Search

You may also like

Police: „Pabeiere wann ech gelift!“
International Neiegkeeten Stories

Police: „Pabeiere wann ech gelift!“

Am Kader vun de Campagnen zur Sécherheet op eise Stroossen,

Cargolux: No intensive Verhandlunge kommen nei Kollektivverträg
International Neiegkeeten Stories

Cargolux: No intensive Verhandlunge kommen nei Kollektivverträg

No méi wéi engem Joer un intensive Verhandlungen huet de

Houston verbitt d‘Ouverture vun engem „Roboter-Bordell“
International Neiegkeeten Stories

Houston verbitt d‘Ouverture vun engem „Roboter-Bordell“

D‘Amerikaner bedreiwen déi gréisste „Sex-Industrie“ op der Welt, a ginn

GoldmanSachs-Politik fir eng humanitär Katastroph

G20-Afghanistan Sommet bréngt iwwer eng Milliard Euroen zesummen

GoldmanSachs-Politik fir eng humanitär Katastroph

Datt an Afghanistan eng humanitär Kris dreet, ass eng Duerstellung wéi se nëmme vun de G20 ka virgeluecht ginn. Déi humanitär Kris stellt nämlech och ënner Beweis, datt an 20 Joer Besatzung, näischt ënnerholl ginn ass, fir den Afghanen zu Liewensmëttelautonomie ze verhëllefen. Elo wou d‘Taliban d‘Land nees iwwerholl hunn, brauch et massiv humanitär Hëllef

Zu dësem Zweck hu sech gëschter d‘G20 en ausseruerdentlechen a virtuellen Afghanistan Sommet vergënnt. Et gouf sech wärend dräi Stonnen iwwer Ëmfang an Inhalt vun den Hëllefe concertéiert, a wann een dem GoldmanSachs-Manager Mario Draghi, deen am Niewenjob Ministerpresident vun Italien ass, hei gleewen dierf, dann hunn all d‘G20 Vertrieder „Hëllefsbereetschaft“ demonstréiert.

Am Wuertlaut: „Et huet eng grondsätzlech Iwwerteneestëmmung mat Bléck op d‘Noutwennegkeet, dës humanitär Katastroph unzegoen“. Iwwersat: Wa mir net Zäitno dofir Suerg droen, datt d‘Leit mat Liewensmëttel a Medikamenter versuergt sinn, da wäerten si versichen anerwäerts Hëllef ze fannen. Beim G20 ass et an der Finalitéit just drëms gaangen, eng Flüchtlingswell auszeschléissen.

Eeneg waren sech d‘G20 dann och doriwwer, datt d‘Hëllef vun de Vereenten Natiounen (UNO) soll geréiert/koordinéiert ginn. D‘UN misst zudeem Zougank zu Afghanistan erhalen, fir déi dréngend benéidegt humanitär Hëllef an d‘Land bréngen ze kënnen. Dat ass zumindest eng Kär-Fuerderung vun eisen däitschen Noperen, déi annoncéiert hunn, 600 Milliounen Euro a den Hëllefspak ze dinn.

Zu Bréissel (wou ee ganz offensichtlech Haiti vollkomme vergiess huet) hunn d‘Technokraten och an d‘Porto-Keess gegraff. Hei wëll een eng Milliard Euro fir den afghaneschen Hëllefspak bereet stellen. 25% sollen direkt an déi ëffentlech Gesondheetssécherheet fléissen. Geld soll et och fir den Taliban hir Nopere ginn, wou sech geschätzt eng 2 Milliounen afghanesch Flüchtlingen ophalen.

Mat vill „Mee & Awer“

Well ee sech och mat humanitärer Hëllef fir Afghanistan, zumindest innepolitesch net bei senge Leit beléift mécht, brauch et ee Minimum un Aussoen, mat deenen de Mënschen erkläert gëtt, datt déi vill Sue fir d‘Bevëlkerung bestëmmt sinn, an „humanitär Hëllef“ och net sollt als „Unerkennung“ vun der Taliban-Regierung verstane ginn. Dat well d‘Regierung vun de Bäertegen net inklusiv ass.

