Search

You may also like

Weltdag vun der Menstruatiounshygiène – iergendwéi nach ëmmer en Tabu
Fail International Neiegkeeten

Weltdag vun der Menstruatiounshygiène – iergendwéi nach ëmmer en Tabu

All Mount kréie mir Fraen ee Mol, an dat wärend

Souverän ënnerwee: Vëlo fuere léieren am Erwuessenenalter
Fail International Neiegkeeten

Souverän ënnerwee: Vëlo fuere léieren am Erwuessenenalter

Dir kënnt (nach) kee Vëlo fueren, wéilt et awer gäre

Eng Marionett fir déi Vereent Arabesch Emirater
Fail International Neiegkeeten

Eng Marionett fir déi Vereent Arabesch Emirater

Dee vun der Besatzungsmuecht als President vun Afghanistan agesaten Ashraf

dislike

De fréieren EU-Kommissiounspresident Barroso steet ënner Lobbyismus-Verdacht

De fréieren EU-Kommissiounspresident Barroso steet ënner Lobbyismus-Verdacht

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker gesäit kee Konflikt bei enger Entrevue mat sengem Virgänger José Manuel Barroso. Ee vu senge Vizepresidenten hat sech mam haitegen Employé vu Goldman Sachs getraff.

Den Tête-à-Tête de 25. Dezember 2017 an engem Bréisseler Hotel wier am Aklang mat de Reegele, well en ëffentlech gewiescht wier. Esou gesäit et de Jean-Claude Juncker am Kader vun enger Pressekonferenz zu engem anere Sujet. En huet nach en „Et ass näischt“ an de Raum geworf.

Dat war dann och d‘Äntwert op d‘Beschëllegunge vun enger ONG-Koalitioun, Alter-EU. Laut där hätt de fréieren EU-Kommissiounspresident mat dëser Entrevue säi Versprieche gebrach, kee Lobbyismus fir Goldman Sachs an der EU ze maachen.

E Mann, eng Polemik

Wéi Goldman Sachs 2016 de José Manuel Barroso agestallt huet, hat dësen seng politesch Carrière als EU-Kommissiounspresident (2004-2014) ofgeschloss. Et war de Barroso, deen dofir gesuergt hat, datt de Mario Draghi (Vicepresident Europe Goldman Sachs 2002-2006) Chef vun der EZB konnt ginn.

Dat hat sengerzäit eng gréisse Polemik ausgeléist an d‘Vertrauen an d‘EU och zolidd beschiedegt. Mee an deene Kreesser geet et duer e Bréif ze schreiwen. Dat huet de José Manuel Barroso dann och gemaach. En huet sengem Nofolger verséchert, datt hien „net engagéiert gi wier fir Lobbyismus ze maachen an hien dat och net vir hätt“.

Mee de „Conseiller“ a „non-executive President“ vum Verwaltungsrot huet eng Vergaangenheet. Ausser dem Draghi huet de Barroso och nach aner „Seelschaften“ ausgespillt. Esou huet hien de Dusan Sidjanski als „Conseiller Spécial“ fir d‘EU-Kommissioun ernimmt, deen op der Gehalt-Lëscht vum Grupp Latsis (Spiros Latsis) gestanen huet.

Hie war och ee vun den deierste Kommissiounspresidenten: 2009 huet hien net manner wéi 730.230 Euro fir „representativ Zwecker a Missiounen“ ausginn. Am selwechte Joer hunn d‘Ausgabe vun de 26 anere Membere vun der Kommissiounen tëscht 5.000 an 16.000 Euro geleeën.

Déi europäesch Ethikkommissioun

Wéinst dem Wiessel zu Goldman Sachs, war d‘Ethikkommissioun vun der EU-Kommissioun saiséiert ginn. Déi hat dann och – well et sech an der Ëffentlechkeet gutt gemaach huet an et och esou erwaart ginn ass – ganz fierchterlech iwwert dem José Manuel Barroso säi Choix opgereegt. Ass dann awer zum Schluss komm, datt hien net géint déi bestoend Reegele verstouss huet.

„D‘Engagement vum Här Barroso kee Lobbyismus fir de Kont vu Goldman Sachs ze maachen, entsprécht der Verflichtung zu Integritéit an Diskretioun, wéi et vum Traité imposéiert ass“, esou de schrëftleche Fazit vun der Ethikkommissioun.

„Mir hunn sengerzäit ni gesot, datt de José Manuel Barroso kenge Kommissären dierft begéinen“, ënnersträicht de Jean-Claude Juncker um Mëttwoch. Hie stellt kloer, datt de Concernéierten op d‘Lëscht vun de Lobbyisten agedroe ginn ass.

Eng gewoten Ausso, well: Goldman Sachs ass am Register vun der Transparenz vun der EU-Kommissioun agedroen, mee de Numm vum José Manuel Barroso steet néierewou. Dat hunn d’Kollege vun der AFP eegens festgestallt. Zudeem verweigert d‘Kommissioun den heiduerch provozéierte Froen eng Äntwert. Eng Persoun déi versprach huet kee Lobbyismus ze bedreiwen, awer op der Lëscht vun de Lobbyisten agedroen ass, verkënnt zum Widdersproch u sech.

Just e Gespréich, näischt Besonnesches

De Vizepresident vun der EU-Kommissioun, deem den Goldman Sachs Conseiller begéint ass, ass keen anere wéi de Finn Jyrki Katainen. An deen hat näischt Besseres ze dinn, wéi Alter-EU an engem Bréif ze erklären, datt et beim Tête-à-Tête, ouni datt eppes notéiert gi wier, just ëm Froen zu Verdeedegung a Wirtschaft gaangen ass.

Uschléissend huet de Jyrki Katainen géintiwwer de Medien ofgestridden, datt dëse Rendez-vous Lobbyismus säitens dem Vertrieder vu Goldman Sachs soll gewiescht sinn. Et wier eenzeg eng „frëndschaftlech Renconter“ gewiescht.

Elo wéilt een dat esou gäre gleewen, mee de Jyrki Katainen këmmert sech bei der Kommissioun ëm Investissementer a Kompetitivitéit. Hien ass dann och ee vun deene Politiker, déi en Deel vum liberaalste Fligel vun der Kommissioun duerstellen. Net ze vergiessen, datt hien 2014 Kommissär ënnert dem Barroso war.

Goldman Sachs huet sech dann och genéidegt gefillt Stellung ze ergräifen. An engem Communiqué vum Dënschdeg, stellen si fest: „datt d‘Entrevue op privater Basis organiséiert ginn ass, an datt den Här Barroso refuséiert hätt, d‘Entreprise am Kader vun all Interaktioun mat Fonctionnaire oder offiziell Vertrieder vun der EU ze vertrieden“.

mat AFP

Foto: © Peter Muhly/AFP (Archivmaterial 2014)

Update 11:10: Generell Korrekturen

Related topics Goldman Sachs, Jean-Claude Juncker, José Manuel Barroso, Jyrki Katainen, Lobbyismus
Next post Previous post