Search

You may also like

Wien: Vun Erkenntnisser a Onkloerheeten
International Neiegkeeten

Wien: Vun Erkenntnisser a Onkloerheeten

Nom Attentat vum Méindegowend an der éisträichescher Haaptstad – wou

InBev: Et muss een net mat allem averstane sinn (e Kommentar)
International Neiegkeeten

InBev: Et muss een net mat allem averstane sinn (e Kommentar)

Et gëtt villes wat d‘Welt net brauch, an dozou gehéiert

Belsch: Virsiichteg Lackerungen
International Neiegkeeten

Belsch: Virsiichteg Lackerungen

Och eis belsch Nopere kréien ab muer Méindeg nees eppes

Gondel-Accident: Jorelaang gouf d‘Sécherheet manipuléiert

Gondel-Accident: Jorelaang gouf d‘Sécherheet manipuléiert

No engem Bericht vun de Kolleege vu Panorama (ZDF), ginn erhieflech Virwërf un d‘Dagesliicht befërdert an den Doud vu 14 Mënsche kann esou net méi als Accident bezeechent ginn. Esouguer dat gären invoquéiert „mënschlecht Versoen“ kann unhand dësem Bericht net méi guttgehale ginn. Hei schéngt et bewosst kriminell Grondlagen ze hunn.

D‘Journaliste vum investigative Magazin hunn sech hei op Opnamen aus de Joren 2014, 2016 an 2018 beruff. Déi huet ee Schwäizer Amateurcineast Michael Meier – dee selwer an dësem Secteur säi Brout verdéngt huet – aus techneschem Interessi gemaach. Nom Accident op Päischtsonndeg, huet hien sech säi Material nach emol ugekuckt, an sech vun der Manipulatioun esou iwwerzeegt.

Op dësem Video ass déi ënnerstallt Faangbrems am Januer 2014 an am Juni 2018 ze gesinn. Den 23. Mee si bei engem „Accident“ 14 Mënsche gestuerwen. © Stahlseil / Michael Meier

Säi Bildmaterial gouf du vun de Journalisten dem Schwäizer Seelbunn-Fachmann Prof. Gabor Oplatka, deen op der Zürecher ETH de Beräich Seelbunntechnik ënnert sech huet. Hie confirméiert datt unhand dem Bildmaterial ganz kloer d‘Manipulatioun ze erkennen ass. Esou goufen hei sougenannt „Forchette“ agesat, mat där d‘Fangbrems „ëmgaange“ gëtt, also net ausléise kann.

Nom „Accident“ waren de Bedreiwer a zwee senger Mataarbechter verhaft ginn, dunn nees op fräi Fouss gesat ginn, woubäi géint de Chef en Hausarrest ausgeschwat gouf. Dee huet och agestanen, wat d‘Ermëttlungen erginn hunn, datt mat dëse „Forchette“ d‘Noutbrems blockéiert gouf. Déi hätten zanter dem 26. Abrëll Problemer gemaach, firwat d‘Moossnam sech opgedrängt hätt…

mat indymedia/zrh/tur/mil

Illustratioun: © Fang-Wei Lin / unsplash

Related topics Accident, Italien, Manipulatioun, Monte Mottarone, Piemont, Seelbunn, Stresa, Tragedie
Next post Previous post