Beim Sommet gouf sech nach emol iwwert d‘Opnam vu weideren Afghanen an Europa beroden, woubäi Berlin hei kloer ze verstoe ginn huet, datt domadder nëmme Mënsche gemengt sinn, déi onmëttelbar bedreet oder a Gefor sinn. Natierlech sollen d‘Länner hir Staatsbierger aus dem Land eraushuelen dierfen. Ob dat alles esou och am Sënn vun de Mullahen ass? Dat muss sech erginn.

Fir de Virsëtzende vum G20, Mario Draghi, war et nom Sommet nach en Häerzensuleies der Welt ze bestätegen, datt sech d‘Participante vum virtuelle Meeting och iwwer Terrorismus ënnerhalen hunn. Et wier ee sech eens, datt een net méi wëll zouloossen, datt Afghanistan nees zum Atelier fir den internationalen Terror gëtt. Dat war sengerzäit jo emol den offizielle Grond fir d‘Invasioun.

Weider heescht et, datt d‘G20-Staaten, sech kënfteg besser ofschwätze wéilten, fir méi koordinéiert an effizient géint den ideologesche Feind virzegoen. No zwou Dezenien vum schänterleche Versoe kann ee sech sécher sinn: wann d‘G20 eppes net kann, ass et Koordinatioun. Mee esou ass Politik, et muss ee virgi Mënsche schützen ze wëllen, fir datt hannendrun de Militärkomplex Profit mécht.

Si hunn dierfen nolauschteren

Well bei de G20 d‘Transparenz grouss geschriwwe gëtt, waren och dës Kéier nees Frënn an Anerer ageluede ginn, dem virtuelle Sommet bäizewunnen. Nieft de Vertrieder vun de Vereenten Natiounen an der Weltbank, hunn esou och Observateuren aus China a Russland, déi Concertatioune souzesoe Live materlieft. Vun hinnen huet och eng Rei Stellungname ginn, mee wien interesséiert sech dofir?

Méi interessant ass jo hei souwisou emol de Constat, datt de G20-Member Saudiarabien – ee Staat deem längt nogewise konnt ginn, ee vun de Financiere vum Terror ze sinn, wat als Äerzfeind vun der Islamescher Republik Iran awer iergendwéi nees zoulässeg erschéngt – d‘Taliban ideologesch, politesch a finanziell stäipt. Mee wéi vill Afloss ka Riad op Kabul ausüben? Och dat weess keen…

Zudeem war et den Taliban, déi jo vun allem wat hei beschwat gouf direkt concernéiert ass, a wuel och sollt Zoustëmmung weisen, wann sech dat mat der humanitärer Hëllef soll opgoen, net erlaabt hei beim Sommet nozelauschteren. Datt een den Taliban awer weder en Uerder ka ginn, nach et en Notzen huet si ze zëssen, sollt den helle Käpp ënnert de G20-Staaten scho bekannt sinn, oder?

D‘Taliban hu jo Ulässlech der UN-Generalversammlung ugeklappt, fir hiren Ambassadeur bei de Vereenten Natiounen ze etabléieren. Do schéngt een allerdéngs nach net virukomm ze sinn. Wann d‘Taliban awer net zu New York mat um Dësch dierfe sëtzen, firwat sollten si der UN an d‘Land loossen? Déi droleg „Treffen“ am Katar, getarnt als informell Gespréicher, sinn och ee Witz…

mat indymedia/rom/was/nyc

Foto: © White House

Annex: G20 Extraordinary Leaders’ Meeting on Afghanistan (12 October 2021): Chair’s Summary

Related topics Afghanen, Afghanistan-Sommet, Europäesch Unioun, G20, GoldmanSachs, humanitär Hëllef, Mario Draghi, Milliarden, Saudiarabien, Taliban, Vereenten Natiounen
Next post Previous post