Schléiwen nom éischte Frascht op der Hand gepléckt an dono ginn déi Friichten an enger Basis vun eisem Opyos Luxembourg Dry Gin esou wéi biologeschem Rouerzocker wärend e puer Méint mazeréiert. Des Mazeratiounsphas erlaabt et dem Alkohol, all déi natierlech Goûten aus dëser klenger rouder Fruucht opzehuelen ».

Wee Loscht op méi huet, fënnt op https://opyosbeverages.lu/ weider Informatiounen.

*matgedeelt vun OPYOS Beverages

Dernières nouvelles